PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
Kolleginnen a Kollegen,

D’Aart a Weis ewéi mir dës Rentereform gestallten, ass e ganz wesentlechen

Aspekt, wéi mir eis Zukunft an dësem Land gestallten.

Kolleginnen a Kollegen,

D’Fro ob mir de Chômage an domadder och de Jugendchômage kënnen an de

Grëff kréien.

Och dës Fro, wärt decisif sinn fir d’Zesummeliewen an dësem Land.

Kolleginnen a Kollegen,

Chômage a Renten, dës zwee Elementer si wichteg Bestanddeeler

wat déi sozial Kohösioun hei am Land ugeet.

Eng weider Konditioun fir d’Erhale vun der sozialer Kohäsioun ass

den Equiliber vum Staatsbudget an déi national Verschëldung,

Wat kann dëst Land sech an Zukunft nach leeschten?

Wéi séchere mir eise soziale Modell of?

Wéi kënne mir d’Zukunft vun deene kommend Generatioune preparéieren?

Dofir fuerdert de LCGB eng Tripartite iwwert d’Staatsfinanzen! Mir

brauchen eng gemeinsam Strategie, fir dës Laascht ze stëmmen!

Dës Laascht muss gerecht an solidaresch verdeelt ginn zwësche

Privatsektor a Secteur Public, tëscht Salarié an Employeur an och

tëscht de Generatiounen.

Ouni esou eng Approche ass d’sozial Gerechtegkeet an d’Solidaritéit

an domadder och sozial Cohesioun an dësem Land a Fro gestallt!

Kolleginnen a Kollegen,

Mir hunn nach schrecklech vill Aarbecht virun eis. Fir eis steet de Mënsch am

Mëttelpunkt. Dat heescht, dass mir als LCGB och net wäerte midd ginn op di

Ongerechtegkeeten de Fanger ze leeën, déi mir an eise Land hunn.

Reforme musse gemaach ginn, fir d’Leit hei am Land, fir méi sozial

Gerechtegkeet a Solidaritéit. Ugefang mat dëser Rentereform.

Mam Chômage dee muss zeréckgefouert ginn, matt der

Virbereedung vun eiser Jugend op den Aarbechtsmaart an dem

Equiliber vun eise Staatsfinanzen.

Mir fuerdere méi sozial Gerechtegkeet fir de Privatsektor hei am

Land. Et ass de Privatsektor an seng Salariéen déi de Räichtum

erschafen. Dat duerf net vergiess ginn.

Dofir ass fir de LCGB de Mënsch am Mëttelpunkt vu senger

Aarbecht.

Kolleginnen a Kollegen,

Et ass an deene leschte Woche vill geschwat a geschriwwe ginn iwwert dës

Manifestatioun. Dir sidd haut den Owend komm, fir ären Iwwerzeegungen

anzetrieden a fir ärem Protest Ausdrock ze ginn.

Kolleginnen a Kollegen,

Mat ärer Präsenz hutt Dir haut déi richteg Äntwert ginn.

Villmools Merci fir Är Opmierksamkeet.

De Video zur Manifestatioun vum 16. Oktober 2012 kënnt Dir Iech am

Internet ënnert dëser Adress ukucken :

http://www.youtube.com/user/lcgblux

13

ACTUALITÉ / AKTUALITÄT