MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E SÉANCE www.chd.lurer hei zousätzlech belaaschten,datt mer d’Verméigenssteier ofschafena gläichzäiteg och nacheng Amnistie fiscale aféiere fir déi,déi hei Steierbedruch gemaachhunn.A wann ech dann de Schlusssazvum Här Thiel huelen, deen hei deMoien, géif ech soen, de Culot hatze behaapten, datt déi, déi sechelo opreege wéinst der Aféierungvun der Quellesteier, wahrscheinlechdéi sinn, déi bis elo Steierbedruchgemaach hunn! Dat hunnech e staarkt Stéck fonnt, datt eebei de Klengspuerer de Culot huet,fir dat ze soen, a gläichzäiteg hei eGesetz stëmmt, wou een eng Amnistiefiscale mécht fir déi, déiSteierbedruch am grousseMoossstab gemaach hunn. DeeCulot muss een hunn!Här President, Dir Dammen an DirHären, et versteet sech, an et warscho laang gewosst, datt mir datheite Gesetz net wäerten an netkënne stëmmen. Dat heiten ass enonsoziaalt Gesetz. An ech ginn dovunaus, datt alleguer déi Leit, déidat heite Gesetz stëmmen, duernoni méi hei wäerten als Sozialpolitikeroptrieden.Ech ginn Iech dann nach, Här President,déi zwee Amendementer.Merci.■ Une voix.- Très bien!■ M. le Président.- Merci, HärGibéryen. D’Wuert huet elo fir d’Regierungden Här BudgetsministerLuc Frieden.■ M. Luc Frieden, Ministre duTrésor et du Budget.- Här President,Dir Dammen an Dir HärenDeputéierten, dee Projet de loi heiass am Fong d’Resultat vun derAarbecht vun zwou Regierungen:där aktueller an där vu virdrun. Heisinn eng Rei Zitater gemaach ginn,déi sech op déi zwou Legislaturperiodebezéien.Et waren zweemol déi nämlechtzwee Ziler, déi d’Regierung verfollegtan déi och an dësem Projet deloi ganz kloer sinn. Dat éischt Zilass, datt mer en einfachen a spuererfrëndlecheSystem wëllen aféieren.An zweetens, datt mer wëllene Gesetz maachen, wat am Intérêtass vun den Aktivitéite vun der Finanzplaz.Déi zwee Ziler ginnduerch dëse Projet de loi erreecht,an duerfir sinn ech och frou festzestellen,datt eng ganz breet Majoritéitsech an dësem Parlament ofzeechent,déi dëse Projet stëmmewäert.Dee Projet ass in extenso erkläertginn, an duerfir géing ech wëllendem honorabelen Här Thiel Mercisoe fir déi Erklärungen, an ochdeenen anere Kolleegen, déi datan der Finanzkommissioun mat gekuckthunn. Dat erlaabt et mir netméi op dee ganzen Detail zréckzekommen,mä just zwou, dräi Remarquenop dëser Plaz nach zemaachen.Déi éischt, dat ass, datt ee relativOnverständnis huet, wann ee Budgetsministerass, datt sech heidriwwer opgereegt gëtt, datt d’Leitelo op eemol missten op denZënse Steiere bezuelen. Besonneschoch an där leschter Interventiounvum ADR koum dat jo ervir.Et ass esou, datt déi éierlech Leithaut am Land op den ZënseSteiere bezuelen, och um Bauspueren,och op anere Produkter.An all déi, déi elo soen: „Watmaacht Dir dann elo op eemolhei?“, déi vergiessen, datt dat Gesetzhei eent ass fir déi éierlechLeit, déi hei am Land wunnen, a firdéi ass et spuererfrëndlech, well,wann een haut en Taux moyend’imposition vun 20% huet, gëtt heigesot, mir kucken dofir, datt déiSuen, déi haut largement net deklaréiertginn, an Zukunft mat 10%Quellesteier beluecht ginn, matBerücksichtigung vun deenen, déiganz kleng Spuerbicher hunn; engMillioun Lëtzebuerger Frang fir engKoppel, wou keng Steieren ufalen,mä all déi, déi als Koppel méi wéieng Millioun Lëtzebuerger Franghunn, déi bezuelen op deenenZënsen – net um Kapital, op denZënsen! – 10% Steieren.Ech mengen, datt dat scho Steiergerechtegkeetass, well soss profitéierejust déi dovun, déi näischtdeklaréieren. Déi, déi eppes deklaréieren,déi bezuelen eppes, andéi, déi näischt deklaréieren, déibezuelen näischt.Haut kommen an de Statsbudgetduerch Zënsen, déi deklaréiertginn, 13 Milliounen Euro eran. Domatass Lëtzebuerg dat Land, andeem am mannsten Erspuernisserwäre vun der ganzer EuropäescherUnioun. Or d’Konte vun de Bankeweisen – och bei de Résidenten –eppes ganz aneschters aus. Heiass also e System gewiescht, deennet fonctionnéiert huet. Duerfirmengen ech, datt dat heiten enggutt Moossnam ass, déi dobäi – anech soen dat nach eng Kéier –duerch déi 10% d’Spueren net découragéiert,mä encouragéiert.Duerfir muss ee sech jo awer déiSaachen do ukucken, wann hei gesotgëtt: „Wat gëtt dann hei gemaach?“An do ware jo och deMoien, ech mengen, et war am„Wort“, ganz interessant Rechebeispillermat den aktuellenTauxen.Wann een an Zukunft als Koppelmanner wéi eng Millioun LëtzebuergerFrang huet, da bezilt eekee Frang Steieren. Wann een alsEenzelpersoun 50.000 Euro huet,da bezilt een an Zukunft am Joer75 Euro Zënsen. Dat si sechs Eurode Mount, dat ass manner wéi engPizza, déi een iesse geet. Et musseen also gesinn, een deen zwouMilliounen huet, dee bezilt fir d’Kollektivitéitsechs Euro Steieren deMount, deen zugläich awer ochvun all den Infrastrukturen: Schoulen,Stroossen, Zich profitéiert.Ech mengen, da kann een netsoen, dat wär onsozial, an et kanneen och net soen, dat wär eng Attackop d’Spuerbicher. Dat do asseinfach en normale Bäitrag vun engemRevenu, deen ee kritt, deend’Spueren net découragéiert, well,ech soen et nach eng Kéier, d’Regierunggéing gär hunn, datt d’Leitoch spueren, well d’Spueren ass firvill Besoinen, déi een an der Gesellschafthuet, wann ee schafft anduerno, noutwendeg.Duerfir ass dat hei e gutt Gesetz.Een, deen 100.000 Euro huet, véierMillioune Frang, dee bezilt 150Euro d’Joer Steieren. Och dat assextrem wéineg.Dobäi kënnt, datt et awer noutwendegass, an dat hunn och e puerKolleegen dankbarerweis de Moiegesot, déi europäesch Steierregelungnet aus den Aen ze verléieren.Mir mussen oppassen, an dat soenech och duerfir de Kolleege vunder grénger Fraktioun, deenen hirMotioun ech gelies hunn a mat därech net kann d’accord sinn: An derTheorie ass et wuel richteg, datteen d’Kapital an d’Aarbecht solld’nämlecht besteieren, an derPraxis geet dat awer net! Den HärEichel huet dat och ëmmer gesot.Hien huet awer missen zugläichfeststellen, datt domadder d’Kapitalofgewandert ass, well d’Kapitalmobil ass.Géing een also hei elo eng vill méihéich Steier um Kapital maachen,da geet d’Kapital fort an Nopeschlänner,well an der europäescherQuellesteier hu mer 15% virgesi fird’Non-résidenten. Wann also d’Lëtzebuergeran Zukunft géinge mathire Suen an d’Schwäiz goen, mussense do 15% bezuelen, vundeene mir e Stéck zréckkréien.Also maache mir en Taux vun 10%,fir eben ze évitéieren, datt d’Lëtzebuergergéinge fortgoe mat deSuen…(Interruption)Neen, ech soe just, Dir sot an ÄrerMotioun, et soll een…(Interruption)…e Rééquilibrage ënnert den Impôtssur les revenus des salairesan de Revenus de capitaux maachen.Dee Rééquilibrage ass netméiglech, well een net kann déinämlecht Systemer applizéieren opKapital, wat mobil ass, an op Aarbecht,déi net mobil ass. Och wannech vun der Theorie hier dat selbstverständlechverstinn, mä duerfirfonctionnéiert dat doten net.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Här President!■ M. le Président.- Här Minister,erlaabt Der eng Fro vum HärBausch?■ M. Luc Frieden, Ministre duTrésor et du Budget.- Jo.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Mir hu jo net verlaangt,et misst een den Taux méi héichmaachen, mä mir soten et soll eewéinstens eng Base imposablehuelen, datt och d’Verméigen erfaasstgëtt, an net dat wat mer heimaachen, well dat ass jo dat wateis am meeschte stéiert. Mir si jonet géint d’Aféierung vun engerQuellesteier fir Résidenten. Mir sinnoch der Meenung, datt den Tauxan der Rei ass. Mä mir sinn der Iwwerzeegungjust, datt d’Base imposablenäischt erfaasst.Dir wësst jo awer, datt déi verméigendLeit gréisstendeels net hiertGeld einfach op en normaaltSpuerbuch setze ginn. Elengschonn aus deene Grënn, déi denHär Gibéryen hei virdun zu Rechtbeschriwwen huet, well een donäischt erakritt beim normaleSpuerbuch oder och engemCompte à terme. Duerfir, wat eishei stéiert, an duerfir soe mer, dattet net gerecht ass, ass, datt eigentlechd’Base imposable näischt erfaasst.Mir sinn emol net esou wäitgaange wéi déi europäesch Direktiv.(Interruption)■ M. le Président.- Jo.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Ech hunn eng Prezisioungemaach, Här Fayot, echhunn net gesot, ech géing eng Frostellen.■ M. Luc Frieden, Ministre duTrésor et du Budget.- Dozou kommenech, well dat jo am Fong ochan der Motioun vun der Majoritéitebe just ugeschwat gëtt, wat d’Basisvun där Besteierung soll sinn.Éischte Punkt also, halen ech nacheng Kéier fest: Hei gëtt e ganz favorabelen,spuererfrëndlecheSteiersaz agefouert; de ganzgroussen Deel vun der éierlecherBevölkerung bezilt an Zukunft wäitausmanner.Zweetens, wat d’Fongen ubelaangt,an dat féiert mech dannoch zur Assiette. Hei gëtt sechdriwwer opgereegt zum Deel, dattelo an Zukunft d’Fongen netgéinge besteiert ginn an d’Intérêten,d’Zënse géinge besteiert ginn.Ech stelle just fest, datt ech andeene leschten dräi Joer heibannekee bei de Budgetsdebatten odersoss an enger Ried héieren hunn,dee sech schonn deemools iwwertdee Punkt opgereegt hätt.Firwat hu mir d’Sicav capitalisantesnet heidranner gesat? Well et d’Intentiounwar vun der Regierung,net eng Verschlechterung vun deraktueller Steierlaascht vun de Leitze maachen, well déi Sicav capitalisantes,déi, déi also näischt ausbezuelen,och fir de Moment net ander normaler Kapitalertragsbesteierungwaren. An duerfir hu merdat net gemaach.Dat Zweet, dat ass, datt…■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Dat heescht, dat kënntoch an Zukunft net, wahrscheinlech.177■ M. Luc Frieden, Ministre duTrésor et du Budget.- Dat Zweet,dat ass, datt ee selbstverständlechmuss kucken, wat mer an der europäescherRegelung gemaachhunn. An do stellen ech och d’Kontradiktiounan der LëtzebuergerPolitik fest. Wéi de Statsminister,den deemolege Wirtschaftsministeran ech zréckkomm si vundeene schwierege Verhandlungenan Europa, du krute mer heibannefélicitéiert, datt mer et fäerdegbruecht hunn, e Champ d’applicationfir d’Quellesteier an Europa zenégociéieren, wou d’Fonge largementnet drënner waren, well déi ewichtege Pilier op der LëtzebuergerFinanzplaz sinn.Wa mer also hei d’Fongen direktdrënner gesat hätten, da kéint Dersécher sinn, datt och an Europad’Diskussioun erëm méi séiervläicht géing opgoen, fir och dod’Fongen an d’europäesch Kapitalertragssteiereranzekréien.Zweet Observatioun an deem Kontext,an ech mengen, déi ass ochvu verschiddene Leit de Moie gesotginn: D’Solutioun fir d’Leit assnet, aus dem Spuerbuch a Fongeneinfach ëmzeklammen, well bei deFonge gëtt et och Fraisën, an déiFraisë sinn oft méi héich oder balesou héich wéi dat, wat hei u Steierenufält.Duerfir hunn ech Iech am Ufankgesot, an duerfir soll een déi Tableauëliesen, hei schwätze mervun extrem wéinege Steieren. Datsinn net honnerte vun Euroen, datsinn e puer Euroen. A wann eenalso an esou Fongen eraklëmmt,da muss een och Fraisë bezuelen,wann een eraklëmmt, wann eenerausklëmmt, et muss ee sech datawer ganz gutt iwwerleeën. AllSpuerer huet selbstverständlechd’Recht, an dat ze investéieren,wou hien et fir gutt fënnt. Ech biedejust, datt d’Leit sech dat iwwerleeën.Dat Drëtt an deem Kontext wëll echsoen, datt wann et sech géingerausstellen, datt d’Leit elo alleguertegéingen aus de Spuerbichererauslafen a Fongen, dannass et selbstverständlech, datt merdee Moment missten d’Gebitt, deChamp d’application, vun eisemGesetz nach eng Kéier iwwerkucken,an datt een dann déi Assiettemisst méi breet maachen. An deemSënn verstinn ech och d’Motiounvun der Majoritéit, an ech musssoen, ech fannen dat dat Normaalstvun der Welt, well all Joerkucken d’Regierung a besonneschoch de Finanz- a Budgetsminister,ob déi Besteierung vu vereenzelteProdukter déi richteg ass.Duerfir mengen ech, wa mer beimBudget 40 Milliounen Euro agesathunn, dann ass dat natierlech nëmmeneng Estimatioun. An da musseen déi Estimatioun kucken, ob déiherno der Realitéit entsprécht, anda schléissen ech net aus, dattmer an deenen nächste Jore mussenzum Beispill d’Sicaven dodrënnerhuelen. Dat muss ee sech dannawer gutt iwwerleeën, an och anerProdukter, an duerfir muss een engKéier d’ganz Revenus de capitauxiwwerkucken.Och d’Loyeren, wat eng aner Zortvu Revenuen ass. Ech mengen,dat ass souwisou eppes, wat meran der Regierung wëlles haten, anduerfir, mengen ech, ass dateppes ganz Normales.Zur Verméigenssteier kann echmech ganz deem ralliéieren, wathei den honorabelen Här Fayot exposéierthuet. Zu der Motivatioun,déi dozou gefouert huet, géing echbäifügen, datt grad wéinst der Ongerechtegheetan der quasi Netbesteierungoder Netberücksichtegungvun de Biens immobiliers datdäitscht Bundesverfassungsgerichtscho virun zéng Joer gesothuet, déi Steier wär net konform zurVerfassung, well se géint deGläichheetsprinzip virun der Besteierungwär.Ech muss soen, mir sollen dachalles maachen, fir hei zu Lëtzebuergdär Finanzplaz, op där esouvill Aarbechtsplaze sinn an zeerhale sinn, nei Méiglechkeeten zeginn. A wann ech hei Leit héieresech driwwer opreegen, datt eventuellduerch dës Moossnam géingenAuslänner hei hiert Kapital zuLëtzebuerg uleeën, da kann echdach awer nëmme staunen! Mir liewenzënter 30 Joer dovun, matAuslänner, déi op Lëtzebuerg hirSue bréngen, an duerfir konntemer hei eng Sozialpolitik maachenan Infrastrukture bauen, déi keenanert Land fäerdeg bruecht huet.Also duerfir, wann ech gelift, mirliewe largement vun deene Suen,déi d’Leit hei op d’Banke bréngen,vun deene Sue fir déi d’Leit heitanke kommen. Also solle merdach frou sinn, wa mer hei engMoossnam maachen, déi iwwregenseis net vill kascht, well op engemBudget vu 7,5 Milliarden assd’Ofschafe vun der Verméigenssteierfir d’Privatpersoun e Minideel.Wa mer awer d’Perspektivhunn, datt mer domadder d’Gestionde patrimoine, den „privatebanking“ kënnen erweideren, dattmer nei Aarbechtsplaze kënneschafen, ech mengen, dann ass etd’Flicht vun der Regierung, a ganzsécher déi vu mir als dee fir d’Finanzplazzoustännege Minister, firalles ze maachen, fir där Finanzplaznei Perspektiven ze ginn.Duerfir sinn ech och frou, datt meret duerch intensiv Négociatiounenan deene leschte Woche fäerdegbruecht hunn, virun e puer Deegdeen éischten internationale Pensiounsfongvun enger multinationalerGrupp op Lëtzebuerg ze kréien,och grad duerch d’Ofschafe vunder Taxe d’abonnement op där ZortProdukter, viru kuerzem. Et assdeen hollännesche Grupp Unilever,deen décidéiert huet, säin internationalePensiounsfong fir senginternational Beamten zu Lëtzebuergopzeleeën. Dat ass fird’éischte Kéier, wou esou eppesgeschitt. Mir hu während eiser Visitean Amerika am Oktober intensivGespréicher doriwwer gefouertmat deem, deen dee Fong zu Lëtzebuerggéréiert, a mir si ganzfrou, datt dat zu engem Erfolleg gefouerthuet.Dat ass en anert Element vun därFinanzplaz, wat mer musse verbreederen,an duerfir ass eist Engagementkloer, mir wäerten datoch weider maachen, an dëst Gesetzreit sech an déi Perspektiv an.Et dierf keen Effort ënnerloossginn, fir nei Aarbechtsplazen zuLëtzebuerg ze schafen. An do huetjiddfereen och heibannen eng Responsabilitéit.Duerfir mengen echnach eng Kéier, datt dëst Gesetzen einfache System, e gerechten aspuererfrëndleche System aféiertan et ass am Intérêt vun den Aktivitéitevun der Finanzplaz an domaddervun den Aarbechtsplazen opder Finanzplaz.Duerfir géing ech Iech invitéieren,aus der Siicht vun der Regierung,dëse Projet ze stëmmen.Merci.■ Plusieurs voix.- Très bien.■ M. le Président.- Merci, HärMinister. Domadder ass d’Debattofgeschloss a mir kommen dannzu de Voten.Motion 1Mir si fir d’éischt konfrontéiert matder Motioun, déi den Här Bauschdéposéiert huet, à titre de questionpréalable. D’Fro ass also, obd’Chamber bereet ass, déi Fro alsQuestion préalable unzehuelen aniwwert déi Motioun ofzestëmmen,ier mer iwwert déi aner Motiounrespektiv ier mer iwwert de Projetde loi ofstëmmen.Ass d’Chamber domat d’accord firdirekt doriwwer ofzestëmmen?(Assentiment)Gutt, da komme mer direkt zumVote iwwert d’Motioun vum HärBausch.
MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E SÉANCE www.chd.luVoteD’Motioun 1 ass ofgelehnt mat 48Nee-Stëmmen, bei 7 Jo-Stëmmena 5 Abstentiounen.Ont voté oui: MM. Claude Adam,François Bausch, Félix Braz (parM. Claude Adam), Camille Gira,Jean Huss (par Mme Viviane Loschetter),Henri Kox et Mme VivianeLoschetter.Ont voté non: Mmes Sylvie Andrich-Duval,Nancy Arendt, M. LucienClement, Mmes ChristineDoerner, Marie-Josée Frank, Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, MM.Marcel Glesener, Norbert Haupert,Mme Françoise Hetto-Gaasch,MM. Ali Kaes, François Maroldt,Paul-Henri Meyers, Laurent Mosar,Marcel Oberweis, Patrick Santer,Marcel Sauber, Jean-Paul Schaaf,Marco Schank (par M. LucienThiel), Marc Spautz, Mme MartineStein-Mergen, MM. Fred Sunnen(par Mme Martine Stein-Mergen),Lucien Thiel, Lucien Weiler et MichelWolter;MM. Marc Angel, Alex Bodry, JohnCastegnaro, Mme ClaudiaDall’Agnol (par M. Roger Negri), M.Fernand Diederich, Mme Lydie Err,MM. Ben Fayot, Jean-Pierre Klein,Mme Lydia Mutsch (par M. AlexBodry), MM. Roger Negri, JosScheuer, Romain Schneider (parM. Marc Angel), Roland Schreineret Mme Vera Spautz;MM. Xavier Bettel, Niki Bettendorf,Mme Anne Brasseur (par M. XavierBettel), M. Emile Calmes, Mme ColetteFlesch, MM. Charles Goerens,Henri Grethen, Paul Helminger,Claude Meisch et Carlo Wagner.Se sont abstenus: MM. Gast Gibéryen,Jacques-Yves Henckes, AlyJaerling (par M. Gast Gibéryen),Jean-Pierre Koepp et Robert Mehlen.Dann hu mer zwee Amendementer,déi vum Här Gibéryen déposéiertgoufen.Amendement 1Fir d’éischt de Vote iwwert denéischten Amendement zum Artikel4, Paragraph 2 vum Projet de loi.VoteDen Amendement 1 vum Här Gibéryenass ofgelehnt mat 38 Nee-Stëmmen, bei 4 Jo-Stëmmen a 17Abstentiounen.Ont voté oui: MM. Gast Gibéryen,Jacques-Yves Henckes, Jean-Pierre Koepp et Robert Mehlen.Ont voté non: Mmes Sylvie Andrich-Duval,Nancy Arendt, M. LucienClement, Mmes ChristineDoerner, Marie-Josée Frank, Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, MM.Marcel Glesener, Norbert Haupert,Mme Françoise Hetto-Gaasch,MM. Ali Kaes, François Maroldt,Paul-Henri Meyers, Laurent Mosar,Marcel Oberweis, Patrick Santer,Marcel Sauber, Jean-Paul Schaaf,Marco Schank (par M. LucienThiel), Marc Spautz, Mme MartineStein-Mergen, MM. Fred Sunnen(par Mme Martine Stein-Mergen),Lucien Thiel, Lucien Weiler et MichelWolter;MM. Marc Angel, Alex Bodry, JohnCastegnaro, Mme ClaudiaDall’Agnol (par M. John Castegnaro),M. Fernand Diederich, MmeLydie Err, MM. Ben Fayot, Jean-Pierre Klein, Mme Lydia Mutsch(par M. Fernand Diederich), MM.Roger Negri, Jos Scheuer, RomainSchneider (par M. Roger Negri),Roland Schreiner et Mme VeraSpautz.Se sont abstenus: MM. Xavier Bettel,Niki Bettendorf, Mme AnneBrasseur, M. Emile Calmes, MmeColette Flesch, MM. Charles Goerens,Henri Grethen, Paul Helminger,Claude Meisch et Carlo Wagner;MM. Claude Adam, FrançoisBausch, Félix Braz (par M. ClaudeAdam), Camille Gira, Jean Huss(par Mme Viviane Loschetter),Henri Kox et Mme Viviane Loschetter.Den Artikel 4, Paragraph 2 bleiftalso esou bestoe wéi d’Kommissioune virgeschloen huet.Amendement 2Dann de Vote iwwert den Amendement2, deen den Artikel 10 vumProjet de loi betrëfft.VoteDen Amendement 2 ass ofgelehntmat 38 Nee-Stëmmen, bei 4 Jo-Stëmmen a 17 Abstentiounen.Ont voté oui: MM. Gast Gibéryen,Jacques-Yves Henckes, Jean-Pierre Koepp et Robert Mehlen.Ont voté non: Mmes Sylvie Andrich-Duval,Nancy Arendt, M. LucienClement, Mmes ChristineDoerner, Marie-Josée Frank, Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, MM.Marcel Glesener, Norbert Haupert,Mme Françoise Hetto-Gaasch,MM. Ali Kaes, François Maroldt,Paul-Henri Meyers, Laurent Mosar,Marcel Oberweis, Patrick Santer,Marcel Sauber, Jean-Paul Schaaf,Marco Schank (par M. LucienThiel), Marc Spautz, Mme MartineStein-Mergen, MM. Fred Sunnen(par Mme Martine Stein-Mergen),Lucien Thiel, Lucien Weiler et MichelWolter;MM. Marc Angel, Alex Bodry, JohnCastegnaro, Mme ClaudiaDall’Agnol (par M. Fernand Diederich),Fernand Diederich, Mme LydieErr, MM. Ben Fayot, Jean-PierreKlein, Mme Lydia Mutsch (par M.John Castegnaro), MM. Roger Negri,Jos Scheuer, Romain Schneider(par M. Alex Bodry), RolandSchreiner et Mme Vera Spautz.Se sont abstenus: MM. Xavier Bettel,Niki Bettendorf, Mme AnneBrasseur, M. Emile Calmes, MmeColette Flesch, MM. Charles Goerens,Henri Grethen, Paul Helminger,Claude Meisch et Carlo Wagner;MM. Claude Adam, FrançoisBausch, Félix Braz (par M. ClaudeAdam), Camille Gira, Jean Huss(par Mme Viviane Loschetter),Henri Kox et Mme Viviane Loschetter.Den Artikel 10 vum Projet de loibleift also esou bestoe wéi d’Kommissioune proposéiert huet.Mir kommen dann zur Ofstëmmungvum Projet de loi 5504 selwer.Vote sur l’ensemble du projet deloi et dispense du second voteconstitutionnelDe Projet de loi ass ugeholl mat 48Jo-Stëmmen, bei 12 Nee-Stëmmena kenger Abstentioun.Ont voté oui: Mmes Sylvie Andrich-Duval, Nancy Arendt, M. LucienClement, Mmes Christine Doerner,Marie-Josée Frank, Marie-ThérèseGantenbein-Koullen, MM. MarcelGlesener, Norbert Haupert, MmeFrançoise Hetto-Gaasch, MM. AliKaes, François Maroldt, Paul-HenriMeyers, Laurent Mosar, MarcelOberweis, Patrick Santer, MarcelSauber, Jean-Paul Schaaf, MarcoSchank (par M. Lucien Thiel), MarcSpautz, Mme Martine Stein-Mergen,MM. Fred Sunnen (par MmeMartine Stein-Mergen), LucienThiel, Lucien Weiler et Michel Wolter;MM. Marc Angel, Alex Bodry, JohnCastegnaro, Mme ClaudiaDall’Agnol (par M. Fernand Diederich),M. Fernand Diederich, MmeLydie Err, MM. Ben Fayot, Jean-Pierre Klein, Mme Lydia Mutsch(par M. Alex Bodry), MM. RogerNegri, Jos Scheuer, RomainSchneider (par M. Marc Angel),Roland Schreiner et Mme VeraSpautz;MM. Xavier Bettel, Niki Bettendorf,Mme Anne Brasseur, M. EmileCalmes, Mme Colette Flesch, MM.Charles Goerens, Henri Grethen,Paul Helminger, Claude Meisch etCarlo Wagner.Ont voté non: MM. Claude Adam,François Bausch, Félix Braz (parM. Claude Adam), Camille Gira,Jean Huss (par Mme Viviane Loschetter),Henri Kox et Mme VivianeLoschetter;MM. Gast Gibéryen, Jacques-YvesHenckes, Aly Jaerling (par M.Jacques-Yves Henckes), Jean-Pierre Koepp et Robert Mehlen.Gëtt d’Chamber d’Dispens vumzweete Vote constitutionnel?■ M. Gast Gibéryen (ADR).-Neen.■ M. le Président.- Gëttd’Chamber d’Dispens vum zweeteVote constitutionnel?■ Plusieurs voix.- Jo.■ M. le Président.- Dann asset esou décidéiert.Dann hu mer nach d’Motioun 2, déiabruecht ginn ass vum Här Thiel.Motion 2Kënne mer do par main levée ofstëmmen?(Négation)De Vote électronique ass gefrot, damaache mer dat.VoteD’Motioun 2 vum Här Thiel assugeholl mat 38 Jo-Stëmmen, bei 7Nee-Stëmmen a 14 Abstentiounen.Ont voté oui: Mmes Sylvie Andrich-Duval, Nancy Arendt, M. LucienClement, Mmes Christine Doerner,Marie-Josée Frank, Marie-ThérèseGantenbein-Koullen, MM. MarcelGlesener, Norbert Haupert, MmeFrançoise Hetto-Gaasch, MM. AliKaes, François Maroldt, Paul-HenriMeyers, Laurent Mosar, MarcelOberweis, Patrick Santer, MarcelSauber, Jean-Paul Schaaf, MarcoSchank (par M. Lucien Thiel), MarcSpautz, Mme Martine Stein-Mergen,MM. Fred Sunnen (par MmeMartine Stein-Mergen), LucienThiel, Lucien Weiler et Michel Wolter;MM. Marc Angel, Alex Bodry, JohnCastegnaro, Mme ClaudiaDall’Agnol (par M. Fernand Diederich),M. Fernand Diederich, MmeLydie Err, MM. Ben Fayot, Jean-Pierre Klein, Mme Lydia Mutsch(par M. Alex Bodry), MM. RogerNegri, Jos Scheuer, RomainSchneider (par M. Marc Angel),Roland Schreiner et Mme VeraSpautz.Ont voté non: MM. Claude Adam,François Bausch, Félix Braz (parM. Claude Adam), Camille Gira,Jean Huss (par Mme Viviane Loschetter),Henri Kox et Mme VivianeLoschetter.Se sont abstenus: MM. Xavier Bettel,Niki Bettendorf, Mme AnneBrasseur, M. Emile Calmes, MmeColette Flesch, MM. Charles Goerens,Henri Grethen, Paul Helminger,Claude Meisch et Carlo Wagner;MM. Gast Gibéryen, Jacques-YvesHenckes, Jean-Pierre Koepp et RobertMehlen.Domadder, Dir Dammen an Dir Hären,si mer um Enn vun eisen Aarbechtevun haut de Moien. Déinächst Sitzung ass haut de Mëttenum hallwer dräi.D’Sitzung ass opgehuewen.(Fin de la séance publique à11.46 heures)Présidence: M. Lucien Weiler, PrésidentMERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E SÉANCEM. Laurent Mosar, Vice-PrésidentM. Niki Bettendorf, Vice-PrésidentOrdre du jour1. Débat de consultation au sujet des négociations au seindes réunions de la Tripartite ferroviaire(Exposé de M. le Ministre des Transports Lucien Lux -Débat - Motion - Vote)2. 5465 - Projet de loi modifiant a) la loi du 29 juin 2004 surles transports publics b) la loi modifiée du 4 décembre1967 concernant l’impôt sur le revenu(Rapport de la Commission des Transports - Discussiongénérale - Vote sur l’ensemble du projet de loi et dispensedu second vote constitutionnel)Au banc du Gouvernement se trouvent: M. Jean Asselborn,Vice-Premier Ministre; MM. Mars Di Bartolomeo et Lucien Lux,Ministres.(Début de la séance publique à 14.31 heures)■ M. le Président.- D’Sitzungass op.Huet d’Regierung eng Kommunikatiounze maachen?■ M. Mars Di Bartolomeo,Ministre de la Santé et de la Sécuritésociale.- Neen, Här President.■ M. le Président.- Mir fänkeneisen Ordre du jour vun haut deMëtten u mat enger Konsultatiounsdebattiwwert d’Eisebunnstripartite.D’Riedezäit ass nom Modell2 festgeluecht. Et si bis eloageschriwwen: déi Häre Spautz,Grethen, Schreiner, Negri, Bauscha Gibéryen.Mir fänken d’Debatt u mat engemExposé vun der Regierung, vumHär Transportminister Lucien Lux.Här Lux, Dir hutt d’Wuert.■ Une voix.- Här President, etännert eppes. Den Här Braz ersetztden Här Bausch.■ M. le Président.- Jo, okay.Déi gréng Fraktioun huet mir denHär Bausch gemellt. Dann änneremer dat ëm, et ass den Här Braz.Här Minister, Dir hutt d’Wuert.1781. Débat de consultationau sujet des négociationsau sein des réunionsde la TripartiteferroviaireExposé de M. le Ministre desTransports Lucien Lux■ M. Lucien Lux, Ministre desTransports.- Merci, Här President.Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleeginnena Kolleegen, gëschter sisech am Rahme vun enger CFL-Tripartitedéi eenzel Partneren iwweren Accord fir d’Zukunft am Frachtberäichvun der CFL eens ginn.Domadder entsteet d’CFL-Cargo,eng nei Gesellschaft, eng LëtzebuergerLéisung, e Mariage tëschentder CFL an der Arcelor,deen eis et erlaabt, fir in extremiseng Äntwert ze ginn op d’Ouvertuream Frachtberäich op derSchinn, à partir vum 1. Januar2007. D’CFL bleift dobäi an hireGrondstrukturen erhalen, hir Filial,d’CFL-Cargo also, soll als neienOpérateur um europäeschen Netzan deenen nächste Joren aktivsinn.Domadder geléngt eis eng Equatiounvun enger noutwendegerKompetitivitéit am Rahme vun engemoffenen europäesche Schinnemarchéan awer och eng sozialKohesioun, well mer d’Acquisë vunden aktuellen Eisebunner erhalen,a mir stellen eis nei op, wat déi neianzestellend Eisebunner ubelaangt.D’Balance also tëschentenger houfrecher Traditioun vunder Eisebunnsgesellschaft – aweroch Eisebunner –, déi am Laf vunde Joren a Jorzéngten eng Gesellschaftopgebaut huet, déi souwuelam Voyageurs- wéi am Frachtberäichfir d’Land ganz vill Effortegemaach huet an déi fir hir Acquisën,déi mer also respektéieren,sech laang agesat huet, fir an hiremLangage ze bleiwen, laang dofirgekämpft huet.D’Equatioun vun deenen zwou LëtzebuergerGesellschafte baut op ekompetent, engagéiert a qualifizéiertPersonal, op héich Sécherheetsstandarden,déi fir déi zwouGesellschaften an hiren Aktivitéitenëmmer ganz wichteg waren, anoch op en héije Sozialdialog, deenet erlaabt huet, fir Restrukturéierungen,Konflikter ëmmer am Rahmevun de Regele vum sou genannteLëtzebuerger Modell ze regelen.Déi zwou Kompetenzen also, déisech hei fannen, sollen zesummeneng nei Success story am wirtschaftlecheBeräich erreechen.Ech mengen, dass déi zwou Kompetenzenzesummenzeleeën deneigentlechen Erfolleg vun dëser Tripartiteduerstellt.Dësen Accord ass a véierfacherHisiicht eng gutt Saach:En ass gutt fir d’Eisebunn, well merhei eng nei Eisebunn kënnen opd’Schinn setzen, méi offensiv, méiselbstbewosst, méi flexibel, aweroch couragéiert a sécherlech ochbereet, mat Risiko an d’Zukunft zegoen.En ass gutt fir de WirtschaftsstanduertLëtzebuerg, well den Transportouni Zweifel an eiser Ekonomiehaut en enorm wichtegeStandortvirdeel duerstellt an domaddermer also och en indus-
- Seite 3 und 4: Présidence: M. Lucien Weiler, Pré
- Seite 5 und 6: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 8 und 9: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 10 und 11: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 12 und 13: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 14 und 15: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 16 und 17: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 18 und 19: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 20 und 21: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 22 und 23: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 26 und 27: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 28 und 29: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 30 und 31: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 32 und 33: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 34 und 35: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 36 und 37: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 38 und 39: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 40 und 41: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 42 und 43: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 44 und 45: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 46 und 47: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 48 und 49: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 50 und 51: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 52 und 53: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 54 und 55: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 56 und 57: QUESTIONS AU GOUVERNEMENTCOMPTE REN
- Seite 58 und 59: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 60 und 61: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 62 und 63: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 64: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE