MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉANCE www.chd.lusief et als Deputéierte vun der Majoritéitoder aus der Oppositiounrespektiv aus der Regierung eraus.(Coups de cloche de la Présidence)Vill Leit, déi ni am Liewe perséinlechmat engem Flüchtling ze dinnhaten, hunn eng ganz fixéiert Meenungzu dëser Problematik, a siass net ëmmer duerfir fondéiert,och dann, wa se ganz haart ausgedrécktgëtt.Ech selwer kann zum Beispill soen,dass eist éischt Gesetz, wat 1996iwwert d’Prozedur zu Lëtzebuergkomm ass, op eng Initiativ vu mirzréckgeet, déi leider net wéigewënscht aboutéiert ass. Ech hatjust d’Éier, dass den Exposé desmotifs vu mengem Text an den Textagefloss ass, den Text a sech aweren anere ginn ass. Mä dat si Realitéiten,mat deenen ee muss liewen.Dat ass eng vu méi Frustratiounenoder Enttäuschungen, déi een erlieft,wann ee sech mat der sou genanntenerFlüchtlingspolitik ofgëtt,sief et als Privatpersoun, als Membervun enger ONG, als Affekotoder als politesche Verantwortlechen.Haut gëtt wahrscheinlech deenéischte Vote zu dësem neien Asylgesetzgeholl, wat och oft „Neit Réfugiésgesetz“genannt gëtt. Elengan deem éischte Saz ginn dräiFroen opgeworf an zwar, éischtensdéi: Wat bedeit Asyl? Zweetens:Wat ass e Flüchtling? Drëttens: Watheescht nei par rapport zur aktuellerSituatioun?Ier ech also zum Gesetzesprojet asech kommen, wëll ech ganz kuerzdéi dräi Begrëffer hei erklären.Éischtens, Asyl ass e Mënscherecht.Mä wat bedeit dat Wuert usech? Asyl heescht, dem Dictionnaireno, „Zufluchtsort“, e Refugean heescht op Latäin „Asylum“, wateleng scho beweist, dass et datoch scho bei de Réimer ginn ass.Hautdësdags bedeit dat, engstaatlech Prärogativ, Leit, déi aushirem eegene Land geflücht sinn,bei sech opzehuelen a se bei sechselwer ze integréieren.Zënter 1948 steet an der Mënscherechtsdeklaratiounvun der UNO:Am Fall vu Verfolgung, huet allMënsch d’Recht Asyl ze froen aSchutz an engem anere Land zefannen. 1951 gouf zu Genf d’Conventionde Genève ënnerschriwwen,d’Häerzstéck och haut nach aSaachen Asyl, besonnesch watd’Artikelen 1 an 33, de Principe denon-refoulement, ubelaangt. Et asswichteg ze soen – och haut hei –,dass et um internationale Plangkeng regelrecht Definitioun vumRéfugié gëtt. Den Artikel 1, Alinea2 vun dëser Konventioun definéiertjust d’Ursaachen an d’Ëmstänn,duerch déi ee kann de Statut vumRéfugié kréien. An eisem Gesetzass am Artikel 1 de Réfugié op Basisvun dëser Definitioun vun 1951probéiert ginn ze definéieren.Iwwregens ass déi richteg Bezeechnung„e Flüchtling“, an net,wéi oft fälschlecherweis gesot gëtt,„e Réfugié politique“. Well, fir alsFlüchtling oder als Réfugié unerkanntze ginn, kann een och ausanere wéi politeschen Ursaacheverfollegt ginn, wéi zum Beispillaus Grënn, déi zesummenhänkemat der Rass, mat der Relioun, matder Nationalitéit oder mat der Zougehéiregkeetzu engem spezielleGrupp oder zu enger speziellerEthnie. Et bleift allerdéngs richteg,fir ze soen, dass all Verfolgung fireng vun dësen Ursaache meeschtensaus politeschen Ursaacheneraus passéiert.Ervirzesträiche bleift, dass een, firde Statut ze kréien, net onbedéngtbeweise muss, dass ee verfollegtass oder ginn ass, mä et muss eebeweise kënnen, dass een zuRecht fäert, aus enger vun deenenopgezieltenen Ursaachen eraus,verfollegt ze ginn.Zum zweete Punkt: Wat ass eFlüchtling? Fälschlecherweis gëttbei eis jiddferee „Réfugié“ oder„Flüchtling“ genannt, ob hien ander Prozedur ass, an an deem Fallass et eigentlech en „Demandeurd’asile“, oder awer och schonn ofgewisenass, an an deem Fall asset en „Débouté“, an net nëmmendéi Leit, déi eigentlech de Statut vuGenf scho kritt hunn.Vill Leit froe bei eis Asyl un, mälaang net all, well se perséinlechverfollegt sinn, aus Ursaachen, déiech elo grad opgezielt hunn, mäwell se bei sech selwer doheemkeng Méiglechkeet hunn oder kenggesinn hiert Liewen ze maachen,an och, a virun allem, well et ganzoft keng aner Méiglechkeet gëtt, firden Otto Normalverbraucher iwwereen anere Wee regelrecht and’Land ze kommen, an hei säi Liewenze maachen.Dat awer, Dir Dammen an Dir Hären,si keng „Flüchtlingen“, dat si„Migranten“, sief et „Emigranten“,fir déi, déi kommen, an „Immigranten“,fir eis, déi mir se ophuelen.