JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉANCE www.chd.lusinn; ech denken un de Carnavalvu Barranquilla a Kolumbien, anech denke vläicht och un de „GuleWamkulu“ am Malawi, am Mozambiquean a Sambia.■ M. le Président.- Här Bettel,wann Dir der Madame Flesch nolauschtert,kënnt Dir eppes bäiléieren.■ Mme Colette Flesch (DP).-Ech sinn iwwerzeegt, ech hunn donach aner Evénementer iwwersinn.Also dofir meng Fro un d’Regierung:Wat sinn déi déif gräifendGrënn, déi Argumenter quant aufond, wuerfir de Choix just op Iechternachgefall ass?Ech soen et nach eng Kéier, mirhunn näischt dergéint, mä mergéingen awer gären d’Ursaachekennen, déi d’Regierung dozou geféierthuet, just dat Evénement zeproposéieren.Här President, am Exposé des motifshält d’Regierung weider fest,dass d’Inscriptioun vun der Processiondansante, also vun derSprangprozessioun, op dës Lëschtreprésentative du patrimoine culturelimmatériel de l’humanité engzousätzlech Distinctioun fir Lëtzebuergwär, am Zousaz zu deenenzwou Distinctiounen, déi mer schovun der UNESCO kritt hunn, déi vu1994, déi de Site vun der Stad Lëtzebuerg,déi al Quartieren and’Fortificatiounen, op d’Lëscht vumPatrimoine mondial gesat huet, ananerersäits 2003 d’Décisioun vunder UNESCO d’Expositioun vumEdward Steichen senge Fotoe Familyof Man an de Register vun derMémoire du Monde anzeschreiwen.Ech wëll zwee Wierder soen iwwertd’Inscriptioun vun den ale Quartierenaus der Stad Lëtzebuerg an deFortificatiounen op der Lëscht vumPatrimoine mondial, well an derlescht esou vill vun der Cité judiciairegeschwat gëtt.Gott sei Dank hu mer eng gewësseGarantie gehat vun der UNESCO,déi huet doduerjer d’Dégâten esthetescheran urbanistescher Naturlimitéiert, mä nach deet et mirperséinlech Leed, dass d’UNESCOsech hei breetschloe gelooss huet,an nach deet et mir Leed, dass etons an der Stad Lëtzebuerg netgelongen ass, trotz villen Efforten,déi Konstruktioun op deem Site zeverhënneren. Wann ech elo gesinn,wat aus dem Buedem erausschéisst,da sinn ech net iwwerzeegt,dass mer do esthetesch anurbanistesch gutt gehandelt hunn.Mais enfin...(Brouhaha général)...let’s not cry over spilled milk, aloosse mer nëmmen hoffen, dassmer bei deem Chantier net déi Surprisëkréien, déi verschidden Nouvellen,déi ech de Moien um Radiogehéiert hunn, mech erahne loossen.Ech wënschen dem Bauteminister,dass do alles leeft, wéi etsoll.Här President, no all deene Remarquëwëll ech awer nach eng Kéierdorop hiweisen, dass mir dee Projetde loi wäerte stëmmen, dassmer ons awer scho freeën op déiExplikatiounen, déi d’MadameStatssekretär vun der Kultur onsbestëmmt gëtt, fir d’Décisioun vunder Regierung, déi am Exposé desmotifs steet, ze motivéieren.De Projet de loi ass, wéi d’MadameStein gesot huet, jo ganz einfachnëmmen d’Approbatioun vun derKonventioun. Do kënne mer ouniHésitatioun e ganz kloren „Jo“bréngen.Merci, Här President.■ M. le Président.- Merci, MadameFlesch. Den nächste Riednerass den Här Jos Scheuer. HärScheuer, Dir hutt d’Wuert.■ Une voix.- Wat geschitt dannelo?■ Une autre voix.- Den Optrëttvum Liewen.(Interruption)■ M. Jos Scheuer (LSAP).- HärPresident, Dir Dammen an Dir Hären,ech wäert zum Schluss vumengem klengen Exposé dann opd’Madame Flesch zréckkommen,an ech mengen, déi puer Minutten,déi ech mer geholl hunn, déi gischonn eng Serie vun Äntwerten,ouni datt ech der Madame Statssekretärinvirgräife wëll.Här President, Dir Dammen an DirHären, Lëtzebuerg war ëmmer engTerre de passage. D’Häre si komm.Se si bliwwen, e puer Joer, e puerJorzéngten. Se si gaang. Lëtzebuergwar ëmmer e Stéck, en Elementvu méi engem grousse Land,vu méi engem dichtege Monarch,mat méi oder manner groussemmilitäreschem Potenzial, mat méipoliteschem Pouvoir. Am 19. Jorhonnertsi mer dann endlech zumStat ginn. Mir sinn zur Natioun ginn.Och déi grouss kulturell Geeschterwaren de passage zu Lëtzebuerg.De Goethe war hei. De Victor Hugowar hei. Si hunn e puer Spurenhannerlooss. Se si gaang. Mir simultikulturell gepräegt ginn. Mirhunn eis eege Kultur gepräegt kritt,an eis eege Kultur ass un de Buedemgebonnen. Dat ass net aussergewéinlech.Si ass och net eenzegaarteg.Si ass sympathesch. Siass noutwendeg. An dem Drock,an deem Bräi vun Aflëss, deemmer ausgesat sinn an ëmmer nachausgesat waren, ass et ëmsou méinoutwendeg, fir se ze ënnerhalen.All déi Aflëss vun deene sou genanntenHären, déi de passage heiwaren, hu Spuren hannerlooss,Madame Flesch.