NOUVEAU SHOWROOM home & style 1200 m 2 D’EXPOSITION CARRELAGE SALLE DE BAINS ALENTOURS FINITION D’INTÉRIEUR AVEC BATI C N’IMITEZ PAS, INNOVEZ BATI C Bertrange 30, rue de l’Industrie L-8069 Bertrange Tél. 40 21 22-1 HORAIRES D’OUVERTURE lundi - vendredi de 7h à 18h samedi de 8h à 17h www.bati-c.com
EDITO Lëtzebuergesch – Virum Austierwen bedroht? Et ass nach net laang hier, do huet d’Petitioun 628 grouss Wellen uechtert d’Land geschloen. Lëtzebuergesch sollt déi éischt administrative Sprooch ginn an domat d’Franséisch an d´Däitsch IPIL 68 op déi zweet Plaatz verfrachten. Mat enger Rekordunzuel vunn bal 15.000 Ënnerschrëften, huet dës Petitioun et däitlech gemaach, wat fir e Stellewert d’Lëtzebuerger Sprooch an der LETZEBUERGER GEMENGEN Publication éditée par Euro-Editions S.A. www.gemengen.lu öffentlecher Debatte huet. D’Haaptuléeën vunn dëser Petitioun war et d’Lëtzebuerger Sprooch virum “Ausstierwen” ze retten. D’Fro déi sech niewent all den prakteschen Considératiounen vun der Ëmsetzung vun der Petitioun stellt, ass op et wierklech esou schlecht ëm eis Sprooch bestallt ass? Société éditrice Euro-Editions S.A. 24, rue Michel Rodange • L-4660 Differdange Régie publicitaire Julien Malherbe marketing@euroeditions.lu • Tél. 58 45 46 30 Administration Lucia Ori Tél. 58 45 46-29 • Fax 58 49 19 admin@euroeditions.lu Conception et réalisation graphique Sophie Glibert sophie@euroeditions.lu • Tél. 58 45 46-25 Rédaction Julien Brun julien@euroeditions.lu • Tél. 58 45 46 26 Martina Cappuccio livinggreen@euroeditions.lu • Tél. 58 45 46 26 Photographie Marie De Decker, Rodolphe Lebois, Julien Duckers, Vincent Remy, Eric Devillet, Fanny Krackenberger Et ass schonn e Fakt, dass Lëtzebuergesch am Atlas vun der UNESCO iwwert Sproochen a Gefor als “vulnérabel” opgelëscht ass, mee muss een awer do ervirhiewen, dass dës Kategorie sech um ieweschten Enn vum Spektrum befënnt an nach vun de Kategorien “a Gefoer”, “seriö aGefoer”, “a kritescher Situatioun” an “ausgestuerwen” suivéiert gët. Eng “Vulnerabel” Sprooch get doriwwer eraus vun der UNESCO definéiert als eng Sprooch déi d ‘Majoritéit vun de Kanner schwätzt mee wou sech dat op e bestëmmte Domaine beschränkt (wéi bspw. Doheem). E gudden Ausgangspunkt fir eng Sprooch ze erhalen ass et jo mol, wann déi eruwuessend Generatiounen d’Sprooch beherrschen a schwätzen. Doriwwer eraus ass dem Fernand Fehlen, Soziolinguist op der Uni Lëtzebuerg, no Lëtzebuergesch esou gefrot ewéi nie, wat haaptsächlech op déi nei Medien zeréckzeféieren ass. Säit dem opkommen vun Handy’en an dem Internet mat sengen sozialen Netzwierker huet d’geschriwwe Lëtzebuergesch en regelrechten “Boom” verzeechent. Op eemol ass et “cool” ginn Reklameplakater mat Lëtzebuerger Sprooch ze drécken an hippen Caféen Lëtzebuergesch Nimm ze ginn. Och wann déi aktuell Entwécklung vunn der Lëtzebuerger Sprooch éischter als positive ze bewäerten ass, huet d’Petitioun 628, et awer däitlech gemaach, dass eng konkret Angscht besteet, dass Lëtzebuergesch a Gefor ass. Fir dëser Angscht Rechnung ze droen, ass den 9. März d’Strategie vun der Regierung zum erhalen vunn der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt ginn, déi haaptsächlech d’Promotioun vun der Lëtzbuerger Sprooch duerch eng Rei vu konkreten Mesuren virgesäit (an deem Sënn wäert <strong>LG</strong> och ab elo an all Ausgab en Lëtzebuerger Artikel presentéieren), mee Lëtzebuergesch awer net als Amtsprooch aféiere wëll. Impression Imprimerie Centrale Zwar huet d’Petitioun 628 hiert d’Ziel Lëtzebuerg als Amtssproch anzeféieren net erreecht, mee huet awer dofir eng wichteg Debatte iwwert d’Sprooch op politeschem Niveau lancéiert. Ewichtege Punkt deen sech an dëser Debatte erauskristalliséiert huet an deen sech och an der Stratégie vunn der Regierung widergespigelt, ass dass et net nëmmen wichteg ass fir ©Euro-Editions Tous droits de reproduction réservés pour tous pays. Tous manuscrits, photos et documents envoyés à la rédaction ne peuvent être exploités qu’avec l’accord de leurs auteurs. Publiés ou non, ils ne seront pas restitués. Les reportages signés n’engagent que leurs auteurs. Les prix figurant dans cette revue sont indicatifs et peuvent être sujets à des variations dont l’éditeur ne pourrait nullement être tenu pour responsable. d’Lëtzebuergesch mee virun allem och d’Villsproochegkeet vum Land ze schützen an ze promouvéiern. Et ass virun allem dës Villsproochegkeet déi Lëtzebuerg esou eenzegaarteg mëscht an déi et dofir ze schützen gëllt. Christiane Zeimet