1
Create successful ePaper yourself
Turn your PDF publications into a flip-book with our unique Google optimized e-Paper software.
Lesson 1

Duration: One hour

Language: Luxembourgish

Age group: 3-4 years old

Level: Beginners (A1)

I. Overview

A. Themes

Eischte Kontakt, éischt Wierder vu Saachen déi si kennen, éischt Geschicht , éischt Lidd

B. Language Functions

Sech virstellen, säin Numm soen den Alter uginn

einfach Wierder widderhuelen

C. Vocabulary

Moien,

Ech heeschen….. Wéi heeschs du?

Heeschs du ……? Jo , Neen,

Dat ass de…..

En Auto, en Zuch, e Fësch, e Schong, eng Flute, e Motorad,

Wat ass dat? Dat ass………

Zuelen vun 1 - 5

Wann ech gelift, Merci , Äddi.

D. Resources /Material needed

Saachen déi d’Kanner kennen an déi si an de Grapp kënnen huelen, keng Biller

E Blat mat enger Tromm / E klenge Sachet mat de Saachen dran déi mir weisen

D’CD vum Benji Butzemann – Lidd: Klingelingeling de Bus ass do.

Eventuell eng Kasperlepopp. ( z. Bsp der Rabe Socke alias „Kuebi“ )

D’Buch De Maulef an d’Blimmchen

Notes:

Page | 1
Lesson 1

Duration: One hour

Language: Luxembourgish

Age group: 3-4 years old

Level: Beginners (A1)

II. Lesson Plan

A. Circle Time

Sech mat de Kanner a Form vun engem Krees setzen.

Ech stelle mech vir, ech heesche …..

Wéi heeschs du? D’Kanner sollen hire Virnumm soen.

Duerno Jo an Neen aféieren. Bass du den….. ? Jo a mam Kapp wénken.

Duerno d’Kand mat engem aneren Numm froen, Bass du den ……. Neen, a mam Kapp wénken.

D’Kanner solle mat Jo a mat Neen äntweren.

Och de Kuebi stellt sech vir a seet all Kand Moien an nennt et mam Virnumm. De Kuebi freet

d’Kanner och nach eng Kéier eenzel an d’Kanner sollen hiren Numm soen oder mat jo an Neen

äntwerten.

Wivill Joer hues du? D’Zuele mat de Fangere weisen a froen: Hues du 1 Joer ?

Hues du 2 Joer ? Hues du 3 Joer ? Hues du 4 Joer ? Hues du 5 Joer ?

B. Core Session

Mat de Kanner zesummen zielen an d’Fangere weisen. D’Kanner encouragéieren haart matzezielen.

Den Trommelziedel un all Kand ausdeelen. Den Ziedel viru sech leeën a sech virstellen dat wär eng

richteg Tromm. De Kanner soen an si encouragéiere matzezielen:

Elo ziele mir bis dräi; eent ,zwee, dräi a lass…. All Kand trommelt.

Dat Ganzt da widderhuelen andeems mir bis 4 an da bis 5 zielen an d’Kanner ziele loossen.

Ganz Wichteg, d’Kanner luewen wa si aktiv matmaachen.

Duerno hellt de Kuebi Saachen noeneen aus dem Sachet a freet : Wat ass dat?

Dat ass en Auto. D’Kanner sollen d’Wierder widderhuelen an um Enn d’Wuert nennen wa mir froen;

Wat ass dat? ( De Kanner hëllefen déi richteg Wierder ze fannen. )

C. Closing

Déi éischt Säiten aus dem Buch “ De Maulef an d’Blimmchen“ liesen.

D’Lidd „ Klingelingeling virspillen“ a virsangen.

Äddi soen a wénken. Dem Kuebi Äddi soen.

Page | 2
Page | 3