(Interruptions)Réimer waren hei, bis zum Occupantvu viru 60 Joer. Et ass ëmmereppes Rescht bliwwen. Lëtzebuergverfügt schonn iwwer e Patrimoineculturel matériel – am Kloertext: iwwerArchitektur an dësem Fall –,deen eenzegaarteg ass, deenerhale gi muss an deen och säiWäert a seng Wäertaschätzungfonnt huet bei der UNESCO. En assmeeschtens awer eng Kombinatiounvum Site mat der Architektur,mat de Gebailechkeeten. En Ensembelalso ass et, wat d’Typeschkeetvum Lëtzebuerger Patrimoinematériel ausmécht.(Interruption)Am Joer 698 ass den angelsächsescheMönch Willibrord op Iechternachkomm. En huet e Benediktinerklouschtergegrënnt. En ass Bëschofginn. E war zweemol beimPoopst. En ass zréckkomm opIechternach. An en ass 739 do gestuerwen.Et war e Mann, deenhuet Benelux missionaresch erfaasst.En huet d’ganz Groussregiounerfaasst.Aus der Presenz vun deem Mann,deen einfach dokumentaresch erfaasstass, huet sech eng nohaltegEntwécklung erginn, am richtegen,am wierkleche Sënn vum Wuert.Nohalteg fir d’Stad Iechternach,nohalteg fir d’Grenzregioun, souguernohalteg fir Benelux, a virunallem och nohalteg fir Lëtzebuerg.Wat ass entstan?1. Entstan ass en architektoneschePatrimoine: Kierchen, Kapellen, natierlecheng Basilika. Et sinn herrlechDépendancen entstanenuechtert d’ganz Regioun: KlengSchlässer mat enger äusserst raffinéierterArchitektur, déi zu de Fleuronëvun der Architektur hei zu Lëtzebuerggehéieren. Et sinn Ensemblenentstan, vu Steen a vun Natur.Entstan ass och eng Stad do ronderëmmat enger ganz eegenerUrbanisatioun.2. Et ass e Kulturschaffen aus därPresenz entstan. E Kulturschaffen,wat eenzegaarteg fir Lëtzebuergwar an ass, an och aussergewéinlechfir Europa. Zu Iechternach asse Skriptorium opgemaach ginn. ESkriptorium vun der Abtei. Dat wareng Produktiounsplaz fir Codices,eng Produktiounsplaz fir Évangéliairen,an esou weider. Am 8. anam 9. Jorhonnert, a besonneschméi bekannt, am 11. Jorhonnertsinn do Prunkbicher gezeechentginn, gemoolt ginn, geschriwweginn, déi haut zu de beschte Stéckeran de Muséeën an an de Bibliothéikenuechter Europa gehéieren.Mir hunn näischt méi. Mir hunn déiChance verpasst fir dee leschteCodex, den „Codex Aureus“, zekafen, wéi en an de 50er Joren opde Maart komm ass. Deen ass hautzu Nürnberg. Mir hunn nach Facsimiléen.All Fac-similé ass nachméi wäert wéi dee beschte Péckvillchen.(Hilarité)Oder de beschte Rousekranz,deen deierste Rousekranz, deenDer um Oktavmäertchen oder opder Schueberfouer ze kafe kritt.(Interruption)Och op der Schueberfouer kritt eese ze kafen.3. Entstan ass och e Patrimoine immatérielculturel. Nämlech de Kultvum Grënner vun der Abtei, de Kultvum Willibrord. An zu deem Patrimoinegehéiert eben ochd’Sprangprozessioun. An zu deemPatrimoine gehéiert och dat, watde Pierre Frieden genannt huet – etdeet mer elo e bësse Leed, dattden Här Henri Grethen net do ass– den „Esprit d’Echternach“. Wannech esou ronderëm mech kucken,d’Madame Statssekretärin, de FernandBoden, de Jean-Marie Halsdorf,den Henri Grethen virun allem,de Paul-Henri Meyers a mengWéinegkeet, vläicht si mer e bëssegepräegt vun deem „Esprit d’Echternach“.Vläicht kéint ee vun hinnenen definéieren; ech kann etnet.Madame Stein, ech soen IechMerci fir de Rapport, deen Der gemaachhutt. Dir hutt d’Konventiounduergeluecht. Dir hutt iwwertd’Konventioun geschwat. Et asseng Konventioun, déi äusserst prezisass. An et ass eng Konventiounmat Obligatioune fir déi Communautéiten,déi dee Patrimoine immatérielhalen an ënnerhale wëllen.Et sinn och Obligatiounen dra firdéi Institutiounen, déi domadderbefaasst sinn, dat heescht an dësemFall fir d’Gemeng. An dësemFall, wou den Term „cultuel“ gebrauchtgëtt, bestëmmt och fird’Kierch, an net onbedéngt fird’Kierchefabrik – well da si mir etnees, de Pouvoir public –, abestëmmt awer och fir de Stat.