„Emigratioun“ an „Immigratioun“sinn och zu Lëtzebuerg bekannteWierder a fir all Bierger e Begrëff,„Emigratioun“ haaptsächlech amZesummenhang mat Amerika an„Immigratioun“ am Zesummenhangmat Italien, Portugal an eisenaneren Nopeschlänner.E puer Zuelen, wéi se sech de Momentzu Lëtzebuerg presentéieren.Vun 1999 un, bis an d’Joer 2005 –bis de Moment also –, hunn zu Lëtzebuergronn 9.000 Leit de Statutde réfugié ugefrot. An zwar e bësselcheméi detailléiert, 1999:3.000, wat relativ evident war, dowar de Krich am Kosovo. 2004, dowar et manner evident, an duerfirass d’Zuel och dunn op 1.600 erofgaangen,also praktesch d’Halschentvun 1999. An 2005 op 780,dat heescht, nach eng Kéier d’Halschentpar rapport zu 2004.Wann een eng gutt Erklärung fënntfir d’Erofgoe vun der Zuel vun3.000 op 1.600, esou ass et mannerevident ze erklären, wéisou2005, wou d’Chamber aktiv un dësemProjet schafft, d’Halschent vunden Demanden nëmmen erakommsinn, wéi déi Jore virdrun. Echschätzen – ouni dass ech dat kabeweisen –, dass dat deelweis domatze dinn huet, dass en neit Gesetzënnerwee ass, wat sécherlechmanner Latitudë léisst, wéi dat, watmer haut hunn, a wat évitéiert, dassLeit, fir déi mir virdrun attraktiv waren,dat haut net méi esou emfannen.Vun deenen 9.000 Leit hunn dergrosso modo 100 de Statut de Genèvekritt. Dat heescht also, eppesméi wéi 1%, während 360 aus Raisonshumanitaires hunn dierfen heibleiwen an 340 aus Toleranzgrënn,dat heescht well se net refouléiertkonnte ginn, hei bleiwen. Dat sinnder also a siwe Joer genau 700,grosso modo 100 pro Joer. Datheescht also, dass den Undeel uRéfugiéen a vun deenen, déi eekann assimiléieren, well se soit destatut de tolérance oder aus Raisonshumanitaires konnten hei bleiwen,e ganz, ganz klengen Deelvun der auslännescher Bevölkerungzu Lëtzebuerg ausmécht, déientre-temps bal 40% unhëlt. D’Zuelvun de Flüchtlingen oder deenen,déi assimiléiert sinn, ass also verschwindendkleng par rapport zudeenen Zuelen hei.Et ass duerfir och relativ kloer, dassmir mat dësem Gesetz net d’Problematikam Ganze kënne léisen.Mir kënne just fir muer eventuellbesser Resultater hunn, wat d’Demande-d’asilenubelaangt. Et bleiftawer ganz kloer, dass mir doriwwereraus en Immigratiounsgesetzbrauchen, dat heescht en neitSchaus-Gesetz vun 1972, watwierklech reformbedürfteg ass, anoch eng Integratiounspolitik, déiKont hëlt vun deem ganz héije Prozentsazvun Netlëtzebuerger, déibei eis am Land wunnen, net emoldéi Frontaliere matgezielt, déi allDag nach derbäikommen.Zum Ofschloss vun dëser Aleedung,wëll ech ganz kuerz déi neiPunkten aus dësem Gesetzestextopzielen.1. D’Aféieren, nieft deem normalenan deem temporäre Statut, déi merzënter 1996 respektiv 2000 hunn,vun zwee neie Statuter, an zwar deStatut subsidiaire an de Statut humanitaire.Wat dat bedeit, dorobberkommen ech herno zréck.2. D’Aféierung vun enger Méiglechkeetwährend der Procédured’asile ënnert gewëssene Konditiounenenger bezueltener Beschäftegungkënnen nozegoen.Dat ass den Artikel 14, op deenech och zréckkommen.3. Dat ass och e wichtege Punktvun dësem Gesetz – d’Verkierzungvun der Prozedursdauer, an zwariwwer verschidde Weeër. Dozoumuss ee soen, dass dat haaptsächlechoch déi Dispositiounesinn, déi an engem Text vun 2003scho virgesi waren, a vun deemeen also kann ausgoen, dass ochdéi deemoleg Regierungsparteienzu dësen Dispositioune stinn.4. Punkt ass, dass doriwwer erausan dësem Projet d’Transpositiounevu verschiddenen europäeschenDirektive mat iwwerholl ginn, an datam Hibléck op eng progressiv Harmoniséierungbis 2010, wéi datden Den-Haag-Programm am November2004 virgesinn huet.5. D’Schafung vun engem Centrede rétention ass och en neit Elementan dëser Gesetzgebung. Dat,mengen ech, muss een och alsVerbesserung gesinn vun där Situatioun,wéi se haut ass, well deeCentre de rétention déi Léit ophëlt,déi haut am Prisong landen. Et assganz kloer, dass par rapport zumPrisong och e Centre de rétentioneng besser Léisung ass. Viraarbechtenzum Programm vun DenHaag si geleescht ginn zënter1999, sief dat um Sommet zu Tampere,iwwert de Wee vun den Accordsvu Schengen, iwwert d’Konventiounvun Dublin an och denAmsterdamer Vertrag, an deem fird’éischt eng Kéier stoung, dassd’Asylrecht eng gemeinsam europäeschKompetenz ass.D’lescht Woch, den 1. Dezember,huet de Vizepresident vun der EuropäescherKommissioun, den HärFrattini, sech félicitéiert iwwer engdécisiv Etapp, déi d’Unioun en matièred’asile geschafen hätt. Echmengen, dass et net ëmsoss ass,fir ze soen, dass dee Progrès,deen d’lescht Woch zu Bréissel open Enn komm ass, säin Nidderschlagan enger