PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
PDF herunterladen - LCGB
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
ACTUALITÉ / AKTUALITÄT

10

Rentereform

Manifestatioun vum LCGB

zu Nidderanwen

(16. Oktober 2012)

Kolleginnen a Kollegen,

Ech soen Iech Merci, dat Dir den Owend hei op Nidderanven komm sidd.

En Owend, deen am Zeeche vum Protest steet, am Zeeche vun enger

Manifestatioun géint eng Pensiounsreform, déi u sech an der Zilsetzung

feelerhaft ass.

Reforme mussen dofir suergen, dat eis Sozialsystemer besser ofgeséchert

sinn, datt dës Systemer weiderentwéckelt an am Déngscht vun de Salariéë

weiderbruecht ginn.

Dëst ass bei der aktueller Reform vun eiser Pensiounsversécherung net de Fall.

Mir hunn am LCGB eis net nëmmen zënter der Annonce vun dëser Reform mat

eisem Pensiounssystem beschäftegt.

Fir de LCGB sinn d’Pensiounen e Häerzstéck vun eiser sozialer Ofsécherung

an dofir hu mir schonn zënter laangem eis Iwwerleeungen zu dësem Sujet

definéiert.

Fir dem Besoin vun den beschäftegten Salariéen, de Rentner a net fir se ze

vergiessen, den zukünftege Generatioune gerecht ze ginn.

De LCGB kann seng Zoustëmmung zu dëser Rentereform net

ginn, well bei dëser Reform e puer Grondprinzipie vu sozialer

Gerechtegkeet a Solidaritéit, absolut net respektéiert gi sinn.

Nu si fir eis awer grad an dësem Dossier, dës Prinzipie vu sozialer

Gerechtegkeet a Solidaritéit just d’Schlesselelementer, déi den

Generatiounenkontrakt vun eisem Rentewiesen mussen zesummenhalen.

De LCGB ass awer elo net dergéint fir dergéint ze sinn, mir maachen

keng Politik andeems mir eis géint eppes definéieren, mä andeems mir fir

eis Iwwerzeegungen antrieden, dës Iwwerleeungen a Revendicatiounen

argumentéieren a vertrieden, am Dialog an am Sträitgespréich a wann et da

muss sinn, och matt Manifestatiounen, wéi dëser, haut den Owend hei zu

Nidderanven.

– Mir trieden haut den Owend fir eis Iwwerzeegungen an,

– mir fuerderen d’Regierung op, nozebesseren an eng Reform op den Dësch ze

leeën déi méi sozial gerecht,

– a solidaresch ass, an déi och den Entwécklungen um Aarbechtsmaart, der

Formatioun vun eise jonke Leit an der Entwécklung vun der Gesellschaft

Rechnung dréit.