(M. Laurent Mosar prend la Présidence)D’Sprangprozessioun entspréchtnämlech alle Kritären, déi an därKonventioun festgehale sinn – alleKritären an ausnahmslos alle Kritären.An ech huele mer just nëmmendéi haaptsächlech eraus:Éischtens, d’Sprangprozessiounass haut eenzegaarteg zu Lëtzebuerg.Si ass eenzegaarteg an Europaa wahrscheinlech och, ënnertdär Form, weltwäit.Zweetens, d’Sprangprozessiounass e liewegt Element vum Lëtzebuergerkultuelle Liewen a Kulturliewen.Se ass reliéis verwuerzelt,net nëmmen op enger klengerPlaz, mä an der Groussregioun.Ech hu vu Benelux geschwat. Etass eng Manifestatioun, déi all Joer11.000 Leit unzitt fir matzesprangen,an dat Duebelt, 11.000 a méiLeit, fir kënnen nozekucken. HirenImpakt geet eriwwer op Rheinland-Pfalz. Dir wësst, datt zu Prüm virdrugesprong ginn ass, éier zu Iechternachgesprong ginn ass, an datt sehaut nach vu Prüm a vu Waxweilerdohinner kommen.Drëttens, et ass eng Manifestatioun,déi dokumentéiert assduerch vill Publikatiounen. Déi Publikatiounen,déi reeche wäit iwwerLëtzebuerg ewech. D’Sprangprozessiounass Objet vun enger geschichtlecherForschung. Dirbraucht Iech nëmmen d’Internetsäitenunzekucken, ob dat an203däitscher, franséischer, englescheroder hollännescher Sprooch ass,et ginn e puer dausend Referenzen,déi Dir ugewise kritt, wann Der„Sprangprozessioun“ an deeneverschiddene Sproochen eragitt.Véiertens, hire Charakter huet secham Wesentlechen erhalen. De Ritualgëtt respektéiert vu Sprénger,vu Sänger, vun deene Leit, déi bieden.Een Organ – och dat ass noutwendeg–, dat ass de „Willibrordus-Bauverein“,waacht mat Argusaendriwwer, datt keen Unfugdo entsteet. D’Sprangprozessiounass konservativ, a se ass konservéiertvu konservative Leit.(Hilarité)Fënneftens, den Zesummenhangtëschent der Stad Iechternach anhirer Ekonomie, tëschent der StadIechternach an hirer ganzer sozialerEntwécklung, mat hirem ganzeKulturliewen ass do. An deen héijeBekanntheetsgrad vum Numm„Iechternach“ kënnt duerchd’Sprangprozessioun – haaptsächlechduerch d’Sprangprozessioun.Et ass en Element, wat eben netaustauschbar ass, dat gëtt et sossnéierens an et kann een et emol netausbauen. Et ass e séchere Wäertoch fir den Tourismus vun der Regioun.Dat sinn d’Haaptkritären, déimussen erfëllt ginn, wann eng Manifestatiounop d’Lëscht vun derUNESCO gesat gëtt.Ergo schwätzt näischt dergéint, firdat do ze maachen, an ech fuerderejiddfereen eraus, eng entspriechendManifestatioun nach zuLëtzebuerg opzedreiwen, déi déido Kritären esou integral erfëllt wéid’Sprangprozessioun.An der heiteger Form ass se séchernet ze trenne vum Willibrorduskult.Si ass sécher och a Verbindungze brénge mat erhoffteneWonner, mat Mythen, mat Awerglawena mat Glawen, mat Krankheetena mat Epidemien – dat assesou. Si ass bis 1777 ganzbestëmmt ouni Musek ofgelaf. Andéi heiteg Melodie, déi huet villTexter...(Interruptions)Här Gibéryen, Dir fannt ähnlechMelodien, wann Dir d’Fuesenterausgitt. Et ass eng Polka. An déiTexter, déi mat där relativ trivialerMelodie sech verbannen, sinn ochesou trivial. Dat si keng Arien, datass och kee reliéist Lidd, den Textass „Abraham hatte siebenSöhne“, anerer soen „Alle meineEntchen“, an am Franséischen –huet en Historiker nogekuckt – gëttet ee Lidd op déiselwecht Melodie,an déi heescht: „Allons chercherdes moules.“Dat, fir Iech ze weisen, datt dee reliéiseGeescht, deen där Sprangprozessiounzu Grond läit, awerverwuerzelt ass am Alldagsliewevun de Leit. 1786 ass se souguerverbuede ginn, an zënter 1830fënnt se statt op Péngschtdënschdeg.■ Une voix.- Firwat ass se verbuedeginn?■ M. Jos Scheuer (LSAP).- Firwatass se verbuede ginn? Well senet méi disziplinéiert genuch war –drécke mer et emol esou aus!(Hilarité)Si ass net ëmmer esou rigid gesprongegi wéi haut; si ass gesprongegi vum Krich u bis hautëmmer no därselwechter Form –wien anescht spréngt, dat ass enHäretiker. Mä dräi Schrëtt no vir,zwee Schrëtt no hannen, dat ass etëmmer ginn, an et sinn och nachaner Forme gi vum Danzen, wéizum Beispill och dat, wat een anEngland fënnt, e Ringdanz, deenop der Maartplaz opgefouert ginnass. Dat ass et also alles ginn. Etass wéi spréchwiertlech de Prinzipzréckbehale ginn, oder d’Iddizréckbehale ginn: dräi Schrëtt novir, zwee zréck.Ech war eng Kéier zu Dakar, dohunn ech nogelauschtert, wéi iwwerEntwécklungshëllef geschwatginn ass. Do huet en Universitéitsprofesservun Dakar gesot, d’europäeschEntwécklungshëllef géifvirgoen nom Prinzip vun der IechternacherProcession dansante:dräi Schrëtt no vir an zwee Schrëttno hannen, a ganz oft zwee Schrëttno vir an dräi Schrëtt zréck.Ech mengen, ech war deen Eenzegen,deen et verstanen hat, matAusnahm vum Här Goerens, deewar dobäi.