09.11.2015 Views

11

You also want an ePaper? Increase the reach of your titles

YUMPU automatically turns print PDFs into web optimized ePapers that Google loves.

Lesson 11

Duration: One hour

Language: Luxembourgish

Age group: 3-4 years old

Level: Beginners (A1)

I. Overview

A. Themes

Den Hierscht, D’Uebst am Hierscht

Faarwen

B. Language Functions

D’Kanner beschreiwen wat den Hierscht an de Wanter ass anhand vu Biller.

Wéi gesäit d’Uebst vum Hiescht aus? Faarwen.

C. Vocabulary

De Vokabulär vum Hierscht a Wanter widderhuelen, d’Faarwen gro, wäiss, mof, gréng, brong

widderhuelen

D’Uebst; D’Drauwen, d’Äppel, d’Biren, d’Nëss, d’Quetschen

D’Gezei: E Prabbeli, eng Jackett

D. Resources / Material needed

D’Biller vum Buch; De Maulef an d’ Blimmchen - Annexe No 10

D’Kaarte vum Uebstlotto vum Uebst. Annexe No 14

De Puzzle fir d’Joereszäiten Hierscht a Wanter – Annexe No 13

Spréchelchen „Mäin Draach“ – Annexe Nr 15.1

D’Bild vun de Joereszäiten Annexe Nr 12

CD Benji Butzemann

Lidd Nr 26 Klëmmt ee Männchen d’Leeder erop

Text: Annexe Nr 15

Notes:

Page | 1

Lesson 11

Duration: One hour

Language: Luxembourgish

Age group: 3-4 years old

Level: Beginners (A1)

II. Lesson Plan

A. Circle Time

Moien,

D’Lidd sangen: Bam Wou sinn deng Blieder

De Kanner d’Biller vum Maulef an der Blimmchen weisen an d’Kanner soe wat si gesinn a beschreiwen wat do

geschitt.

D’Bild vun de Joereszäite kucken an d’Kanner erzielen a weise wou den Hierscht an de Wanter ass.

Dat aktivt Spill fir den Hierscht z’immitéiere widderhuelen.

B. Core Session

De Vokabulär:

D’Bild vun de Joereszäite kucken an d’Uebst kucken.

Wéi en Uebst hu mir am Hierscht? Mir hunn Äppel a Biren, Drauwen, Quetschen an Nëss

D’Kaarten vun der Annexe Nr 14 mat bäihuelen.

Wéi gesäit et aus? Wéi eng Faarf huet et? D’Faarwe widderhuelen.

Aktivitéit 1:

D’Kanner maachen de Puzzle fir d’Joereszäiten Hierscht a Wanter. Si pechen d’Stécker

an der richteger Reiefolleg op d’Virlag.

Spréchelchen “ Main Draach” Text virsoen a virmaachen

Ech hunn e schéinen Draach gemaach,

Deen hunn ech mir gemaach,

Knallrout, giel,gréng a blo,

Seng grouss Aen déi liichte lo.

Mäin Draach flitt héich am Wand

D’Seel hunn ech an der Hand

Hien huet vill faarweg Bännercher

Am Wand do mécht hie Männercher

C. Closing

D’Lidd Nr 26: Klëmmt ee Männchen d’Leeder erop sangen.

Äddi soen.

Annexe Nr 13 : Puzzle vun de Joereszäiten Hierscht a Wanter

Page | 2

D’Virlag an d’Puzzelstécker vergréisseren an erausschneiden an op d’Virlag pechen oder leeën.

Annexe Nr 14: Uebst am Hierscht

Page | 3

Annexe Nr 15:

Lidd Nr 26 : Klëmmt ee Männchen d’Leeder erop

Klëmmt ee Männchen d’Leeder rop,

wëllt een Apel plécken,

Bumsdeg fällt een him op d’Kopp,

an nawell en décken.

Klëmmt ee Männchen d’Leeder rof,

fänkt un haart ze jäizen,

Äppelchen du kriss deng Strof,

well ech an dech bäissen.

Annexe 15.1 Spréchelchen „ Mäin Draach“

Page | 4

Page | 5

Hooray! Your file is uploaded and ready to be published.

Saved successfully!

Ooh no, something went wrong!