Direktiv fënnt,deen och dësen Text schonn deelweisëmzesetzt.Zum Fong vum Gesetz méi am Detail.1. Elementer déi d’Prozedurdauerverkierzen. Amplaz dass ech Iechelo erklären, wou d’Differenze sinn,huet et mer geschéngt, dass et méiinteressant wier, mat engem konkreteBeispill hei ze demonstréieren,wéi d’Gesetz de Moment funktionéiert,éischter wéi d’Gesetz vun1996 hei an der Theorie ze erklären.Ech wollt Iech dann do e konkreteFall, deen et richteg gëtt, mate puer Datumen hei soen an dorauserprobéieren, e puer Konklusiounenze zéien, fir dann op déi neiDispositioune vun eisem Gesetz andëser Hisiicht zréckzekommen.Ech schwätzen hei vun engem Fallvu Leit, déi an der Mëtt vum Joer2000 zu Lëtzebuerg ukomm sinn,eng bestuete Koppel, deemoolsouni Kanner, Leit, déi allen zweeausgebilt waren an déi, soubal wéise hei waren, eng Demande d’asiledéposéiert hunn. Déi éischt Décisiounvum Minister ass am Oktober2003 komm, dat heescht ongeféier40 Méint nodeem déi Demandedéposéiert ginn ass.En éischte Recours, e Recoursgracieux, ass direkt no dëser Décisiounkomm, an zwar am Délai wéien am Gesetz steet. Dat war amDezember 2003 wou och de Recoursgracieux ofgelehnt ginn ass.157De Recours gracieux, an ech wëlldat kuerz erklären, dee gëtt et ochan deem neie Gesetz nach, mäcontrairement zu der Situatioun,déi mer haut hunn, ass e Recoursgracieux am neie Gesetz net méisuspensiv, dat heescht, et kanneen e maachen, mä déi Délaien,déi par ailleurs lafen, déi ginn doduerjernet ënnerbrach. Dat ass eevun deene groussen Ënnerscheeder.Den éischte Recours contentieuxass an deem hei Fall am Februar2004 komm an déi éischt negativDécisioun vum Geriicht ass dannoch zwee, dräi Méint drop komm.Duerno ass Appel gemaach ginn,an du ware mir schonn um Ennvum Joer 2004. Dunn hätt theoreteschnach kënnen en zweete Recoursgracieux komme fir nach engKéier dräi Méint Zäit gewannen zekënnen. Dat war awer net de Fall,mä et ass direkt een Appel gemaachginn, deen och ofgelehntginn ass.Duerno ass eppes aneschters probéiertginn, an och dat ass kengExceptioun. Et ass eng néi Demandeagereecht ginn, fir à titreprincipal eng Autorisation de séjouran à titre subsidiaire e Statutde tolérance zu Lëtzebuerg zekréien.Och déi Demande vun Enn 2004ass 2005 vum Geriicht an engeréischter Instanz ofgelehnt ginn anduerno och am Appel. Du ware mirMëtt 2005. Duerno koum en zweeteRecours gracieux, an nach währendder Vakanz 2005 ass d’Annulatiounvum Refus vun der Autorisationde séjour gefrot ginn. Ochdéi Demande ass natierlech ofgewiseginn, well wann een hätt kënnendovunner ausgoen, fir eng Autorisationde séjour ze kréien, wieret jo onlogesch gewiescht, fird’éischt Asyl ze froen ier een dëszweet Prozedur wëllt.Dorobber huet sech en anere Recoursgrefféiert; e Recours fir en Effetsuspensif vun der Prozedur zekréien, dat heescht fir ze froen, netausgewisen ze ginn esou laangwéi net déi leschten ugefroten Décisioungesprach ass. Mir hunnalso, wann ech elo richteg zesummenzielen,an dëser Affär zéng Recoursëgehat an Zäit vu grossomodo 70 Méint. Zéng Recoursen,déi net nëmmen Zäit kascht hunn,déi Leit beschäftegt hunn, déi Suekascht hunn an déi natierlech oche ganzt Lous vu Frustratiounen opverschiddene Plaze mat sechbruecht hunn.Ech probéieren déi heite Geschichtfir d’éischt aus der Vue vun denDemandeurs d’asile ze kommentéieren.Fir déi war et sécherlecheng frustrant Geschicht fir währendesou vill Joren Démarchen ze ënnerhuelen,ouni Satisfaktioun zekréien, an d’Gefill ze hunn net verstanenze ginn, schlecht logéiert zesinn, a vill Scherereie mat hirenAffäre gehat ze hunn. Well se nethun duerfen schaffen goen währendder ganzer Zeit waren siepraktesch derzou condamnéiert ofzewaardenan d’Gefill ze hunn,dass kee fir hir Situatioun Verständnishätt.En passant sief gesot, dass déi Leitentre-temps och zwee Kanner kritthunn zu Lëtzebuerg, déi also, wamir net d’Bluttrecht hätten, zweeLëtzebuerger Kanner gewieschtwären, wat net de Fall ass a wat –an dat mengen ech ass och interessantze soen – am Fong déiganzen Zäit fir si als verlueren Zäitunzekucken ass, well d’Leit forméiertwaren a soumat net profitéierthunn, fir déi eng oder déianer Formatioun ze maachen.Mir schéngt et awer och esou zesinn, dass, wa 40 Méint verstrachsinn, bis se déi éischt Äntwert kruten,eleng d’Ofschafung vun deRecours-Méiglechkeeten net duerwäert goen, fir déi Délaië massiv zekierzen.Et bleift och an dësem