(Interruption et hilarité)Voilà.An all déi Varianten dinn därSprangprozessioun a mengen Aekeen Ofbroch. Hire Wäert bleifterhalen, an et deet hir och keen Ofbroch,wa mer se mat areien, oderureien un déi Gebräicher, un déi Riten,un déi Traditiounen, déi sechnet gehalen hunn, mä déi sech historeschdokumentéiere loossen, anzwar un heednesch Gebräicher,Prozessiounen zu Éiere vu Götter,Prozessiounen zu Éiere vu Götter,déi ee mat der Hand gräife konnt,déi net abstrakt ware wéi eiser Här,mä an dësem Fall huet sech déiVeréierung vun deene Götter iwwerdroenop Helleger, op Festermat mystheschem Hannergrond.An zur Erënnerung: Just déi zoliddsteKierche si gebaut ginn op réimescheKasteller, op heednescheFundamenter, an d’Parkierch zuIechternach ass esou grouss anesou schéin a si steet esou fest,well si op engem réimesche Kastellsteet.D’Sprangprozessioun vun Iechternachass e mëttelalterlecheBrauch, dee seng Wuerzele méiwäit zréck an der Vergaangenheethuet. Si ass, wat an der Konventioungenannt gëtt, ech liesen Iechet vir: „L’univers que les communautés,groupes et individus setransmettent de génération en générationet considèrent commepartie intégrante de leur patrimoineculturel.“Dir Dammen an Dir Hären, an därKonventioun stinn awer och Obligatiounen,an zwar Obligatioune fird’Gesellschaft, fir de Stat, déi Traditiounze fleegen an déi Manifestatiounze ënnerhalen. Déi Sprangprozessioun,déi gëtt ënnerhalenéischtens duerch eng Organisatioun,déi sech Willibrordus-Bauveräinnennt. Et ass déi Organisatioun,wou politesch Differenzemisste schmëlzen, wou et kengdierft ginn, an datselwecht gëlltoch fir d’Sprangprozessioun, ënnertdär Konditioun, datt d’Préséancean der éischter Reigekläert ass.■ Une voix.- Ah!■ M. Jos Scheuer (LSAP).- Dafalen all Differenzen zesummen anda geet d’Prozessioun hire Weeronderëm d’Graf vum hellege Willibrord,mä den Ufank ass munchmolganz schwéier.Dee Willibrordus-Bauveräin, deendirigéiert déi Organisatioun amécht och deen heiten Dossier openg diskret Aart a Weis, op eng effikassAart a Weis, a si ass och encharge fir den Dossier ze presentéieren.Ech soen deene Leit Merci, déi etmaachen, a félicitéiere se, an hoffen,datt am Joer 2008 dann deenDossier erëm ass an datt mer dannop der Lëscht vun deem Patrimoineculturel stinn.Gefuerdert ass awer och d’Öffentlechkeet.Gefuerdert sinn an dësemFall d’öffentlech Hand, deStat, d’Gemeng an awer och d’Par.De Stat ass verflicht, fir dee Kult zeënnerstëtzen. Et gëtt zu Iechternachkeng Plaz, wou d’Sprangprozessiounpresentéiert ass, eng Presentatiounvun hir gemaach gëtt,déi hirem Wäert entsprécht. An déiPlaz muss geschaaft ginn, MadameStatssekretärin! An zwarmuss se geschaaft ginn an deemRaum, deen tëschent der Basilikaan tëschent deem Musée läit, datheescht am Bannenhaff.Eréischt wann déi Plaz geschaaftass, dann hu mer och dee Geescht
JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉANCE www.chd.luvun der Konventioun oder den Artikel14 vun der Konventioun erfëllt,dee seet, aus där Konventiounergëtt sech d’Verflichtung fir netnëmmen ze ënnerhalen, mä firEducatioun ze maachen, fir Sensibilisatiounze maachen, fir d’Capacitéitenze renforcéieren „et pourassurer la reconnaissance de lamanifestation“, a fir e Programmeéducatif opzestellen.Dowéinst wär et mäi Wonsch, anech mengen de Wonsch vun allenIechternacher, fir datt eng Kommissiounagesat gëtt, déi dann intensivschafft, fir dee Bannenhaff and’Rei ze setzen.Här President, ech weess, datt Dirnet nëmmen en Esthet sidd, mädatt Dir och nach...■ M. le Président.- Merci!(Hilarité)■ M. Jos Scheuer (LSAP).- Damaache mer et esou. Ech wollt datder Chamber iwwerreechen.Ech hu vollt Vertrauen an den HärMosar, deen natierlech eng Kombinatiounmécht vu Sprangprozessiounan Oktavprozessioun, fir opnäischt ze verzichten, an ech géifdat dann dem Här Mosar iwwerreechenan hie bieden, dat da weiderzeginnun de President, an derHoffnung, datt de President datoch ophänkt.Et ass ee vun deene schéine Facsimilés,déi entstane sinn an derIechternacher Abtei, an ech mengendem chrëschtleche Gemittvum Här Weiler géif dat entgéintkommen,wann hien dat géifophänken.■ M. le Président.- Merci.■ M. Jos Scheuer (LSAP).-Ech géif deem dote President danne Buch iwwerreechen, wou hien deWäert vun der IechternacherSprangprozessioun noliese kann.Wann ech gelift.Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.■ Plusieurs voix.- Très bien!■ M. le Président.- Ech soendem Här Scheuer Merci fir sengexcellent Interventioun a fir déizwee ganz schéi Cadeauen. Alsnächste Riedner ass den HärAdam agedroen. Här Adam, Dirhutt d’Wuert.■ M. Claude Adam (DÉIGRÉNG).- Här President, Dir Dammenan Dir Hären, et fält mer natierlechelo e bësse schwéier, firoch nach als Mierscher hei nodeem Geschichtsunterrecht Stellungze huelen. Duerfir wäert echmech dann och e bësse kuerzfaassen.Lëtzebuerg ass also eent vun deenenéischte Länner, dat déi Konventiounhei ratifizéiere wëllt; echhunn allerdéngs festgestallt – wéiech dat am Rapport gelies hunn –,datt schonn 23 Länner virun eis datgemaach hunn. Also, mir wëllendat jo extra fréi maachen, mir wëllebei deenen 30 éischte sinn. 23Länner hu schonn ënnerschriwwen,zum Beispill: Mali, Indien, Nigeriaoder Bhutan. Déi sinn dannam Fong geholl nach méi op Zackwéi mir.Datt mir wëlle bei deenen éischten30 sinn, ech huelen un – an do hatech déiselwecht Iddi, wéi d’MadameFlesch –, datt sech do eMënsch wëllt an engem Comitébetätegen. Do hunn ech am Fonggeholl och näischt drun auszesetzen.Dat ass jo flott, wann eeMënsch sech fir esou eppes interesséiert.(Hilarité)Et geet also drëm, fir de Patrimoineculturel immatériel ze schützen.Dat fanne mir Gréng natierlech enggutt Saach. Besonnesch an Zäitevu Globaliséierung a vu puren ekonomisteschenan ultraliberalenTendenzen ass et och flott, wa mereis e bëssen ëm d’Kulturgidder anall hire Facettë këmmeren. Dat assjo och dann een Instrument, datbäikënnt bei déi Konventioun vun1972, wou et ëm d’Sauvegarde duPatrimoine culturel et naturel geet.Wa mer iwwert de Patrimoine culturelimmatériel schwätzen, dawësse mer, datt mer do an engerÉvolution constante sinn. Den HärScheuer huet dat jo och elo ganzflott hei opgezeechent unhand vunder Iechternacher Sprangprozessioun,wou mer jo och am Laf vunde Joren eng Evolutioun gesinnhunn.(M. Lucien Weiler reprend laPrésidence)D’Madame Flesch an och d’Rapportrice,d’Madame Stein-Mergen,hu ganz flott opgezielt, wat et nachvu Beispiller do gëtt. Ech fannendat och ganz interessant, datt dannniewent de Minnesänger a Westbengalenan de polyphorescheMännergesäng op Sardinien,d’Iechternacher Sprangprozessiounda vu lëtzebuergescher Säitderbäikënnt. Ech géing mengen,ech hunn et op alle Fall net esouverstanen, datt mer géinge bei derIechternacher Sprangprozessiounstoe bleiwen. Mir kënne bestëmmtnach eng Kéier iwwert d’Oktavoder iwwert d’Schueberfouer diskutéieren.An deem Sënn der Madame Stein-Mergen Merci fir hiren ausféierlecheRapport. Deenen anereRiedner Merci fir den historeschenExkurs. Ech bréngen domat denAccord vun der grénger Fraktiounzu dësem Projet de loi.Merci.■ M. le Président.- Merci, HärAdam. Den nächste Riedner assden Här Mehlen. Här Mehlen, Dirhutt d’Wuert.■ M. Robert Mehlen (ADR).-Här President, Dir Dammen, DirHären, ech mengen, et ass deem,wat hei gesot ginn ass, net méiganz vill unzefügen. Ech géingduerfir och am Numm vun eiserFraktioun begréissen, datt mer déiKonventioun haut hei kënne stëmmen.Mir liewen an engem gemeinsamenEuropa, wat sech doduerchauszeechent, an dat gëtt bei allGeleeënheet ënnerstrach, datt merd’Villfalt, virun allem eis kulturell Villfalt,wëllen erhalen a se net an engemDëppe vun Uniformitéit lues alues ënnergoe wëlle loossen.Duerfir kënne mir eis mam Objetvun dëser Konventioun voll a ganzd’accord erklären, dat, wéi gesot,ganz besonnesch an enger Welt,déi an enger Vitesse evoluéiert, wéini virdrun. An enger Vitesse, déi etmat sech bréngt, datt villes, wat zurkultureller Ierfschaft gehéiert, a besonneschdat, wat immatériel ass,lues a lues verluer geet. Och an engerWelt, déi duerch déi modernKommunikatiounsmëttelen ëmmerméi