LG_240-241_
Les prévisions économiques du Statec pour 2021
Les prévisions économiques du Statec pour 2021
You also want an ePaper? Increase the reach of your titles
YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.
82 LG
NOVEMBRE/DÉCEMBRE 2020
En Engagement
hei an dohannen
Am Summer 2020 huet de Conseil d’administration vum
Cercle de la Coopération sech nei opgestallt an e puer nei
Memberen begréisse kënnen. De Ben Toussaint ass een
dovuner. Hien ass säit dësem Summer Directeur des Activités
vun der ONG OGBL Solidarité syndicale a.s.b.l.
Ben Toussaint au Cabo Verde
sinn deen eenzege bezueltenen Employé am
Büro zu Lëtzebuerg. Deementspriechend
sinn ech bei der ONG sou bësse fir alles
zoustänneg: Projetsdemanden ausschaffen,
Rapports annuels schreiwen, d’Finanzen
am Bléck behalen, etc. Vun Zäit zu Zäit
ginn ech awer och eis Projeten besiche fir
de Suivi ze maachen; och wann dat, duerch
d‘COVID-Mesurë bedéngt, dëst Joer nach
kaum de Fall war.
“Eis Politik
an eis Handlungen
hei hunn nämlech
duerchaus
e groussen Impakt
op d’Liewen
an den Zillänner
vun eiser
Entwécklungspolitik”
Interessi
Ech hunn direkt nom Ofschloss vu mengem
Psychologiestudium gemierkt, datt ech am
Fong net als Psycholog wëll schaffen. Ech hat
d’Gefill, datt deen ze oft dann usätzt, wann de
Probleem scho besteet, an ze selten do, wou
een de Probleem eventuell verhënnere kéint.
Dat ass sëcherlech e bësse simplistesch, mee
sou hunn ech dat dee Moment empfonnt.
Mat deem Hannergedanken hunn ech
dunn e Masterstudium a Mënscherechter
absolvéiert, a sinn duerno iwwer Stagë bei
der ONGD ASTM a beim Cercle du bei
Caritas Lëtzebuerg gelant.
Meng Aarbecht
Déi gläicht där vu villen anere Leit zu
Lëtzebuerg. Ech verbrénge vill Zäit viru
mengem Laptop an a Meetingen. D‘ONG
OGBL ass eng relativ kleng ONG an ech
Firwat setz du dech an am Conseil d’administration
vum Cercle?
Ech hu scho laang eng Affinitéit fir de
Cercle a seng Aarbecht gehat. No engem
Stage hunn ech dunn och am Kader vun
der lëtzebuergescher EU-Présidence
2015 beim Cercle geschafft. Ech sinn der
Meenung datt mer als lëtzebuergesch
Zivilgesellschaft och do usetze mussen,
wou eis Hiewelwierkung méiglecherweis
am beschten ass, an datt ass eben hei.
Eis Politik an eis Handlungen hei hunn
nämlech duerchaus e groussen Impakt
op d’Liewen an den Zillänner vun eiser
Entwécklungspolitik. Grad de Volet vun
der entwécklungspolitescher Aarbecht
kann een do als Cercle vläicht besser
ofdecken wéi als eenzel ONGD. Dofir ass
et mer wichteg mech och beim Cercle ze
engagéieren.
Du bass an denger Arbecht sécherlech
vill mat Aarmut an Inegalitéit konfrontéiert.
Wéi häls du dech do motivéiert
fir weiderzeschaffen?
Ech sinn net ëmmer optimistesch datt
eis Aarbecht e positiven Impakt huet op
d‘Welt, mee ech fannen et ass absolut
derwäert et ze probéieren a meng Energie
doranner ze investéieren. Dat wäert sech
och net änneren am Fall wou d’Aarmut
an d’Inegalitéiten op der Welt an Zukunft
nach weider sollte ropgoen. n
Méi Informatioun www.cercle.lu an
www.ogbl.lu/solidaritesyndicale