13.07.2015 Aufrufe

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Erfolgreiche ePaper selbst erstellen

Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.

MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E SÉANCE www.chd.lupar rapport zu der Strooss huet.Déi Nodeeler bestreit jo keen, déisi reell. Bei der Strooss kënnen engAbberzuel vu Käschten op d’Allgemengheetofgefiedert ginn, währendbei der Bunn de Bilan verlaangtgëtt, datt se ouni Defizitfunktionéiert. Si muss sech quasiselwer droen an hirer gesamter Aktivitéit.Eppes, wat beim Stroossentransportvun de Camione mat Ofstandnet de Fall ass. D’Regierungseet an deem Pabeier, si wéilt déiNodeeler behiewen, Stéchwuert„Eurovignette“.Op deem Punkt wiere mer frou,wann de Minister eis uschléissendnach eng Kéier kéint e bësse méiDetailer ginn, wéi sech d’Regierungvirstellt, dat Engagement doaus dem Kompromësspabeier vunder Tripartite anzeléisen, fir d’Nodeelervun der Schinn par rapportzu der Strooss kënnen ze behiewen.Dat Engagement, esou wéi etdo formuléiert ass, hale mir politeschwuel fir richteg, mä e bësseméi Detailer géinge mer awer à cestade scho gären héiere vun derSäit vum Minister.Eise Standpunkt an dësen Diskussiounenan och an Zukunft, wann etëm öffentlechen Transport geet,och beim Persouneverkéier, mussschlussendlech ee sinn, an zwardeen: Wat hunn d’Leit dovun? Wathunn d’Clientë vun deenen Ännerungen,déi mer maachen? Wathunn d’Benotzer do dervunner?Deen Accord, dee mer elo fonnt humat der Jointventure mat der Arcelor,huet natierlech eng groussQualitéit, nämlech déi, datt merden Haaptclient vun der aktuellerCFL-Fret gebonnen hunn. Et solleen awer net aus den Ae verléieren,datt dee Client do, deen natierleche ganz groussen ass, dassdeem säin Undeel un der Aktivitéitvun der Sociétéit duebel esouhéich wäert sinn, wéi säin Undeelum Kapital, dat heescht, och wannen net majoritär ass beim Kapital,dann ass en awer natierlech trèslargement majoritär bei der Aktivitéit.Hien huet also selbstverständleche Poids am Alldag vun der Sociétéit,deen enorm wäert sinn. D’Arcelorhuet mat 70% awer net 100%vun den Aktivitéiten. Et gëtt nieftder Arcelor och nach aner Clienten;eng ganz Partie dovunner, déiméi kleng sinn. An dat ass eePunkt, wou mir eis e bësse Suergemaachen. Mir wären och frou, doméi Detailer ze kréien, wéi eng Garantienaner Clientë kënnen hunn,déi am Moment scho vun der CFL-Fret beliwwert ginn.Well natierlech déi Gefor besteet,datt d’Arcelor mat hire 70% probéiertdéi Sociétéit herno am Alldagesou organiséiert ze kréien,datt si sech haaptsächlech dranerëmfënnt. D’Arcelor huet bis elokee Partner gebraucht. Si ass biselo och gutt gefuer mat hiren Aktivitéiten,ouni musse mat anere Privatenzesummenzeschaffen. Datwar net hire Besoin. Ech ka mer virstellen,datt opgrond vun deem dotenËmstand am Alldag vun där Sociétéit,d’Arcelor net e schrecklechausgeprägte Besoin wäert hunn, firaner Clienten och an deem Moosszefridden ze stellen, wéi si et sinn.D’Arcelor wäert och keen ausgeprägteBesoin verspieren, fir ënnerËmstänn mat där dote Sociétéit zeexpandéieren, sech d’Fro ze stellen:Kënne mer net nach méi maachen?Si wäert natierlech, wannhire Besoin gestëllt ass, d’Gefillhunn, datt déi Sociétéit zefriddestellend funktionéiert. Mir mengenawer als gréng Fraktioun, datt etwichteg ass, datt mer och amBeräich vum Fret dynamesch probéierenopzetrieden, esou datt mernatierlech probéieren och nachanerer kënnen ze erreechen andatt mer och nach anerer kënneprobéieren zefridden ze stellen.Och zu deem doten Themekomplexwäre mer frou, wann de Ministereis nach kéint seng Erwaardungena seng Virstellunge soen, woua wéi d’Sociétéit sech soll um Marchépositionéiere par rapport zudeene Clienten, déi si elo schonnhuet. An och, fir doriwwer eraus zeprobéieren, méi grouss a méistaark kënnen ze ginn, an net nëmmende Fournisseur unique de laCour sidérurgique ze ginn, dee seelo zu groussen Deeler scho war.Dat gesot, hunn ech nach fënnef,sechs Froen. Eng éischt huet denHär Grethen scho virdru gestallt.Ech hat se selwer an der Kommissiounscho gestallt, dat ass déi vunden Engagementer mat deContrats à long terme vun der Arcelor.Do huet de Minister sech an derKommissioun, deen awer soss –dat wëll ech em och gären actéieren– eng zimlech korrekt Transparenzgespillt huet während deeneWochen, wou elo d’Tripartite amgaangewar, mä bei enger Fro huethie sech méi zougeknäppt gewisen,mam Verweis op intern Informatiounen.Zefridde gestallt huetdéi Äntwert mech net. Ech wärfrou, wann ech do kéint méi Äntwertekréien, nämlech iwwertd’Qualitéit vun den Engagementer,déi d’Arcelor geholl huet, fir à longterme dann awer trotzdeem privilegéiert,fir net ze soen eleng mat dëserSociétéit ze schaffen, mat derCFL-Cargo, an dann awer en fonctionvum Prix du jour dësen oderdee Marché bei en aneren ze ginn.Eng zweet Fro, do ass de Ministervirdrun och scho kuerz dropagaangen, dat ass déi vun dergrousser an der klenger Léisung.De Minister huet virdru bei sengerVirstellung selwer gemierkt, dattdat kee ganz gléckleche Choixwar, well hie muss elo ee fir sechganz gudde Kompromëss mamNumm „kleng Léisung“ hei verkafen.Dat ass natierlech kommunikatiounstechneschnet optimal fir unzefänken.Mä mir mengen aweroch, a mir stelle gären déi Fro unde Minister: Firwat ass d’Regierungop deem dote Punkt net awer eStéck méi wäit gaangen?Well mir hunn awer d’Gefill, datt déiLéisungen, och wann de Fretberäichan de Persouneberäich, deVoyageursberäich, net eent zu eentze vergläiche sinn – do huet denHär Schreiner natierlech Recht –,mä ech mengen awer, et wot eekeng grouss Behaaptung, wann eevirausseet, datt mer an e puer Joerwäerten an den Diskussioune beimVoyageursberäich, och wa mer dozwee Joer laang méi Zäit hunn, fireis ze positionéieren, da wäert etawer an déi dote Richtung goen,well mir kënnen eis kaum virstellen,datt mer e Statut hu bei deenen,déi an der Eisebunn bis haut sinn,an datt mer en zweete Statutaféiere gi fir déi Leit, déi amBeräich vum Fret nei bäikommen,an datt mer dann och nach géingenen drëtten neie Statut entwéckelefir déi Leit, déi an Zukunft amBeräich Voyageur sollen agestalltginn.Duerfir, ouni dem Kolleeg Schreinerwëllen ze no ze trieden, wannhien d’Behaaptung opstellt, datt etawer an e puer Joer net wäit aus deFéiss wäert leien, par rapport zudeem, wat mer elo scho festgehalenhunn, dann ass och d’Fro erlaabt,ob et net awer Sënn gemaachhätt, fir elo schonn e Stéckméi wäit ze goen. Well mer joschlussendlech elo just nach währende puer Joer Leit astellen anengem Statut, vun deem jiddfereenheibanne weess, datt et dee Statutfir nei Leit ab engem bestëmmtenDatum an där Form souwisou netméi wäert ginn.Ech verstinn de Minister, wann hieseet: Mir hunn e politesche Kompromëssgebraucht. Dat ass e valabeltArgument. Ech wëll dat guernet bestreiden. De Präis, fir e Sozialkonfliktze évitéieren, warvläicht deen doten. Mä op jiddferFall