Gefor leeft, datt villes uniforméiertgëtt. Duerfir wëlle mir ochd’Noutwendegkeet vun dëser Konventiounënnersträichen.Ech wollt just op ee Punkt agoen.Mir liesen, datt déi nei Konventioun,ech zitéieren: „traite des traditionset expressions orales, ycompris la langue“ betrëfft. An etass do, wou ech op dëser Plazwollt Wäert drop leeën. Och eis lëtzebuergeschSprooch, déi vun netganz ville Leit geschwat gëtt, ass,eiser Meenung no, et wäert erhalenze ginn.Eis lëtzebuergesch Sprooch leeftGefor aus deene Grënn, déi echelo grad schonn ugefouert hunn,och lues a lues ze erodéieren. Siass amgaang ze erodéieren. Engersäitsduerch den Afloss vun derFrancophonie hei zu Lëtzebuerg,wou mer wëssen, wou d’Grënnhierkommen, awer nach vill méiduerch d’däitsch Televisioun. Mirerliewen dat bei eise Kanner ëmmerméi, datt do, wou mer wierklechoriginell Lëtzebuerger Ausdréckhunn, se lues a lues duerchdäitsch Ausdréck ersat ginn.Duerfir wollt ech hei Wäert dropleeën, datt mer eiser Sprooch ander Konstitutioun dee Wäert emolsollen araumen, wéinstens symbolesch,dee mer er wierklech zoumoossen.Datt mer se sollen an derKonstitutioun verankeren. Datt mereis sollen duerfir asetzen, datt seals offiziell Sprooch an der EuropäescherUnioun soll unerkanntginn. Woubäi mer net insistéieren,datt alles soll op Lëtzebuergeschmisse gedréckt ginn, mä datt seawer, esou wéi Malta dat zum Beispilloch duerchgesat huet, soll alseng vun den offizielle Sproochenan der Europäescher Unioun unerkanntginn.Ech fannen och, datt mer an eiseKommunikatiounsinstrumenter, notammentRadio an Televisioun,solle Wäert drop leeën, datt e proppertLëtzebuergesch geschwatgëtt, wat, an dat muss ee bedaueren,vläicht an der Hektik vum Alldagnach laang net ëmmer de Fallass. Vläicht soll ee sech emol iwwerleeën,ob een do net Mëttelefënnt, fir der Erhalung vun der Originalitéitvun eiser Sprooch vläichte bësse méi kënnen zum Duerchbrochze verhëllefen.An dann, last but not least, mir selwer,déi mir vill an der Öffentlechkeetstinn, ech mengen, sollen eispermanent e bëssen um Rimm rappen,a probéieren net dat, wat effektivd’Gefor ass, ganz séier ananer Sproochen ze verfalen oderbei aner Sprooche léinen ze goen,well dat natierlech heiansdo ebësse méi einfach ass.Ee Wuert, awer nëmme ganzkuerz, zur Aussiicht, déi mer elohunn, datt d’Sprangprozessiounsoll an dee Patrimoine culturel doopgeholl ginn. Ech mengen, déiSaach huet net nëmmen de Segevum hellege Willibrord. Ech kannoch hei soen, datt se de Sege vunder ganzer ADR-Fraktioun huet.(Interruption)Ech mengen, ech brauch hei, no alldeem, wat gesot ginn ass, net méize begrënne woufir datt dat de Fallass. Och déi 2.000 Euro, déi dat viraussiichtlechkascht, fir do kënnebäizetrieden, do denken ech, dattmer déi, trotz der ëmmer méiprekärer finanzieller Situatioun andësem Land, och nach wäertenopbréngen. Wann dat vläicht engKéier net méi sollt de Fall sinn, dakënnt ech mer souguer virstellen,datt am allerschlëmmste Fall denDeche vun Iechternach bereet wäraus dem Willibrordus-Affer eppesbäizesteieren, fir datt mer…■ Une voix.- Deen ass och netméi esou déck.■ M. Robert Mehlen (ADR).-Oh! Dir géingt Iech nawell wonneren.(Hilarité)Wann et dann hannen um Enn netméi sollt opgoen.Dat gesot, Här President, wëll echnach eng Kéier widderhuelen, watech schonn ugedeit hunn: Mirwäerte selbstverständlech dëseProjet stëmmen.■ M. le Président.- Voilà,Merci, Här Mehlen. Dann huet nachd’Regierung d’Wuert, d’MadameStatssekretärin Octavie Modert.■ Mme Octavie Modert, Secrétaired’État à la Culture, à l’Enseignementsupérieur et à la Recherche.-Merci, Här President. DirDammen an Dir Hären, elo wär echjo ganz gär op d’Aart a Weis vundär Iechternacher Sprangprozessioun,och als ee vun deenen,deen do an der Schoul war – awernëmmen an der Schoul war –, heihinnerkomm, andeem een zumBeispill hätt kënnen dräi Schrëtt novir an zwee no hanne maachen, mäech fäerten, da wär meng Riedezäitwahrscheinlech schonn ofgelafgewiescht, éier ech hei gewieschtwär.204An dobäi sinn esou vill Froe gestalltginn. Ech wëll do och sämtlecheRiedner a ganz besonnesch derRapporterin villmools Merci duerfirsoen, datt si esou prezis an detailléiertwaren, historesch flottSaachen opgestallt hunn, esou dattech trotz allem ka soen: Op déi villFroen, déi gestallt gi sinn, sinn ochschonn e ganze Koup Äntwertenhei bruecht ginn.Mir war et wichteg, dräi Saachenheizou ze soen:Éischtens, mengen ech, datt d’Ratifikatiounvun där Konventioun heiwichteg ass, wann ee kuckt, watd’Roll vu Lëtzebuerg an derUNESCO ass.Zweetens, mengen ech, muss eenop d’Bedeitung an de Räichtumvum Lëtzebuerger Kulturgutt hiweisen,wat sécherlech hei als Ausdrockubruecht ass.An drëttens e puer Bemierkungenzur Sprangprozessioun u sech, déitrotz allem e kulturellen an touristeschenAtout ass – méi wéi eemengt.Als éischt iwwert d’Roll vu Lëtzebuergan der UNESCO: Mir sinndëst Joer zënter engem MountMember gi vum Conseil exécutifvun der UNESCO. Mir hätten datiwwregens scho kënnen d’leschtoder d’virlescht Joer ginn, mä mirhunn awer den Amerikaner, wéi déizréck wollte kommen and’UNESCO – wat jo net onwichtegwar, datt si erëm an de Schoussvun där wichteger Organisatiounzréckkomm sinn – Plaz gemaachan hunn dofir gewaart bis dëstJoer. Lëtzebuerg ass elo fir déiéischte Kéier Member vum Conseilexécutif vun der UNESCO.Zweetens huet déi LëtzebuergerPrésidence eng ganz erfollegräichRoll gespillt bei der Virbereedungvun der Adoptioun vun där vill diskutéiertera ganz wichteger Konventiouniwwert d’„Protection etPromotion de la diversité des expressionsculturelles“. Et wär netméiglech gewiescht, fir déi elo amOktober unzehuelen, wa mir datnet esou gutt virbereet gehat hätten.Drëttens, wëlle mer onbedéngt ënnertdeenen éischten 30 Lännersinn, déi dës Konventioun ratifizéieren.Mir wäerten elo dat 28.Land sinn, 27 sinn der virdrun.D’Fro war gestallt gi virdrun: Firwat?Mä et sinn 30 Länner néideg, firdatt d’Konventioun kann a Kraafttrieden, also 30 Länner, déi musseratifizéiert hunn. Mat engem méi –iwwregens ee vun deenen net esouheefegen europäesche Länner, déischo ratifizéiert hunn – hu mir danndomadder eng Virreiderroll gespillt.Déi zweet Saach, wou ee kanndrop agoen, dat ass: Wa mir déiKonventioun hei ratifizéieren anoch gläich Projeten hunn, fir schützenze loossen, dann ass dat ochen Element woumat de Lëtzebuergerkulturelle Räichtum an eis kulturellVillfalt vun der internationalerGemeinschaft unerkannt ginn.Mir mussen e bësse méi bekanntmaachen, datt mer esou vill hunn,well mir hu vill méi, wéi am Auslandheiansdo geduecht gëtt; wat siawer wëssen, wa si bis hei sinn. Mäwann awer eppes bekannt ass, asset ganz sécherlech déi IechternacherSprangprozessioun, déi alsSpréchwuert a ganz Europa annach wäit doriwwer eraus bekanntass, an dat kann ee vu ganz villenanere Saache guer net esou soen.Ob mer haut nach zwee Schrëtt nohanne maachen, wa mer der dräino vir maachen, dat ass jo net méide Fall, weder zu Iechternach nachsécherlech op anere Plazen, mä etgëtt net vill Länner, déi esou wäitiwwert d’Grenzen eraus bekannteSpréchwierder kënne soen.Mir hunn also hei dräi agedroenUNESCO-Kulturgidder: Mir hunnee Projet, dee vun der Festung Lëtzebuerg,als Patrimoine mondial opdär Lëscht vun der UNESCO agedroen.Mir hunn op där anerer Säitd’„Family of Man“, déi am Regëstervun der „Mémoire du Monde“ agedroenass. A mir hunn hei mat dëserKonventioun iwwert den immateriellekulturelle Räichtum denTriptychon kompletéiert.A wa mer dann am Joer 2007 europäeschKulturhaaptstad sinn,dann hu mer mat dësem neien immateriellePatrimoine eng Attraktiounméi fir an d’Feld ze féieren.Dann nach e puer Wuert zur IechternacherSprangprozessioun alssolches. Wéi gesot, si ass iwwertd’Grenzen eraus bekannt. Firwathu mer grad d’Sprangprozessioungeholl? Majo d’Kritäre fir kënnen eekulturellt Gutt unerkannt ze kréienënnert dëser Konventioun sinn,datt et éischtens aussergewéinlechan eenzegaarteg muss sinn an dattet näischt Vergläichbares an dekulturellen Traditioune gëtt. Dat assnatierlech dann den Ënnerscheedzu enger – wann ech dat däerfesou soen – normaler Pilgerprozessioun,wéi d’Oktav, oder enger normalerAmüsementsfouer, wéid’Schueberfouer, déi wuel nationalvu Bedeitung sinn, mä am Sënnvun der UNESCO-Konventioun nëtkënnen a Betracht gezu ginn.Et kann een och nach soen, dattwann de Willibrord zwar nëmmenden zweete Schutzpatroun vumLand ass, da probéiere mer altheiansdo als Regierung de Prinzipvun der „Décentralisation concentrée“anzehalen. Esou kann eenoch soen, datt zu Iechternach méifréi en héich entwéckelte kulturellena spirituellen Zentrum war, éierd’Stad Lëtzebuerg mat der Festungum Bock gegrënnt ginn ass.Mä et ass awer eng flott Iddi, fir zesoen d’Oktav och schützen zeloossen an op déi Lëscht aschreiwenze loossen, grad esou wéid’Schueberfouer. Mir géifen dat joganz gäre probéieren, mä echweess net, ob dat akzeptéiert gëttam Sënn vun de Kritäre vun derEenzegaartegkeet,…(Hilarité et interruptions)…awer mir probéiere ganz gärennach e bëssen do ze sprangen, firdat hinzekréien. Mir si ganz dankbarfir all Virschléi an Dir kënntroueg nach anerer bréngen. Mirhunn och nach anerer am Kapp.Déi zweet Saach: Firwat d’IechternacherSprangprozessioun? Wellet eng Propos war, déi um Terrainsouzesoe gewuess ass – „bottomup“nennt een dat haut –, also engBottom-up-Propos. Si ass vun Iechternachselwer ausgaangen, andat ass och dat, wat d’Konventiounvirgesäit, d’Abanne vun de lokalena regionale Gemeinschaften, ochvun ONGen, an déi Proposen, firimmateriell Kulturgüter schützen zeloossen.D’Bedeitung dovunner, wannd’Sprangprozessioun an d’Konventiounageschriwwe gëtt, ass natierlechfir Iechternach selwer ganzgrouss, well et hir nach vill méi enggrouss Resonanz a Bedeitung gëtt.A grad am Virfeld vum Willibrordsjoer2008 ass dat net onwichteg anet wäert wahrscheinlech och andeem Joer sinn, wou déi IechternacherSprangprozessioun definitivan d’Lëscht ageschriwwe gëtt. Kulturellass dat wichteg, touristeschhuet dat eng Bedeitung, a Kulturtourismusass och ëmmer erëm enekonomescht Argument.Aner Saachen, wéi gesot, déi mereis kéinte virstellen, un déi merscho geduecht hunn, dat wär, wamer den Inventaire mussen opstellefir Reflexiounen ze maacheniwwert de Patrimoine linguistique,also een immaterielle Patrimonium– Sproochgebild a Sproochgebrauchzu Lëtzebuerg, wär vläichteppes wat géif dragoen. EngSprooch, déi net minoritär ass, datass allerdéngs eng aner Diskussioun,ob mer se opgeholl kréien.Bref, ech mengen, datt domat opdéi meescht Froe geäntwert ass.Am Fong ass jo elo nach RiedezäitRescht, vläicht kéint een elo nacheng Kéier e bësse Sprangprozessiounvirdanzen. Ech weess net, obde Jos Scheuer dat géif wëlle maa-
- Seite 3 und 4: Présidence: M. Lucien Weiler, Pré
- Seite 5 und 6: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 8 und 9: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 10 und 11: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 12 und 13: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 14 und 15: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 16 und 17: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 18 und 19: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 20 und 21: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 22 und 23: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 24 und 25: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 26 und 27: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 28 und 29: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 30 und 31: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 32 und 33: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 34 und 35: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 36 und 37: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 38 und 39: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 40 und 41: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 42 und 43: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 44 und 45: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 46 und 47: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 48 und 49: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 52 und 53: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 54 und 55: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 56 und 57: QUESTIONS AU GOUVERNEMENTCOMPTE REN
- Seite 58 und 59: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 60 und 61: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 62 und 63: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 64: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE