13.07.2015 Aufrufe

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉANCE www.chd.luEch ginn Iech e puer Beispiller. Beiverschiddenen Nomadepopulatiounenan der Mongolei gëtt et säitiwwer 2.000 Joer d’Traditioun – echbieden Iech mech ze entschëllegen,ech huelen un, dass mengPrononciatioun net richteg wäertsinn – vum „Urtiin duu“ – dem„laange Lidd“. Dës Lidder si vunden Nomadevölker bei grousseGeleeënheeten opgefouert ginn,an duerch d’Verännerung vun hirerLiewensweis, dem Verloscht vunhirem Weideland an domadder derSédentaritéit, riskéiert dës traditionellAusdrocksform verluer zegoen.A Südmarokko hu sech säit éiwegBeduinestämm periodesch getraffan engem Moussem, enger ZortFoire fir kulturell, ekonomesch a sozialÉchangen. Dës Moussem sinnawer och a Gefor, an domat all déiBräich, déi domat a Verbindungstinn, duerch och erëm d’Ännerungvun hirer Liewensweis. Säit e puerJoer fënnt zu Tan Tan elo erëm allJoer esou e Moussem statt.Am Bangladesch, a Westbengalengëtt et d’Traditioun vun de Baul,vergläichbar mat de Minnesänger,déi et bei ons am Mëttelalter ginnass, déi vun Duerf zu Duerf zéienan do sangen, danzen a Musekmaachen. Dës Form vu Musek gëttvun engem Sänger zum anerevermëttelt an dat säit dem 15. Jorhonnert.Si drécke mat hirer speziellerMusek eng Relioun awer ocheng Philosophie aus, déi am ländlecheBengalen déif verwuerzeltass. Dës Traditioun ass awer a Gefor,well d’Landbevölkerung mëttlerweilesou aarm ass, dass sesech selwer net méi kann ënnerhalen,a scho guer net hir Minnesänger.Ech kommen elo e ganze Schrëttméi no. An Europa, a Sardinien, heigëtt et och eng Gesankstraditioun,an zwar den A Tenorgesank, e polyphoneschenA-cappella-Gesank,dee vu véier Männerstëmme virgedroegëtt. Hei ass et net de Mangelu finanzielle Fongen, mä den Tourismus,deen derzou féiert, dassdës Opféierungen ëmmer méi ausde klenge Réuniounen op d’Bühneverluecht ginn, an et doduerjer zuenger Veraarmung vum Repertoirekënnt.A Spuenien, zu Berga a Katalonien,gëtt et eng Traditioun vu Prozessiounen,déi heesche „Patum“,déi op d’Corpus-Christi-Prozessiounenaus dem Mëttelalter zréckzeféieresinn. Et ass eng Parad vuMasken, awer et gehéiert och engspeziell musekalesch Ausdrocksformdozou. Et ass e reliéiseBrauch, dee sech aus der heednescherZäit iwwerdroen huet.Ech kéint och nach laang weiderfueren,mä ech mengen dës puerBeispiller illustréieren zimlech genee,wat een ënner immaterielleKulturgidder versteet. An ech mengenoch, et ass elo kloer, wat denIntérêt vum Ënnerhale vun dësenTraditiounen ass.Firwat sinn awer elo schonn déi 47Elementer op dëser Lëscht, wouons Konventioun eréischt dann aKraaft trëtt, wann 30 Länner ratifizéierthunn? Nun, et ass säit 2001eng biennal Proklamatioun vun immaterielleKulturgidder op engerprovisorescher Lëscht ginn. DësLëscht gëtt bei der Entrée en vigueurvun der Konventioun automateschop där representativer definitiverLëscht iwwerholl.Wéi soll dat fonctionnéieren?D’UNESCO kritt d’Kandidature firseng zwou Lëschten eran, ënnersichtse an décidéiert, ob se op dësenInventaire solle kommen odernet. Et ginn zwou där Lëschten, wéigesot, eng méi eng „klassesch“ representativLëscht vum Patrimoineculturel vun der Mënschheet, zevergläiche mat der Lëscht fir déimateriell Kulturgidder, wou jo zuonsem groussen Houfert och onsWenzelsmauer an d’Family of Mandropstinn. Donieft gëtt et engzweet Lëscht, wou déi Elementerdropgesat ginn, där hiert Erhalendréngend ass, déi an akuter Geforsinn.D’Konventioun gesäit vir, dasszwee Organer dës Prozeduren assuréieren:eng Assemblée généralevun de Länner, déi all zweeJoer zesummekënnt, an ee Comitéintergouvernemental de sauvegardedu patrimoine culturel immatériel.An dësem Comité sëtzen 18Représentanten, déi op der Assembléegénérale gewielt ginn,mat engem Mandat vu véier Joer.All zwee Joer gëtt dëse Gremiumzur Halschent erneiert. D’Memberszuelgëtt op 24 Membereneropgesat, wa 50 Staten der Konventiounbäigetruede sinn.Wat sinn de Länner hir Obligatiounen?Nun, si verflichte sech:- op hirem Territoire eege Mesurenze huelen, fir hire Patrimoine immatérielze erhalen;- op hirem Territoire och dës Elementerze erfaassen, an zwar zesummemat de concernéierteCommunautéiten, Gruppen, anONGen, an dann en Inventaire opzestellen,a schliesslech- eng Politik ze féieren, déi generelleng Mise en valeur vun hirem Patrimoineassuréiert, awer och dee legalen,finanziellen an Erzéiungskaderheifir ze schafen.D’UNESCO selwer gëtt sech engRei Instrumenter, fir op internationalemPlang anzegräifen, ausserder Gestioun vun deenen zwou Lëschten,déi ech virdrun ernimmthunn. Si mécht selwer Promotiounvu Programmen a Projeten, déid’Philosophie vun der Konventiounerëmspigelen, a soll sech heibäibesonnesch ëm d’Entwécklungslännerkëmmeren; aus verständlechenUrsaachen. Si bitt dann ochinternational Assistenz a Form vunExpertise, Formatioun, Élaboratiounvun Normen a schliesslechsouguer Équipementer un, do woudat néideg ass.Ech wëll dës Méiglechkeete besonneschervirsträichen, well, wamer vum immaterielle Kulturgutt vuverschiddenen ethnesche Gruppen,a besonnesch Minoritéiten,schwätzen, da schéngt et kloer,dass dës Gruppe vläicht net ëmmeresou vun deene Länner, zudeene si gehéieren, ënnerstëtztginn. Wa mer hei en Instrumentkréien, fir an esou Fäll eng internationalHëllef kënnen unzebidden,da schéngt dëst eleng mer schonneng ganz wichteg Ursaach dëserKonventioun bäizetrieden.Här President, léif Kolleeginnen aKolleegen, et gëtt awer nach anerUrsaachen, firwat mir als Lëtzebuergernet nëmmen iwwerhaapt,mä grad elo dëser Konventiounsollte bäitrieden: Mir hunn nämlechan onsem Land esou eng eenzegaartegimmateriell kulturell Manifestatioun,an dat ass déi IechternacherSprangprozessioun.D’Madame Hennicot-Schoepgeshat duerfir och scho mat engemGroupe de travail ad hoc en Dossierpreparéiert, fir si op déi Lëscht,also déi no den ale Modalitéiten,anzedroen. Iwwert dëse Preparativenass et dunn zu där neier Konventiounkomm, an et ass dem Kulturministèreno geluecht ginn, deWee vun där neier Prozedur zegoen. Dat awer net, well d’Sprangprozessiounnet géif op d’Lëschtpassen. Au contraire, Lëtzebuergass vun der UNESCO encouragéiertginn ze kandidéieren, wannoch net schrëftlech, MadameFlesch.(Hilarité)Ech wëll hei net op Inhalten an Ursprongvun der Sprangprozessiounagoen. Dat mécht sécher deen eenoder deen anere Politiker, dee sechméi an déi Géigend zougehéieregspiert, besser. Ech wëll hei justkuerz op den Agenda agoe vundär Kandidatur.