wäre mer och frou, wa mer doriwwernach géingen e puer Erklärungekréien, wéi sech d’Regierungdat doten an Zukunft ka virstellen.Eng nächst Fro ass och déi, e bëssenaus deem eraus, wat ech virdruscho gesot hunn, mat denanere Clienten, déi mer net wëllennegligéiert hu vun der CFL-Cargo.Et geet net nëmmen ëm d’Arcelor,dat ass dee wichtegste Client,duerfir klammen déi och mat an,mä dat ass net deen eenzegen. Mirmussen déi, déi mer elo schonnhunn, och kënne behalen. Da mussoch probéiert ginn, fir anererderbäizekréien.Ass et fir d’Regierung envisageabel,datt eng Ouverture vum Kapital,déi am Moment jo net geschitt,et gëtt am Moment zwee Aktionären,mä ass et fir d’Regierung engOptioun, déi se ausschléisst, oderass et eng Optioun, déi d’Regierungawer wëllt opstoe loossen,datt an Zukunft eventuell aus därselwechterLogik eraus – hei huetjo de Stat eng Sociétéit mat privatemKapital gegrënnt, fir e ganz interessanteClient ze behalen – anerernach kéinten an d’Kapital erakommen?Oder ass dat eng Optioun,déi d’Regierung wëllt opstoeloossen, fir, le cas échéant vun därselwechterSuerg gedroen, an Zukunftkënnen ze reagéieren, wéi sedat elo gemaach huet am Beräichvun der Arcelor?Eng weider Fro ass un eis erugedroeginn am Virfeld vun dësenDiskussiounen, dat ass, datt merriskéieren de Projet „Sibelit“ e bëssenze compromettéieren duerchdeen Accord, deen haut fonnt ginnass; wat eis awer elo net derzoubréngt, fir duerfir den Accord netze wëllen. Mä gesäit de Ministerdéi Suerg do och, datt mer anerPartner, déi mer am Beräich vunder Kooperatioun, deem traditionellenInstrument tëschent denOpérateuren, a mat deene mer agudde Verhandlunge stinn, déischo relativ wäit gegraff hunn, dattmer déi riskéieren ze verléieren?Well de Projet „Sibelit“ ass och enDeel vun deem Accord tripartite.Mä ass deen nach op esou zolitteBeen an esou zolitte Féiss wéi biselo?Well do gëtt et ënner ËmstännSuergen, datt eng Privatfirma, déioch anerwärts nach aktiv ass, iwwertden Ëmwee vun der CFL-Cargo kéint Abléck kréien a strategeschAccorden. D’Fro vun eisass, inwiewäit dass de Minister déiSuergen haut scho kann ausraumen;inwiewäit dass de Minister eiska versécheren, dass mer et awerwäerte fäerdeg bréngen dat, watam Beräich vum Accord „Sibelit“an der Diskussioun ass, zu engemEnn ze bréngen, well och deen Accordmécht eiser Meenung no absolutSënn.Dann eng lescht Remarque, wellverschidde Virriedner virdru beimInvestitiounsprogramm, dee sollvirgeholl ginn, och gesot hunn, datwär déi nei Streck vun Esch and’Stad oder vun der Stad op Eschoder op Belval. Ech mengen,d’Kolleegen hunn dee Passus amAccord tripartite net esou geneegelies. Mir wäre selbstverständlechfrou, wann déi dote Linn och amKoalitiounsaccord géing drastoen,mä wat am Accord tripartite drasteet,dat ass d’Gare op Belval-Ouest an déi Antenn bis op Belvaux-Mairie.Leider steet d’Linnvun der Stad op Esch – déi nei –net dran. Si steet iwwregens ochnet am Koalitiounsaccord. D’Etüdsteet dran, mä, wéi gesot, deeneKolleegen, déi virdru gesot hunn,et wär een Deel vum Accord tripartite,dass déi géing gemaach ginn,soen ech, et ass awer „leider“ nëmmend’Gare Belval-Ouest an netdéi Linn vun der Stad op Esch.Dat gesot, brénge mer awer eisZoustëmmung zu dësem Accord,ouni trotzdeem déi vill Froen, déinach opstinn, aus den Aen ze verléieren.An et stinn der selbstverständlechnach op. Den Accordka se net all beäntwerten, mä déiFroe wäerten eréischt an der Praxisan deenen nächste Méint a Jorekënne beäntwert ginn.186Et ass elo un der Direktioun, et asselo um Management vun där Sociétéitze weisen, wat si kann. Etass un hinnen elo, fir dofir ze suergen,dass déi Sociétéit wäert guttfunktionéieren. D’Politik wäert datnatierlech opmierksam suivéieren,mä eis stéiert dat à ce stade hautmanner, datt all déi Froen netkënne beäntwert ginn, well si eiserMeenung no nach net all kënnebeäntwert ginn.Dat gesot, brénge mer d’Zoustëmmungzu där Motioun, déi opgestalltginn ass – där hire Vote ass jodeen eenzege, dee geholl gëtt –, awënschen der neier Sociétéit CFL-Cargo ganz vill Gléck an hiren Aktivitéiten.■ Plusieurs voix.- Très bien!■ M. le Président.- Merci, HärBraz. Den nächste Riedner assden honorabelen Här Gibéryen.Här Gibéryen, Dir hutt d’Wuert.■ M. Gast Gibéryen (ADR).-Merci, Här President. Dir Dammenan Dir Hären, Här President, echhunn an deene leschten Interventiounen,déi ech hei gemaachhunn, relativ vill Zitater vu Kolleegenaus der rezenter a méi laangerVergaangenheet hei gemaach, andofir wollt ech dës Kéier emol engKéier ufänken eis selwer ze zitéierenamplaz ëmmer déi aner.(Hilarité)Wann ech nämlech zitéieren, watmer heibanne gesot hunn 2004,uganks des Joers, dann hu mergesot: „Wa mer och den Hierscht2005 fir d’Tripartite ferroviaire alsvill ze spéit ugesinn, esou widderhuelemer awer och, wat merschonns verschiddentlech gesot ageschriwwen hunn, nämlech dassam Kader vun der europäescherLiberaliséierung vum öffentlechenTransport an nei ze grënnende Gesellschaften,déi nom privatrechtlecheRecht funktionéiere mussen,déi aktuell CFL-Beamten hire Statutbehale mussen. Mir insistéierenawer och drop, datt net un der Carrièrevum aktuelle Personal gefréckeltgëtt, och dann, wann et d’Allgemengheeteppes kascht. Datneit Personal soll am Géigenzuchënner privatrechtleche Konditiounenagestallt ginn.“Dat ass am Fong, Här President,och de Résumé vun dem Resultatvun der Eisebunnstripartite vugëschter, zumindest wat den Deeliwwert d’Personal ubelaangt.Ech kann dofir och soen, datt vuneiser Säit aus – an dofir hu mir ochdéi Motioun ënnerschriwwen – engZoustëmmung zu deem Resultatkënnt, an ech wëll och vun eiserSäit aus dem Minister Lucien LuxMerci soe fir déi Dialogbereetschaft,déi hien um Niveau vun derKommissioun an tëschent de Parteieniwwert déi Zäit vun der Tripartitegewisen huet, wat villes erliichterthuet, während der Diskussiounan och haut hei. Wann de Klärungsbedarfvirdru gestëllt gëtt, dabrauch en net an d’öffentlech Debattdirekt mat eranzefléissen, anda gëtt och net Uelech op d’Feiergeschott.Eng Virbemierkung, Här President:Mir setzen hei eppes ëm, wat amFong an enger europäescher Direktivfestgeschriwwe ginn ass. Anech wollt awer – an dat hunn echschonn heibanne gesot – dorunerënneren, datt et falsch ass, wamer eis am Kader vum prakteschenËmsetze vun esou Direktivenëmmer opposéiere géint d’EuropäeschUnioun oder géint Bréissel.Mir musse wëssen, datt Bréisselnäischt mécht, ouni datt et vun denNationalstaten eng Kéier iwwert deWee vun engem Traité déi Pouvoirekritt huet. An an dem Traité gëtt netnëmmen de Champ d’applicationfestgehalen, firwat e gëllt, et gëttoch festgehalen, wéi bei der Exekutiound’Décisioune geholl ginn:mat einfacher Majoritéit, mat qualifizéierterMajoritéit oder mat Unanimitéit.A wann dat bis eng Kéier ofgeseentass, dann trëtt et iergendwann,dacks Joren duerno, ocheng Kéier an der Realitéit, an derPraxis an. An dann hu mer alleguerdéi schlecht Tugend un eis, firdann ze soen – wéi wa mir näischtméi domadder ze dinn hätten –: Mäet wier zu Bréissel, wou dat décidéiertgi wier, an et wier Bréissel,wat eis dat zougeschriwwen hätt.Dofir solle mer realistesch sinn anni vergiessen, datt mer Bréisseloch eng Kéier dee Pouvoir ginnhunn, fir dat kënnen ze maachen,an datt mer eis net aus der Responsabilitéitkënnen erausstielen.Dofir ass et wichteg, datt mer ochan Zukunft – an dat ass dacks heibannendiskutéiert ginn –, wanndéi Traitéen zustane kommen,dann am Ufank doriwwer diskutéierenan ons de Konsequenze amVirfeld bewosst ginn. Ee gutt Beispillass d’Bolkestein-Direktiv, iwwertdéi jo elo iwwer Méint diskutéiertgëtt am Virfeld, fir eben zeverhënneren, wat dat spéiderhikann als Auswierkunge kréien.A mer wäerten och als Parlamentgefuerdert sinn, fir an Zukunft ëmmerméi eis mat den europäeschenDossieren ausenaner ze setzen, anzwar esou fréi wéi méiglech. Et assjo an der Diskussioun, datt souwueld’Administratioune vum Parlamentwéi vun de Fraktioune solleverstäerkt gi mat Leit, déi sechprioritär oder exklusiv mat den europäeschenDossieren ausenanersetzen, fir datt mer all déi Problemerkënne méi diskutéieren an amVirfeld wëssen, wat fir eng Engagementerdatt mer aginn, an dannoch d’Konsequenzen herno wëssen,déi dorauser entstinn.Zum Resultat vun der Tripartite, HärPresident, do si mer frou doriwwer,datt e Resultat zustane komm ass,datt dat Resultat och ouni sozialKonflikter an ouni vill gréisser Problemerzustane komm ass. Sécherlech,wa mer soen ouni gréisserProblemer, wësse mer, datt déi Diskussiounen,déi gefouert si ginn,bestëmmt intensiv an och haartwaren an datt déi laang gefouert siginn – dat geet op den Ufank vundëser Regierung, an ech géingsouguer soen, et geet och zumDeel an déi viregt Regierung zréck.Mir wëssen awer – an dat assd’Realitéit, mat där mer eis mussenoffannen –, datt nun emol eben den1. Januar 2007 de Wuerentransportliberaliséiert gëtt, an 2010, spéitstens2012 och de Persounentransportliberaliséiert gëtt. Dat si Realitéiten.Doriwwer kann een elo frouoder net frou sinn, awer et ass engRealitéit a mir mussen eis ebe matdär Realitéit offannen. Dofir hu mirals ADR ëmmer gesot, datt meresou fréi wéi méiglech sollen ëmdenkenan hei hu mer beim Fretlaang gewaart. Mir hu gesinn, datteis Nopere fäerdeg si mam Ëmdenken,elo wou mir an déiSchlussphas eréischt eraginn.A mir hunn och festgestallt, datt elode Minister huet missen d’Autorisatiounginn, fir datt zum Beispill deWuerentransport vum 16. Dezemberhei op eisem Schinnennetz kavun enger auslännescher Gesellschaftrealiséiert ginn, wou mereinfach musse feststellen, datt déianer scho fäerdeg sinn, währendmir elo ufänken an déi konkretPhas ze goen.Dofir wësse mir och net, ob et guttwar – et ass vläicht politesch netaneschters méiglech gewiescht –,fir zu dësem Zäitpunkt de Persouneverkéierauszeschléissen, wëssendawer datt mer och net derlaanschtkommen an deenennächste Méint a Joren do deeselwechteWee ze goen, wéi mer enelo am Fretberäich gaange sinn.A mir wëssen och, datt de Frachtverkéier2004 en Defizit hat vu 34Milliounen Euro, a mir wëssen och,datt op den 1. Januar 2007 kengstaatlech Ënnerstëtzunge méi, wederdirekt nach indirekt, kënne geleeschtginn. Dofir huet ee keenanere Choix an dofir huet och misseneben elo dësen Accord getraffginn, deen als Resultat d’CFL-Cargo huet, déi den 1. Juli 2007

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!