Kontextvilles ze soen iwwert den Accueil,wouriwwer mir lo virum Weekendden Avant-projet de règlementgrand-ducal kritt hunn. Mir hatenals Kommissioun keng Zäit doropanzegoen, wat mer awer an dennächsten dräi Méint sécherlechwäerte maachen, well mer jo dovunnermussen ausgoen, dass deeVote hei haut keen definitiven ass,mä e provisoreschen, well jo bis elode Statsrot am Fong seng Opposition-formellenoprechterhalen hueta mir dofir domadder rechne mussen,dass mer keng Dispens vumzweete Vote kréien.Et ass näischt esou schlecht, dasset net fir eppes gutt ass. Mir hunnalso dann Zäit, déi Reglementer,déi extrem wichteg si fir d’Uwendungvun dësem neie Gesetz,nach eng Kéier op de Leescht zehuelen an ze kucken ob wierklechdoranner déi Saache sinn, déi firdéi wierklech Liewensqualitéit vunden Demandeuren ubruecht sinn.Do geet ënner anerem Rieds iwwertd’Konditiounen, ënnert deenense logéiert sinn, wéi se traitéiertginn, wéi vill Suen dass sekréien an Ähnleches. Ech mengen,dass op deem Punkt wierklechd’Liewensqualitéit vun de Leit, wéise haut zu Lëtzebuerg sinn, substanziellmisst kënne verbessertginn, besonnesch wa mer dovunnerausginn, dass d’Zuel vun deenen,déi hei Asyl ufroen, erofgeet,dass d’Ëmstänn also misste méieinfach ginn, fir dësen Openthaltbei eis am Land, wéi kuerz oderwéi laang deen och ëmmer dauert,esou agréabel, esou gutt wéi méiglechze maachen.Datselwecht ass och ze soen iwwertde Règlement grand-ducalzur Formatioun, wou zréckzebehalenass, dass am Gesetz, contrairementzum Text vun der Regierung,elo e Recht op Formatiounsteet an dass nëmmen d’Konditiounen,ënnert deenen dat Recht kannexerzéiert ginn, iwwert d’Reglementkënne fixéiert ginn.Zum Reglement selwer ass zesoen, dass en och verbesserungswürdegass, well et nämlech neteinfach ass, sech erëmzefanne beide Formatiounsméiglechkeeten, firLeit, déi nach schoulflichteg sinn –a bei deene stellt sech d’Fro jo eigentlechnet, et sief dann, si sinniwwer 16 Joer a si maachen engLéier – an Erwuessener, déi soit anenger Formation tout court oder anenger Formation professionnellesinn.Ech wëll ee Moment zréckkommenop dat praktescht Beispill fir zeprobéieren dat och aus der Siichtvum Lëtzebuerger Stat ze kommentéieren.Mir hunn et an deemBeispill dann ze di mat zwee, deMoment véier Leit, déi sech während70 Méint zu Lëtzebuerg anengem Foyer opgehalen hunn andat ouni kënnen enger Beschäftegungnozegoen an net emol hierteegent Iesse preparéieren. Si sinneigentlech während 70 Méint hirereegener Verantwortung enthueweginn an hunn doriwwer eraus allMount e Betrag ausbezuelt kritt,deen zwar kleng ass, mä a 70Méint awer e grousse gouf. Fazit:grousse Käschtepunkt a groussOnzefriddenheet.D’Situatioun ass also wierklech netroseg, sief et aus der Siicht vumDemandeur d’asile, sief et vum LëtzebuergerStat, deen déi Séjourendo organiséiert, déi Leit encadréiert,etc. Ech mengen dofir,dass et evident a wichteg ass,d’Prozedursdauer souwäit ze kierzen,dass esou Situatiounen netméi kënne passéieren. Et ass evident,dass ee sech an Zäit vu fënnefJoer – och da wann ee sech netiwwert d’Aarbecht kann integréieren– iwwert d’Kanner an iwwertd’Zesummeliewen an enger Gemeinschaftforcément, gewollt oderongewollt, deelweis integréierthuet, an dat mécht et natierlech netméi einfach, keng Hoffnungen opkommenze loossen duerch d’Zäitdauereng Aussiicht ze hunn, definitivkënnen hei ze bleiwen.Et ass och nach dozou ze soen,dass déi Leit zréckgefouert goufenënner Konditiounen, déi net ëmmerzefridde stellend waren. Mir hunn
MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉANCE www.chd.luoch am Gesetz, dat elo hei virläit,am Artikel 72, Méiglechkeete virgesinn,dass dee Rapatriement, deeRetour forcé, wann deen dakomme sollt, muss ënner Ëmstännstattfannen, déi mënschewierdegsinn an am Respekt notammentvun der Recommandatioun vumConseil de l’Europe, déi geholl ginnass.Mir hunn eis awer geiert mat derPlaz wou dat heiten drasteet, welldo wou et steet, gëllt et nëmme firLeit, déi ënnert dem Statut subsidiairesinn. Et ass awer evident,dass dat muss fir all Leit gëllen, déizréckgefouert ginn.Ee Wuert nach, Dir Dammen an DirHären, zu de Règlements grandducaux.An där éischter Sëtzungam Januar hunn ech bei der éischterVirstellung vun dësem Projetgesot, dass dee Projet hei net géifdefinitiv gestëmmt ginn, ier mer netd’Exekutiounsbestëmmungen derbäihätten. Mir hunn elo Texter, déien Avant-projet