(Interruption)Well da versteet een och, firwat, hicet nunc, an nach virum Joreswiessel,dës Konventioun soll duercheis Chamber ugeholl ginn.Wa mer elo direkt d’Konventiounratifizéieren, gehéiere mer nach zudeenen éischten 30 Länner. DéiResponsabel rechne sech doduerjereng gutt Chance aus, dass Lëtzebuergoch an deem éischte Comitévertrueden ass. Et ass deWonsch vu Lëtzebuerg, an dat assan der Diskussioun an der Kommissiounkloer gesot ginn, fir andësem Comité och aktiv un derÉlaboratioun vun de Kritären, fir opdës Lëscht ze kommen, matzeschaffen.Déi zweet Ursaach, firwat elo, assdéi, dass wann dat neit Joer 30Länner ratifizéiert hunn – et sinnder bis elo 27 –, si dräi Méintduerno kënnt en vigueur trieden,an da géifen d’Kandidaturen ënnersichtginn, an zwee Joer no deréischter Generalassemblée kënntdann d’Sprangprozessioun op dësLëscht agedroe ginn, zäitgläichmam Willibrord-Joer 2008, watdann e wichtegt Joer, net nëmmefir Iechternach, mä fir onst ganztLand wier.Et interesséiert Iech gradesou wéivirdrun d’Membere vun onser Kommissioun,awer ganz sécher och,wat de Käschtepunkt vun dëserAktioun ass. Et ass esou, dassd’Memberstaten all zwee Joer engKontributioun an dëse Fong wäertebezuelen, no engem uniformëPourcentage, deen awer net méiwéi 1% vun deem Stat senger Kontributiounum Budget ordinaire vunder UNESCO däerf bedroen. Dat sifir Lëtzebuerg héchstens 2.000Euro. An ech géif mengen, souguerno de Budgetsdiskussioune vunder leschter Woch, dass mer onsdat kënnten an och sollte leeschten.Ech géif Iech gär wëllen am Nummvun der CSV-Fraktioun dëse Projetun d’Häerz leeën. Et ass nämlechfälschlech verschiddentlech an derKommissioun esou duergestalltginn, wéi wann den Intérêt vun dësemProjet ganz eleng un derUnerkennung vun der IechternacherSprangprozessioun géif léien.Ech hoffen, dass ech dat duerchdës Ausféierungen entkraaft hunn,ganz besonnesch am Intérêt vunall deene Minoritéiten, deenen hirimmateriell Kulturgidder wierklech,a vläicht méi, a Gefor sinn, wéi onsSprangprozessioun.Ech wëllt awer och am Numm vunder CSV-Fraktioun nach eng Kéierbetounen, dass mir d’IechternacherSprangprozessioun net elengals reliéis, mä als kulturell Manifestatiounwëlle gesinn, als Traditioun.Wann ech déi Leit dann iwwerzeegthunn, dass dat d’Approcheass, déi ee soll zu dësem Problemhunn, hoffen ech, dass se dëseProjet wäerte matstëmmen. Echkann hinnen, ouni dem HärScheuer wëlle virzegräifen, versécheren,dass d’Urspréng vun derSprangprozessioun och an heednescherZäit leien.Ech bréngen also den Accord vumenger Fraktioun zu dësem Projeta soen Iech villmools Merci fird’Nolauschteren.■ Plusieurs voix.- Très bien.■ M. le Président.- Merci, MadameStein. Éischt Riednerin,d’Madame Colette Flesch. MadameFlesch, Dir hutt d’Wuert.202Discussion générale■ Mme Colette Flesch (DP).-Här President, Dir Dammen an DirHären, fir d’alleréischt wëll ech derRapportrice, der Madame Stein-Mergen, Merci soe fir hire Rapport.Engersäits fir hire schrëftlecheRapport, dee se wierklech an engerRekordzäit virgeluecht huet –an ech gi vläicht e bëssen dorobberan –, an och ganz besonneschawer fir hire mëndleche Rapport,wou ech mengen, dass se wierklechgenee drop higewisen huet,wat de Wäert an d’Portée vun därKonventioun ass, ouni an deem Zesummenhangvun der IechternacherSprangprozessioun zeschwätzen, op déi ech awer nachduerno ze schwätze kommen.Wat ons frappéiert huet bei deemProjet, dat ass, dass en de 25. Meevun dësem Joer déposéiert ginnass, dass en de 25. Oktober vumConseil d’État aviséiert ginn ass andass du Funkstille war. An dunn opeemol si mer uganks DezemberHals iwwer Kapp an eng Kommissioungeruff ginn, den 12. Dezember.An de 14. Dezember hu merde Rapport ugeholl. Dat heeschtalso, dass mer do enorm zügeggeschafft hunn.D’Regierung seet ons, dee Projetwär urgent, well Lëtzebuerg wärgäre bei deenen éischten 30 Lännerderbäi, déi déi Konventioun ratifiéieren,an dass doduerjer ochLëtzebuerg eng Chance hätt, eSiège ze kréien an deem éischteComité intergouvernemental desauvegarde du patrimoine culturelet immatériel.Här President, well ech scho laangan dësem Geschäft dobäi sinn aweess, wéi déi Saache ginn, seetmäi klenge Fanger mir, dass wahrscheinlechd’Urgence doropzréckzeféieren ass, dass eng Persoun– egal wie si ass – net kanndorop waarden, dass si an dee Comitégenannt gëtt. Esou ginnd’Saachen zu Lëtzebuerg an esouginn d’Saachen dann op eemol urgent.Ceci dit, Här President, wëll echawer ganz kloer soen, dass onsFraktioun wäert dee Projet stëmmen,aus all deenen Ursaachen,déi d’Madame Stein elo an hiremmëndleche Rapport évoquéierthuet. De Patrimoine culturel immatérielass ee wichtegen, an etschéngt ons richteg, dass Lëtzebuergno där Traditioun, dass Lëtzebuergëmmer an der UNESCOMember war, och dëser Konventiounbäitrëtt.Wat awer bei ons oder bei mir verschiddeFroe suscitéiert, dat assden Exposé des motifs. Fir d’alleréischtwëll ech hei festhalen, wéid’Madame Rapportrice et scho gesothuet, dass de Projet déposéiertginn ass am Numm vum Ausseminister,dem Här Jean Asselborn,duerch de Ministre délégué, denHär Nicolas Schmit.Ech wëll si ausdrécklech félicitéieren,dass si am Numm vun der Regierungproposéiert hunn, d’IechternacherSprangprozessioun andéi zukünfteg Liste représentativedu patrimoine culturel immatérielde l’humanité anzeschreiwen andatt si domadder sech débarrasséierthu vun deem, wat ech géingnennen, Anticléricalisme primaire,deen ons sozialistesch Frënnheiansdo dozou beweegt, bei hireParteikongresser fir Animatioun zesuergen.Also, Här Asselborn an Här Schmit,villmools Merci, dass Dir do – wéisoll ech soen? – ee Statsakt poséierthutt.(Interruption et hilarité)Ech hunn, Här President, perséinlechguer näischt géint d’IechternacherSprangprozessioun, mäech muss d’Regierung awer froen:Wuerfir dee Choix? D’MadameStein huet elo dorop higewisen,dass et ee wichtegt Element ass anonsem Patrimoine culturel immatériel– an ech kommen nach dropzréck –, mä ech halen awer fest,dass am Exposé des motifs d’Regierungals Ursaachen der nëmmenzwou ugëtt. Si seet, d’Responsabelevun der UNESCO hunn onsverschiddentlech assuréiert, dassd’Inscriptioun vun der IechternacherSprangprozessioun wichtegwär. An déi zweet Ursaach, déi amExposé des motifs ugeféiert gëtt,dat ass, dass d’Madame Erna Hennicot-Schoepgessengerzäit eeGroupe de travail ad hoc instituéierthat, deen den Dossier schopreparéiert hat.Nu gutt, mä ech wär awer frou, wamer géingen e puer Ursaachequant au fond vun der Regierungkréien, wat hir Décisioun motivéiert.Sécherlech gesäit d’Konventiounvir, dass de Patrimoineculturel immatériel sech notammentduerch Sozialpraktiken, Ritualeran Événements festifs materialiséiert.Sécherlech sinn an derLëscht vun de Chefs-d’œuvre dupatrimoine oral et immatériel vunder UNESCO, déi jo automateschan d’Liste représentative integréiertginn, schonn eng ganz Partie Événementsà caractère cultuel – echsoe wuel cultuel, net culturel –, awann een d’Lëscht kuckt vundeene 47 Manifestatiounen an Evénementer,déi schonn ënnertdeene Chefs-d’œuvre du patrimoineoral et immatériel dobäisinn, da gesäit een effektiv, dasseng ganz Partie rituell Evénementervirgesi sinn.Ech hunn och an den Internet eragekuckt.Ech sinn op eng anerLëscht komm wéi déi, déi d’MadameStein hei évoquéiert huet, mäech wëll hei dorop hiweisen, dasszum Beispill bei deene cultuelenEvénementer ee kann areien: „Babië“vu Bistritsa a Bulgarien; de„Ramlila“, wat déi traditionell Representatiounvum Ramayana anIndien ass; de „Vimbuza“ a Malawi;oder de „Kankurang“ am Senegalan a Gambien.(Brouhaha général)An ech sinn iwwerzeegt, dass echnach Saachen net richteg interpretéierthunn an dass ech wahrscheinlechoch aner Evénementervergiess hunn.D’Madame Stein huet gemengt,d’IechternacherSprangprozessiounwär eng eenzegaarteg Manifestatioun.Si ass sécherlech anzereienan d’Pratiques sociales, d’Ritualeran d’Événements festifs vunonsem Land. Mä et gëtt och nachanerer. Wéi ass et zum Beispill matder Oktavprozessioun?■ Une voix.- Très bien!■ Mme Colette Flesch (DP).-D’Procession dansante vun Iechternachhuet zwar vis-à-vis vun derProzessioun vun der Oktav de Privilègevun der Anciennetéit. 1497géint 1624. En revanche muss echawer dorop hiweisen, dass d’Trösterinder Betrübten säit 1666Schutzpatrounin vun der Stad Lëtzebuergass...■ M. Camille Gira (DÉIGRÉNG).- Kréie mer elo kuerz viruChrëschtdag e Geschichtscourshei gehalen?■ Mme Colette Flesch (DP).-...a säit 1678 Schutzpatrounin vumganze Land, während den HellegeWillibrord, dee jo zu Iechternachvénéréiert gëtt, laut Site Internetvun der katholescher Kierch zu Lëtzebuerg,nëmmen den zweeteSchutzpatroun vu Lëtzebuerg ass.(Hilarité)Also, wuerfir net d’Oktav?Mä et kann een natierlech och, HärPresident, an ee ganz anerenDomän eriwwergoen, mä ëmmerdann awer bei den Événementsfestifs bleiwen. Ech denken zumBeispill un d’Schueberfouer, déi1340 vum Blanne Jang gegrënntginn ass an déi all Joer zwou MilliouneVisiteuren op Lëtzebuergbréngt. An d’Schueberfouer huetbien entendu par rapport zu Iechternachde Privilège vun der Anciennetéit.An, Här President, ech wëll aweroch nach hei bemierken, dass ander Lëscht vun de Chefs-d’œuvrevun der UNESCO mer Evénementerfannen, déi vläicht méi Ähnlechkeetemat der Schueberfouer huwéi mat deene reliéise Manifestatiounen,vun deenen ech virdru geschwathunn.Ech denken zum Beispill und’„Samba de Roda“ vun RecôncavoBaiano a Brasilien; ech denkenun déi Prozessiounen, déi merhei besser kenne vu Risen anDraachen an der Belsch an aFrankräich; ech denken u verschiddepastoral Traditiounen amCosta Rica, déi mam Ursprong vunder Schueberfouer enk verbonne

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!