PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
Mir hunn an eisen Iwwerleeungen d’Gesamtheet vun de Leit virun Aen, an dofir

kënne mir der aktueller Reform net zoustëmmen.

Mir fuerderen dofir d’Regierung op, dofir ze suergen, datt endlech

en Pensiounssystem agefouert gëtt, deen all Assurée hei am Land déi

selwecht Rechter an Flichten awer och déi selwecht Méiglechkeeten

gëtt.

Dat heescht en eenheetlechen Plafong cotisable.

Dat heescht, datt alleguerten d’Assuréen hei am Land kennen an

de Genoss vun enger Pension complémentaire bei hirem Patron

kommen.

Mir fuerderen eis Regierung op dofir ze suergen, dass Salariéen, déi

an Betriber mat schwieregen Aarbechtskonditioune schaffen, ech

mengen hei ganz kloer als Beispill de Bau an d’Industrie, awer och

d‘Santé, en Urecht op eng Fréipensioun oder Preretraite hunn. Et

ass carrément de Geck matt dëse Salariéen gemaach, wann ee just dës Leit wëll

zwéngen méi laang am Aarbechtsprozess ze bleiwen.

Mir verlaangen donieft vun eiser Regierung eng attraktiv Reform vun

eiser Preretraite progressive déi et de Salariéen erlaben kann, sech éischter

matt engem progressiven temps partiel aus dem Aarbechtsliewen auszeklenken,

awer dofir insgesamt méi laang aktiv ze bleiwen.

Mir verlaange fir déi pensiouneiert Generatiounen, déi, wat de Privatsektor

ugeet laang a schwéier ënnert deene leschte Krise gelidden hunn, en

Bäibehalen vun dem Ajustement vun de Pensiounen esou laang wéi

mir d’Cotisatioune stabel kënnen halen.

Mir verlaangen fir déi jonk Generatioun d’Unerkennung vun den

Studiejoeren net nëmmen als assimiléiert Joren, mä carrément

als cotiséiert Versécherungsjoere, dëst vir ze verhënneren datt

d’Ufuerderungen un méi héich Studie soss automatesch zu enger net

akzeptabeler Erhéijung vum Rentenantrëttsalter féiert.

Mir fuerderen eis Regierung op d’Reform vum Reclassement

professionell esou ze iwwerschaffen, datt d’Invaliderenten gräifen

an déi Leit déi no enger Krankheet nach enger sënnvoller Tätegkeet

nogoe kënnen, dat dann och ënner dezente Konditioune kënne man.

Kolleginnen a Kollegen,

Alleng eis Iwwerleeungen zum Plafong cotisable géifen mëttelfristeg méi

Cotisatiounen an eise Pensiounssystem erabréngen an dofir dann och

mëttelfristeg dësen Pensiounssystem ofsécheren.

Eis Fuerderung zu enger besserer Preretraite progressive wou d’Salariéen

dann insgesamt méi laang am Aarbechtsprozess géife bleiwen, féiert zu enger

nohalteger Verbesserung vun der finanzieller Situatioun vun eiser Pensiounskees

an och sécherlech fir eng ganz Partie vu Leit zu engem, fräiwëllegen, spéideren

Antrëtt an d’Rente.

Dir gesitt also, datt eis Fuerderungen net aus der Loft gegraff sinn, datt dëst keng

Illusioune sinn, mä ganz konkret a gezielte Propositiounen a Revendicatiounen

déi eisen Rentesystem fir d’Salariéen net verschlechteren.

11

ACTUALITÉ / AKTUALITÄT