sinn, déi kengesfallsop alle Punkten ausserhalbvun aller Diskussioun sinn. Echmengen duerfir, dass mer déi Zäit,déi elo kënnt, mussen notzen, firnet nëmmen definitiv Texter virleienze hunn, déi schonn duerch e Regierungsrotwaren, mä och Textervirleien ze hunn, déi mir virdrund’Geleeënheet haten, an deenenzoustännege Kommissiounen zediskutéieren, notamment déi zweeganz wichteg Reglementer iwwertden Accueil, iwwert d’Formatiounan och iwwert d’Aarbecht.Ech wollt Iech iwwregens soen,dass zu deem Punkt, deen d’Méiglechkeetubelaangt, fir währendder Prozedur ënner gewëssenenËmstänn kënne schaffen ze goen,ganz kloer e Fortschrëtt ass parrapport zu där Situatioun, déi merelo hunn. Mir wëssen alleguertenheibannen, dass dat dote keng revolutionärMoossnam ass, esou wéiden Artikel 14 libelléiert ass, mädass et op jidde Fall net kann esousinn, dass och iwwert d’Reglementdéi Limitatiounen, déi am Gesetzselwer schonn drastinn, nach géifegekierzt ginn.Mir wësse schonn, dass d’Préférencecommunautaire beispillsweisdran ass, dass een nëmme kanneng Autorisatioun kréie wann eennéng Méint mindestens am Landschonn ass, ouni eng éischt Äntwertvum Minister ze kréien, dassdéi Autorisatioun nëmme gëllt fir eePatron a fir eng Period vu sechsMéint, déi ka prolongéiert ginn, ananer Detailer op déi, wéi ech unhuelen,och de President vun derAarbechtskommissioun nach wäertagoen, well mir hunn den Avis ausdëser Spezialkommissioun op dësemPunkt am Projet hei integraliwwerholl.Ech wollt Iech dann och nachsoen, dass mir als Kommissioun zudësem Gesetz vill Avisë kritt hunn,net nëmmen déi, déi mer hu missekréien, wéi déi vum Statsrot, mäoch vun ONGen, ganz besonneschoch vun ONGen, déi sech opEegeninitiativ zu dësem Projet gemellthunn. All deenen, déi dat gemaachhunn, wëll ech vun hei ausMerci soe fir déi fondéiert Avisën,déi mer kritt hunn:Notamment déi vum LëtzebuergerFlüchtlingsrot, déi vum UNHCR,déi net nëmmen een, mä zweeschrëftlech ganz detailléiert Avisëgemaach hunn, d’Commissionconsultative des droits de l’homme,den Ombudscomité fir d’Rechtervun de Kanner, de Conseil nationaldes Étrangers, mä och dee méi informellenAvis vun der AG Migration,deen iwwer Internet und’Membere vun der Kommissiounerausgaangen ass, den Avis vunder ASTI, deen zwar och schonnam Lëtzebuerger Flüchtlingsrotdran ass, mä déi ganz zumSchluss och nach en Avis ginnhunn, a schlussendlech den Avisvum Lëtzebuerger Barreau, dee firKleeschensdag genee ukomm ass,awer dee Moment am Fong zespéit, fir dass en nach hätt kënnenernimmt ginn am schrëftleche Rapport.Ech wëll duerfir e bësselche méidetailléiert op deen Avis agoen,well souwisou an deem Avis Kritikendrastinn, déi sech och an anerenAvisën erëmfonnt hunn. Nieftdeenen Avisën, déi mer an derKommissioun studéiert hunn, sinnoch nach aner Intruktiounsmesurëgeholl ginn am Kader vun derKommissioun.Notamment hunn ech mer mat derSekretärin e Centre d’accueil ugekuckt,ech hu mat de Leit geschwat,mam Personal wat doschafft, etc. Ech war op de Ministèrean ech war – an dat war engerbaulech Zeen, déi villes ausmenger Optik geännert huet – beiengem éischten Entretien vun engemDemandeur d’asile derbäi anhat och bei därselwechter Geleeënheet,zesumme mamJacques-Yves Henckes, en Entretienmat der Police judiciaire, déiam Accueil jo probéiert, d’Leit zeempfänken, ze identifizéieren a seopzelëschten.Ech kommen dann elo, ouni an denDetail ze goen, op d’Haaptkritikenzu dësem Projet zréck, déi am Lafvun der Prozedur zur Sproochkomm sinn, an ech wëll Iech dannoch erklären, wat fir enge Kritikemir Rechnung gedroen hunn anAmendementer gemaach hunn awat fir enge mer keng Rechnunggedroen hunn, an ech wëll Iechdann och erklären, aus wat fir engenUrsaachen.Eng Kritik, déi ëmmer erëmkommass, dat war déi, dass systemateschsollen Empreintes digitales,Fangerofdréck geholl ginn an ochKierperfouillë virgeholl ginn. Mirhunn dorobberhin den Text iwwertd’Fouille-corporellë geännert anderbäigesat, dass d’Fouille corporelleam Fong nëmmen da soll virgehollginn, wa se néideg ass, andann, wann dat de Fall ass, amRespekt vun der Dignitéit vun deLeit, déi concernéiert sinn.Bei den Empreintes digitales humer keng Exceptioun gemaach,well et ganz einfach aus eisen internationalenEngagementer erausextrem wichteg ass, kënne festzestellen,ob déi Leit, déi bei eis engDemande ufroen, net schonn anengem anere Land dat gemaachhunn, eventuell ofgewise gi sinn,oder ob se eventuell hätte misseneng Demande an engem Landmaachen aus der EuropäescherUnioun, an deem se ukomm sinn,ier se zu Lëtzebuerg waren.Dann ass ganz vill kritiséiert ginnd’Institutioun vun engem Centre derétention, d’Cas-d’ouverturen anoch d’Dauer vun deem Séjour,deen am Gesetz fir dëse Centredrasteet.Zum Centre de rétention ass eppesze widderhuelen, wat ech aganksscho gesot hunn. Dat ass sécherlechkeng Performance a sech, eCentre de rétention opzemaachen.Et muss een awer wëssen, dassdéi Leit, déi elo muer oder iwwermuer,wa mer dann een hunn, ande Centre de rétention kommen,och haut net alleguerte fräi sinn,mä haut fanne se sech am Prisongerëm, a par rapport zum Prisongass sécherlech och de Centre derétention eng besser Léisung wéidat haut de Fall ass.Doriwwer eraus gëtt de Centre derétention eis d’Méiglechkeet, netnëmmen aner Konditiounen ze hufir dee Séjour, well béid Séjouresinn eng Privation de liberté, mä deRegime vun deenen engen a vundeenen anere ka wierklech enanere sinn, an ech mengen och,dass dat am Intérêt ass vun deeneLeit, déi sech an deem Centre derétention wäerten erëmfannen.Och eng vun deene Froen, déiganz vill Oprou zu Lëtzebuerg geschafenhunn, war déi vun de Retour-forcéen.Dass d’Leit moies fréibei Sonnenopgang mat der Polizeidoheem ofgeholl ginn, fir rapatriéiertze ginn, wäert ophéieren,wa mer e Centre de rétention hunn,well deen huet och d’Vokatioun fird’Leit ze empfänken, déi sollenzréckgefouert ginn, an amplaz seda moies fréi ënner net ëmmeragréablen Ëmstänn heem en présencevun de Kanner sichen zegoen, kommen déi Leit een oderzwee Deeg éischter an dee Centrede rétention a si ginn do encadréiertvu Personal, wat sechwierklech fir se asetzt, esou dassdee Retour da kann och stattfannenënner bessere Konditiounen,wéi dat bis elo de Fall war. Also ochdat ass, mengen ech, en Argument,wat fir d’Aféierung vun dësemElement am Gesetz schwätzt.Et ass dann och déi Dauer kritiséiertginn, fir déi ee kann an deeCentre de rétention do kommen.Am Regierungstext war eng Maximaldauervu sechs Méint virgesinn.Eng Maximaldauer, wou e gewësseneMoment gefrot ginn ass, firdéi generell op zwee Joer ze hiewen,wou mer dann no villem Hinan Hier op eng Konklusioun kommsinn, déi Maximaldauer op ee Joerfestzesetzen, mä nëmmen a ganzspezifesche Fäll.De Moment gesäit den Text vir,dass deen Délai vun engem Joernëmmen an enger eenzeger Hypotheeska spillen, an zwar an därHypothees, wou d’Identitéit vumDemandeur d’asile net kloer ass,well hie beispillsweis seng Fangerspëtztentraitéiert huet, dasshien net méi doriwwer ze identifizéierenass, dass hien – wéi balëmmer – keng Pabeieren hat ausdeenen ee kënnt schléissen, wienhie wier. Well net onbedéngt emolgewosst ass, aus wat fir engemLand se kommen, wat mat sechbréngt, dass öfters Transporter heimat Demandeurs d’asile op Bréisselmusse stattfannen, op Ambassaden,wou festgestallt soll ginn,ob déi Leit aus deem Land kommen,wou se behaapten, dass sekomm sinn. A wann da festgestalltgëtt, dass dat net de Fall ass, dawësse mer zwar entre-temps vuwou se net kommen, mä mer wëssennach ëmmer net, vu wou sesinn a mat wiem mer et ze dinnhunn.Dat lescht Argument, wat ech zudësem Délai wëllt soen: Deen Délaivun engem Joer war net mengIddi, mä ech mengen, dass eemuss kënnen domadder liewen,wann ee weess, dass déi Leit, déihei gemënzt sinn, déi kënne währendengem Joer am Centre de rétentionzréckgehale ginn, am Fonget an hirer eegener Hand hunn, firfräizekommen. Si brauchen amFong just dee Moment Elementerze ginn, déi et erlaben, festzestellen,mat wiem mer et an der Prozedurze dinn hunn. Oder ass et netlogesch, dass, wann iergendeeneng Demande mécht, deen, deendeen Dossier traitéiere muss, sollwierklech wëssen, mat wiem hienet ze dinn huet?Wann dat net de Fall ass, ass etreng onméiglech dass déi Prozedurka weidergoen, an duerfir mengenech och, dass deen Délai do,deen exceptionnellen Délai an engereenzeger Hypothees sech ander Praxis justifizéiert.Dann hu mer ganz vill Kritike krittop deem Punkt iwwert d’Suppressiounvum duebelen Degré de juridiction,an ech kommen dann doméi detailléiert op den Avis vumBarreau zréck, well en fait déi Kritikevum Barreau déiselwecht sinn,wéi déi aus deenen de Statsrotseng Opposition-formellen erauszitt,an déi sech praktesch och anallen Avisën, dat heescht deenevum UNHCR an deene vun anerenONGen, déi ech ugeschwat hunn,och vun der Commission consultativedes droits de l’homme, erëmfannen.Zur Prozedur! Hei gëtt gesot, etwär inacceptabel, dass am Fall vunenger Procédure accélérée am Kadervum Artikel 20 et kee Recoursgëtt. Dat ass géint de Prinzip vunder Décisioun iwwert d’Procédureaccélérée, well et am Prinzip géint158all Décision administrative eng Recoursméiglechkeetmisst ginn.Dozou kann ee soen, dass, wannet souwisou esou ass, dass et ëmmere Recours ka ginn, dat och amFall vum Artikel 20 net ausgeschlossass, mä dass dee Recoursdann nëmmen zesumme mam Recoursum Fong komme kann. Esoudass een – och wann dat dann netno engem Prinzip ass, deen echmeeschtens uwenden, an zwardeen: „Ce qui va sans dire vamieux en le disant“ – hei ka soen:Mä wann et souwisou esou ass, damusse mer et jo net soen; et ka jodann awer an der Praxis gemaachginn. Esou dass déi Kritik um Artikel20 a mengen Aen an där Hisiichtnet fondéiert ass.Et gëtt eng zweet Kritik iwwertd’Fehle vum duebele Recours amFall vun Incompétencen an Irrecevabilitéiten,wou mer een eenzegeRecours hunn, mä e Recours en réformation.Et steet am Gesetz dran,dass dat e Recours „en premier etdernier ressort“ ass. Dat ass effektivda keen duebelen Degré de juridiction,mä et gëtt am Text vun derRegierung – an dat gëtt och netbestridden an den Avisën, déi merpar ailleurs kritt hunn – net bestridden,dass an deenen Hypotheesen,wou eng Irrecevabilitéit odereng Inkompetenz hei ass, jo forcémentdeen Dossier nach op engeranerer Plaz muss gekuckt ginn.(M. Jos Scheuer prend la Présidence)Wann d’Lëtzebuerger Riichterenoder de Lëtzebuerger Immigratiounsministèreinkompetent assoder d’Demande irrecevabel ass,well se beispillsweis hätt missen anengem anere Land gemaach ginn,da geet et sécherlech duer, dassmir hei zu Lëtzebuerg ee Recourshunn, well et jo evident ass, dassop enger anerer Plaz iwwert déiselwechtDemande en anere Recourska kommen. Mir hunn also do ochen duebelen Degré de juridiction,och wa mer en net onbedéngt heizu Lëtzebuerg op der ganzer Prozedurhunn.Dann ass nach kritiséiert ginn,dass bei der Décision au fond denzweete Recours, also den Appel, eRecours en annulation ass. Datwier critiquable, well bei engemRecours en annulation nëmmend’Legalitéit gekuckt gëtt an netd’Faiten analyséiert ginn.Elo ass et awer evident, an doriwwergëtt et Jurisprudenze vum Tribunaladministratif, déi soen, woud’Riichtere selwer erklären, dassdee Moment, wou se iwwert d’Legalitéitstatuéieren, se dat natierlechnëmmen da kënne maachen,wa se d’Faitë mat a Considératiounhuelen. Well eng Legalitéit ze appréciéierenouni de Kontext ze appréciéieren,an deem e sech ofspillt,ass eng Saach vun der Onméiglechkeet.Esou dass ee kasoen, dass deen zweete Recourshei zwar e Recours en annulationass, mä dass och dee Recours enannulation net ouni eng Analys vunde Faitë geet. Esou dass a mengenAen op jidde Fall – an dat soen echoch als Juristin – dem Prinzip vumduebelen Degré de juridiction heiSatisfaktioun ginn ass.Da soen Affekoten, oder vläicht méirichteg, den Här Bettel,...(Interruption)…et wier net akzeptabel, dassnëmmen ee Mémoire de part etd’autre kéint échangéiert ginn. Evidenterweisaus der Ursaach eraus,fir net onnéideg d’Prozeduren and’Längt ze zéien. Et gëtt gesot, datwier e Skandal. Dat ass och a priorinet erfreelech.Wann also elo en Affekot oder Représentantvum Ministère freet,wéinst engem neien Element nacheppes développéieren ze kënnen,da sinn ech sécher, dass kee Riichtergéing soen, dass bei engemPrinzip keng Exceptioun méiglechwier.Ech mengen deemno, dass et demTribunal an der souveräner Appréciatiounvun all Riichter iwwerloossass, eng Exceptioun op e Prinzipze maachen ouni doduerch d’Mënscherechtervun deeneschwächste Gruppen aus eiserGesellschaft zu Lëtzebuerg ze verletzen.Dat, Dir Dammen, Dir Hären,ganz kuerz zu de Kritiken amenger Argumentatioun dozou,déi ech dorobber ginn.Da wëll ech ganz kuerz zréckkommenop de Projet, wéi en 2003 vunder viregter DP-CSV-Regierung déposéiertginn ass, an Iech erklären,wat an deem stoung a wat an dësemProjet hei besser ass wéi andeem éischten. An der Hoffnung –ouni allze vill grouss Hoffnung –,dass déi Leit, déi mat deemschlechteren Text d’accord waren,och hiren Accord haut géife ginn,fir en Text, deen, a mengen Aen jiddefalls,largement verbessert ginnass zënter dem Joer 2003.Déi éischt Verbesserung par rapportzum Text vun 2003 ass déi,dass contrairement zu deem originellenText de Maintien vum Interpreta vum Affekot bäibehale ginnass, net nëmmen um Geriicht, mäoch während der Procédure administrative.Dat ass, Dir Dammen an Dir Hären,determinant, well den Dossier ass,wéi ëmmer, esou gutt wéi d’Instruktiounass. Wann d’Instruktioun bâcléiertass a se gemaach ginn assënner Ëmstänn, déi Zweifel iwwregloossen, wat d’Verständnis ubelaangtetc., da kann näischtGuddes derbäi erauskommen. Wamer hei vun Ufank un all Garantiëbäibehalen, déi mir elo hunn, datheescht den Affekot an den Interpretoch an der Prozedur um Ministère,da mengen ech, dass dat eganz seriöe Progrès ass par rapportzum Text vun 2003, wéi evirläit.D’Assistance judiciaire ass och virgesinn,an zwar net nëmmen ander Procédure judiciaire, mä ochan der Procédure administrative.Dat ass aus deeneselwechten Ursaachewéi an deem viregte Beispillee substanzielle Progrès firden Respekt vun de Mënscherechtervun deenen Demandeursd’asile.Da gesäit deen Text, deen haut zurOfstëmmung kënnt, d’Schafungvun engem Centre de rétention vir,deen net am Text vun 2003 war. Awa mir wëssen, dass déi Leit, déinet an de Centre de rétentionkënne kommen, an de Prisongkommen, da mengen ech, musseen agesinn, dass och d’Institutiounvum Centre de rétention engsubstanziell Verbesserung ass parrapport zum Text vun 2003.Doriwwer eraus, Dir Dammen anDir Hären – besonnesch déi vunder DP –, setzt dëse Projet zweenei Statuten an d’Welt, an zwar deStatut subsidiaire, dat heescht etStatut fir déi Leit, déi net genaud’Kritäre vum Artikel 1 vun derGenfer Konventioun erfëllen, déiawer trotzdeem bewisen hunn,dass se verfollegt sinn. Si kënnenzwar net de Statut vun der Konventiounvu Genève kréien, mä de Statutsubsidiaire deen och matgewëssene Garantië verbonnenass. Och dat ass also mengerMeenung no e substanzielle Progrès.Deen Text, deen elo virläit, gesäitde Centre de rétention vir, deen netam Text vun 2003 war. A wa mirwëssen, dass déi Leit, déi net ande Centre de rétention kënne kommen,an de Prisong kommen, damengen ech, muss een agesinn,dass och d’Institutioun vum Centrede rétention eng substanziell Verbesserungass par rapport zumText vun 2003.En anere Progrès ass d’Méiglechkeetvum Artikel 14, no engergewëssener Zäit am Kader vumStatut subsidiaire och kënnen engerbezueltener Beschäftegungnozegoen, an endlech opzehalemat deem, wat een als déischwéierst Mënscherechtsverletzungkéint ugesinn, déi passéiert,an deem ee Leit während Jorequasi derzou condamnéiert näischt
- Seite 3: Présidence: M. Lucien Weiler, Pré
- Seite 8 und 9: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 10 und 11: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 12 und 13: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 14 und 15: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 16 und 17: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 18 und 19: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 20 und 21: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 22 und 23: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 24 und 25: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 26 und 27: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 28 und 29: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 30 und 31: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 32 und 33: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 34 und 35: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 36 und 37: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 38 und 39: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 40 und 41: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 42 und 43: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 44 und 45: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 46 und 47: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 48 und 49: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 50 und 51: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 52 und 53: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 54 und 55:
JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 56 und 57:
QUESTIONS AU GOUVERNEMENTCOMPTE REN
- Seite 58 und 59:
QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 60 und 61:
QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 62 und 63:
QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 64:
QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE