10.10.2019 Views

LG_227

Create successful ePaper yourself

Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.

90 LG

OCTOBRE 2019

SOCIÉTÉ

D‘ONGD-FNEL an d‘Gemeng

Stroossen engagéieren sech

Interview vun der ONGD-FNEL (Fédération Nationale des

Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) mam Här Gaston

Greiveldinger, Buergermeeschter vun der Gemeng Stroossen.

Duerch hiert Engagement ënnerstëtzt d‘Gemeng Stroossen

der ONGD-FNEL hire Projet «Umbrella» am Nepal. Dëst ass

ee vu 14 Educatiounsprojeten déi d‘ONGD-FNEL am Nepal

huet, am Kader vu sengem «accord-cadre 2019/2023» mam

ministère des Affaires Étrangères et Européennes (MAEE).

Aus wéi enger Iwwerleeung eraus

ënnerstëtzt d‘Gemeng Stroossen

Entwécklungsprojeten?

D‘Gemeng huet eng sozial Verantwortung,

déi iwwert déi lokal Dimensioun erausgeet,

an als Virbild gëlle soll. Zanter 2001 huet

d‘Gemeng Stroossen e substanzielle Budget

fir humanitär Aktioune virgesi mat deem

si 4 bis 5 Projeten iwwert eng gewëssen

Zäit ënnerstëtzt. Dëse Budget gëtt

erweidert duerch den Erléis vu verschidde

Gemengemanifestatiounen an Aktivitéite

vu lokalen Associatiounen.

Ënnerstëtzt ginn haaptsächlech strukturéiert

ONGen well:

• et méi liicht ass nozevollzéien, wou déi

ëffentlech Gelder hi ginn,

• d’Aktioune regelméisseg um Terrain

verfollegt ginn,

• der ONG hir Participatioun vum MAEE

multiplizéiert gëtt,

• nohalteg Educatiounsprojeten dozou

bäidroen d’Verantwortung an d’Selbststännegkeet

vun den Zillänner ze fërderen.

Wat huet dozou bäigedroen dass

d‘ONGD-FNEL mat hirem Projet

«Umbrella» dëst Joer zeréckbehale gouf?

• Ausschlaggebend war d’Ausstellung an

der «Belle Etoile» am Abrëll am Kader

vun den 30 Joer ONGD-FNEL. Mat esou

Aktioune gëtt et ëffentlech visibel wéi a wat

an der Vergaangenheet an an der Zukunft

um Terrain geschitt.

• Et ass och net déi éischte Kéier wou

d’ONGD-FNEL vun der Gemeng

Stroossen ënnerstëtzt gëtt; d’Zesummenaarbecht

vun der Gemeng mat hire

Scouten, de «Kiewerlecken» huet eng

laang Traditioun.

“D‘Gemeng

huet eng sozial

Verantwortung,

déi iwwert déi

lokal Dimensioun

erausgeet, an als

Virbild gëlle soll”

De Projet: «Appui à la réintégration et

soutien scolaire des jeunes et au développement

communautaire en zones rurales

avec Umbrella Organisation Nepal»

D‘«Umbrella Organisation Nepal» (UON)

ass beméit déi sozio-ekonomesch Situatioun

vun de benodeelegte Familljen am Distrikt

vu Rasuwa am Nepal ze verbesseren.

Mat spezifesche Formatiounsprogrammen,

mat der Reintegratioun vun ausgeschlosse

Kanner, a mat der Fërderung vun

der Gemeinschaftsentwécklung dréit

d‘Organisatioun dozou bäi den Impakt vu

Kannerhandel a Kanneraarmut am Nepal

ze ënnerbannen.

De Programmdirekter vun «Umbrella»

zesumme mat enger jonker Beneficiärin

komme vum 4. bis de 17. November 2019

op Lëtzebuerg fir iwwer dës Problematik ze

informéieren a sech mat jonke Lëtzebuerger

auszetauschen. An deem Kontext wäerte

se och zu Stroossen an d‘Primärschoul

goe fir mat de Schoulkanner doriwwer ze

diskutéieren. n

Fir méi Informatiounen iwwert

d‘ONGD-FNEL an hir Projeten:

www.ongd-fnel.lu

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!