MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E SÉANCE www.chd.lu■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Ech wollt awer soen…■ M. Ben Fayot (LSAP).- Echhunn hei rappeléiert, wat ech zuder Monaco-Affär gesot hunn. Datass an der Linn vun deem, wat echz’joert bei der Budgetsdebatt gesothunn. Dozou stinn ech.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Also, Här President, echerlabe mer awer dann ze zitéieren,wat an där Motioun vun deemoolssteet. Well, wann elo gemaachgëtt, wéi wann dat aus dem Kontextgerappt wär, wat ech gesothunn, dann zitéieren ech Iech, watan der Motioun steet.(Interruption)„Considérant les déclarations durapporteur“ – dat war den Här Mosardeemools – „concernant lebudget des recettes et des dépensesde l’État pour l’exercice2005, proposant notamment deproposer l’abolition de l’impôt surla fortune des personnes physiquesrendant ainsi le Luxembourgd’autant plus attrayant pourles propriétaires de fortune importante“.Dat stoung deemools ander Motioun hei dran. Jo.■ M. Ben Fayot (LSAP).- Dirmusst dann och alles liesen.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- De Rescht…■ M. le Président.- Jo.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Här Fayot, ech wëll Iechjust soen, deemools hutt Der géintdéi Motioun hei gestëmmt, nodeemDer virdrun zwar an der Diskussiouniwwert déi Motioun behaapthutt, datt Der am Fong averstanewäert mat der Motioun, datt etduerfir kee Wäert hätt se ofzestëmmen.Ech hunn Iech deemools ochgesot, Dir wäert gesinn, et dauertkee Joer, dann hu mer esou ee Projethei leien, dee genau an déi doteRichtung geet. A wann ech héieren,wat de Moien awer hei gesotginn ass, wat den Objektiv ass vundeem Projet, dann ass dat jo enDeel vun deem Objektiv vun deemProjet.Zumindest d’Demokratesch Parteiass sech konsequent. Den HärMeisch huet et virdrun hei gesot, etwär eigentlech zréckzeféieren openg Urpropositioun vun hirer Partei,souguer nach an der leschterLegislaturperiod, an hien huet deeganzen Aspekt do nach eng Kéierhei beschriwwen. Si si sech wéinstenskonsequent; si stëmmenherno hei eppes, wat total logeschass.(Interruptions diverses et hilarité)■ M. Ben Fayot (LSAP).- HärPresident, ech wëll dem HärBausch awer rappeléieren, dassech virun enger Véierelstonneppes kloer gesot hunn do dozou,an dat ass datselwecht, wat echzejoert gesot hunn, a meng Fraktiounan ech bleiwen dobäi.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Här Fayot, Dir hutt virunzéng Minutten hei gesot a wëllende Leit dobausse verkafen, wéiwann dat, wat mer hei géinge maachendës Kéier, en Astieg and’Steiergerechtegkeet wär, wa mergéingen eng 10%eg Quellesteieraféieren, wou d’Base imposablequasiment null wär. Dat hutt Dir virdrunhei de Leit wëlle verkafen alsNeiastieg an d’Steiergerechtegkeet.Also, wann ech gelift, dathuet awer näischt domat ze dinn,wat am Text steet, wat Dir hei zielt!Ech hunn Iech jo gesot, Dir hatemol net de Courage, esou wäit zegoe wéi d’europäesch Richtlinn,wéi dat Gesetz, wat 2005 ofgestëmmtgouf, wou zumindest enDeel vun de Fongen drastoungen.An ech hunn Iech och gesot, wannDir hei hätt wëllen en Astieg maachenan d’Steiergerechtegkeet,dann hätt Dir net missen ënnenufänken, mä uewen ufänke bei deRevenuen. Dat léist bei eiser Fraktiounawer e gréissert Erstaunenaus iwwert d’Aart a Weis vun ÄrerFraktioun, vun Ärer Partei, déi joawer zumindest op deem dote Gebitt,wat hir Grondsätz ubelaangt,eng Rei aner Saachen an hireGrondsätz stoen huet wéi dat, watDir eis de Moien hei versicht huttwäiszemaachen.Ech muss och soen, Här President– an duerfir ass et jo och kloer, dattmer déi Motioun hei net kënne matdroevun der Majoritéit –, wann Dirdéi Considéranten do liest, wanndann an deem Considérant steet:„Considérant que cette même retenueà la source“ – dat heescht déi,déi mer elo hei aféieren – „permetun traitement équitable de tous lescontribuables et élimine ainsi lespossibilités de fraude, source d’injusticefiscale et sociale; (...)“, echmuss Iech soen, wann ech gesinn,wat d’Base imposable heivunnerass, dann ass et eng Frechheet, firesou eppes dranzeschreiwen. Datass d’Lëtzebuerger fir wierklechnet ganz intelligent gehalen, wanneen esou eppes wéi dat doten aneng Motioun schreift.Mir wësse ganz genau – ech hunnIech dat gesot elo –, Dir hat emolnet de Courage esou wäit ze goewéi se um europäeschen Niveaugaange sinn, wou mer jo do humisse goen, an da wëllt Dir hei iwwereng Motioun de Leit elo Steiergerechtegkeetverkafen. An ochnach quasi e schlecht Gewëssenhutt Dir nach de Leit de Moien heigemaach, deenen, déi elo hei betraffsinn, fir ze soen, dat hei wieren Astieg an d’Steiergerechtegkeetum europäeschen Niveau.Duerfir, Här President, ass et fir eisoch kloer, datt, wann een et wëllteescht huelen, fir an déi dote Richtungméi Steiergerechtegkeet zekréien, da misst een déi Motiounstëmmen, déi mir eraginn hunn, déido vill méi eng kloer Sproochschwätzt, ëm wat et hei an Zukunftmuss goen, déi sech net verléiertan évasiven Erklärungen. Duerfirass et och fir eis kloer, datt mirnach eng Kéier gären hätten, datteis Motioun, esou wéi ech datgëschter verlaangt hunn, als Questionpréalable am Virfeld hei ofgestëmmtgëtt, well ech wéisst gärhei beim Vote électronique, wéi alleenzelnen Deputéierte sech verhält.Ech si frou, datt d’Madame VeraSpautz haut de Moien hei ass. Sihuet am Oktober, wéi mer hei denzweete Vote...■ M. le Président.- Si ass dachëmmer hei.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Si ass vläicht ëmmerhei, mä ech si besonnesch frou,dass ech se de Moien hei gesinn,Här President, well ech hir dat wolltvirhalen, wat si gesot huet beimzweete Vote constitutionnel vun derKonstitutioun, wou si eng laangAnalys gemaach huet iwwer sozialOngerechtegkeeten innerhalb vunEuropa, si huet och iwwer Steieregeschwat a si huet deemools souguergesot, si géing mech opfuerderen,méi kritesch ze sinn zu deenenDeklaratiounen, déi de Premierministerhei gemaach huet, anduerfir misst een och kucken, wéiee beim Budget hei sech géingverhale fir 2006.Ech hoffen, datt d’Madame Spautzdëse Projet ganz gutt gelies huet,well soll si deen hei nämlech stëmmen,da géing ech hir awer soen,da wär et fir d’leschte Kéier gewiescht,mengen ech, wou si heiop d’Pult soll eropkommen, firanere Lektiounen auszedeelen,wann et ëm sozial Gerechtegkeetoder Gerechtegkeet par rapport zude Steiere geet.Op alle Fall, Här President, mirwäerten dee Bedruch hei netmatstëmmen; mir wäerten hei ausgudde Grënn géint dëse Projetstëmmen.Ech soen Iech Merci.■ Une voix.- Très bien!■ M. le Président.- Da kommemer zu deem leschten ageschriwweneRiedner fir haut de Moien,dem honorabelen Här Gibéryen.Här Gibéryen, Dir hutt d’Wuert.■ M. Gast Gibéryen (ADR).-Merci, Här President. Dir Dammenan Dir Hären, den Här Rapporterhuet de Moien hei ugefaangen, andeemhie gesot huet, dass schonnd’lescht Woch, wéi mer hei iwwertde Budget geschwat hunn, verschiddeLeit d’Waasser net hättenhale kënnen, a schonn aachtDeeg, ier de Projet hei zur Debattgéif kommen, scho gemengt hätten,doriwwer missen ze diskutéieren.Mir wossten, firwat datt mer virunaacht Deeg d’Waasser net konntenhalen, Här President, well doduerchdatt net nëmmen ech, mäech mengen och déi gréng Kolleegenheibannen an der Chamberscho bei de Budgetsdebatten opdeen onsoziale Projet, dee merhaut hei virleien hunn, higewisenhunn, hu mer et zumindest fäerdegbruecht, datt net nëmmen an derOpinion publique dobaussen, mäoch an de Majoritéitsparteie selwereng gewëssen Oppositioun, ochhannert de Kulissen, entstanenass, déi jo dann zum Ausdrockbruecht ginn ass, andeem dattd’Majoritéit haut de Moien hei engMotioun deponéiert huet, déi déiLeit da soll quasi berouegen anhinnen d’Garantie ginn, dass sekënne mat engem gewësse séchereGefill dee Projet hei stëmmen.Dobäi wëll ech direkt soen, HärPresident: Wann déi Kolleeginnena Kolleegen dat mengen, da kannech hinnen haut awer scho soen,datt si um Holzwee sinn, well déiMotioun, déi se haut hei virgeluechthunn, do kann ech hinnendat schrëftlech op eng Salztutginn, déi wäert och an engem Joerguer näischt drun änneren. Sistëmmen haut schéi brav hei mat,an domadder hu se en Alibi kritt,mä um Fong wäerte se näischt änneren.Här President, et ass elo...(Interruptions)Ech hunn et hei gesot, Här President,well jo ëmmer esou vill zitéiertgëtt. An ech hunn dat hei mat Absichtgesot, datt et actéiert gëtt, firdatt mer och no engem Joer oderanerhallwem Joer nach eng Kéierkënnen dat Ganzt erëm eraushuelen,an dann eben nach eng Kéierdéi Analys maachen. An da gesimer jo...(Interruptions)Da gesi mer jo, wie Recht huet. Echsinn iwwerzeegt, datt ech wäertheiranner Recht behalen.(Interruptions)Här President, den 21. Junid’lescht Joer hu mer hei d’Gesetzgestëmmt iwwert d’EU-Direktiv iwwertd’Aféierung vun der Quellesteiervun den Non-résidents. Lëtzebuerghuet d’Bankgeheimniskënne bäibehalen. Et ass engQuellesteier fir d’Non-résidentsagefouert gi vu 15% bis 2007; 20%kënne laut der Direktiv bis 2009 abis 35% 2011 agefouert ginn.D’Gesetz vun haut huet awer dräiHaaptpunkten: Éischtens d’Aféierungvun enger Quellesteier opden Zënserträg, zweetens d’Ofschafevun der Verméigenssteier firPersounen an drëttens eng Amnistiefiscale.D’Quellesteier vun 10% op denZënserträg ass déi, déi hei ammeeschten diskutéiert ginn ass.10% libératoire, dat heescht, et asseng definitiv Besteierung. Déi gëttalso net méi bei der Joresbesteierungmat berücksichtegt.175An och bleift d’Bankgeheimnis bestoen:D’Bank hëft déi Steier op,iwwerweist se un d’Steierverwaltungan de Bankeclient kritt vun derBank en Zertifika oder en Extraitausgestallt, wou drop festgehalenass, wéi vill Zënsen un de Stat iwwerwisesi ginn.De Fräibetrag ass deen, deen ande leschte Wochen am meeschtenan d’Diskussioun komm ass. AmAbléck hu mer e Fräibetrag vu1.500 Euro Zënse pro Persoun. Etkënne maximal pro Famill zwouPersounen dovunner profitéieren.Den initiale Projet, deen d’Regierungdeponéiert hat, huet och dëseFräibetrag vu 1.500 Euro Zënsemat iwwerholl gehat, op engemKonto oder op méi Konten, awer dabei verschiddene Banken.Déi éischt Versioun vum Projet huetalso déi 1.500 Euro festgehalen op10% op allen Zënserträg. An deSteierflichtegen hätt da kënne beid’Steierverwaltung goen an déi10%, déi hien ofgehale kritt hätt,zréckbezuelt kréien. Hien hätt déiverschidden Zertifikaen, déi e vunder Bank ausgestallt kritt hätt,misse bäileeën, an 10% vu 1.500Euro Zënse wieren also maximal150 Euro Steiere gewiescht, déieng Persoun hätt kënnen zréckkréien,oder zweemol 150 Euro beienger Famill.Et war direkt gewosst, datt dat egrousse Verwaltungsopwand géifginn, an et ass op Grond, géif echsoen, vun enger Oppositioun, déiaus der Verwaltung selwer erauskommass, vum Personal, dat eCommuniqué gemaach huet, andeem et gesot huet, datt déi politeschResponsabel an d’Regierungnet géifen op et héieren, an datt etduerfir misst dee Wee huelen, firdann eben iwwer e Communiquéun d’Öffentlechkeet ze goen a matzedeelen,datt d’Steierverwaltungmisst 40 bis 50 Leit weider astellen,fir eleng déi dote Prozedur kënnenze bewältegen. D’Chamber vun deFonctionnaires an Employés publicshuet dogéint opposéiert, anden ADR huet och deemools engPressekonferenz gehalen, fir dorobberhinzeweisen.Dat Ganzt zesummen huet dozougefouert, datt d’Kommissioun enAmendement zu dem Projet ugehollhuet, an du ganz einfach deFräibetrag fale gelooss huet, esoudatt vum éischten Euro un oderquasi vun zwee Euro un, wat dunnop zéng Euro eropgesat ginn ass,d’Zënsen awer praktesch ganz integralbesteiert ginn.(Interruption)Här President, et ass duerno esougemaach gi vum Här Statsminister,wéi wann d’Chamber deen Amendementgemaach hätt. Wuel huetd’Chamberkommissioun deegestëmmt, mä en ass proposéiertgi vum Här Frieden am Numm vunder Regierung. An ech hunnd’lescht Woch hei gesot, den HärStatsminister huet freides owes amPressebriefing nom Regierungsrotgesot, hien hätt Verständnis fir derChamber hiren Amendement, enAmendement, wou hie Verständnisdovir hätt, wat awer am Fong säineegenen Amendement war.D’Regierung war esou onfair, fir datnet anzegestoen, a si wollt amFong der Chamber dat ënnerjubelen,wéi wann d’Chamber hei deenAmendement gemaach hätt. Dobäiwar et eng Propositioun, déi denHär Frieden am Numm vun der Regierungan der Kommissioun gemaachhuet an déi, wéi gesot, vunder Kommissioun ugeholl ginn ass.Derfir hu gestëmmt: d’CSV, d’LSAP,d’DP an DÉI GRÉNG, den ADRhuet deemools dergéint gestëmmt.Här President, d’Sozialisten, déiam Fong eng ganz gelunge Roll andeem Gesetz hei spillen, hu sechsouguer dunn dozou hiräisse gelooss,fir am Fong déi Décisioun,déi d’Finanzkommissioun gehollhuet, nämlech fir d’ganz Zënserträgze besteieren, och nach alsgutt a vertrietbar no baussen zeverkafen, andeem datt si am „Tageblatt“geschriwwen hunn, ënnertdem Titel „Beschwichtigung“:„Der Eindruck sei vermittelt worden,ab sofort ginge es Kleinsparernan den Kragen, sprich an dasErsparte. Nun wird der Freibetraggestrichen. Die LSAP kann gut damitleben. (…) Durch die so genannteTextänderung würdenKleinsparer geschädigt. Beispillgefällig: Eine Person mit einemSparguthaben vun 100.000 Euromüsste beim Zinssatz vun 2% mitder aktuellen Gesetzesvorlagerund 200 Euro an den Fiskusabführen, rechnet die LSAP vor. EinBetrag, der erträglich ist.“Also d’Sozialiste waren déi éischtPartei – déi éischt Partei! – vumParlament, déi net nëmmen an derKommissioun den Amendementmatgestëmmt huet, mä déi ochnach un d’Press gaangen ass ande Leit erkläert huet, datt dat fir sierträglech wier, datt dat normalwier an datt dat gutt wier, datt d’Leitelo géife vum éischten Zënseuro ubesteiert ginn.An deemselwechten „Tageblatt“huet deemools awer den OGB-L, ajust iwwert deem Artikel, geschriwwen,„Kleinsparer muss es richten“:„…seien hier in erster LinieKleinsparer visiert, die nunverstärkt zur Sanierung des Staatshaushaltsbeitragen müssen, klagtder OGB-L. Diese unsoziale Maßnahmesei umso unverständlicher,da die Reichensteuer für das Budgetjahr2006 abgeschafft wordensei.“Här President, dat wier jo alles netesou ee Problem, wann do denOGB-L eng aner Meenung hätt wéid’LSAP, mä et kann ee sech awerFroe stellen, wéi et da méiglechass, datt awer eminent OGB-L-Leitan där LSAP-Fraktioun hei sëtzenan op enger Spalt an der Zeitungeng Kéier soen: Ma dat ass selbstverständlech,d’LSAP-Fraktiounfënnt dat vertrietbar, datt d’Leit elomussen déi Steiere bezuelen, andann een aneren Hutt opdoen andrënner schreiwen: Dat doten asssozial ongerecht, an haut wahrscheinlechdann och nach déi sozialOngerechtegkeet hei matstëmmen.De Fuuss bei der ganzer Saachwar, wéi sou dacks, den Här Juncker.Deen huet sech erausgehalen,hien huet den Här Frieden virgeschéckt,fir der Kommissiounden Amendement ënnerzejubelen.D’Kommissioun huet e gestëmmt,den Här Juncker huet Versteesdemechfir d’Kommissioun, datt sidem Här Frieden, nodeem hie vumHär Juncker den Optrag kritt huet,säin Amendement gestëmmt huet,a seet dann awer am „Wort“: „Diesteuerliche Belastung der Kleinsparerwar allerdings dem Premierein Dorn im Auge.“Dat heescht, nodeems d’Sozialistendunn emol virgeprescht warenan der Natioun erkläert hunn, dattdat gutt wier, war dat dann op eemoldem Här Juncker erëm en Daram A. Dunn ass alt erëm eng Kéiergeännert ginn an den Zënsbetrag,dee vun zwee op zéng eropgesatgi war, ass op 250 Euro eropgesatginn. Dat war dunn awer eng Propositioun,déi och erëm vun derRegierung gedroe ginn ass.De Fraktiounschef vun der CSV,den Här Wolter, war virsiichteg genuch,well hien huet an der Finanzkommissioungefrot: Wann etheescht, d’Regierung, heescht datoch, datt den Här Juncker mat därPropositioun averstanen ass? Anhie krut du vum Budgetsministerconfirméiert, datt och den Här Junckermat där Propositioun vun derRegierung averstane wier, fir danneben elo de Fräibetrag op 250Euro eropzehiewen, wat engemKapital vun 12.500 Euro oder500.000 ale Lëtzebuerger Frangbeim aktuellen Zënsfouss vun 2%entsprécht.Et kann ee selbstverständlech epuer Spuerbicher opmaachen,dann awer op verschiddene Banken,mä wann een déi Zënserträgvun 250 Euro nëmmen ëm zéngEuro iwwerschrëtt an et kritt een260 Euro Zënsen, da ginn déi vollbesteiert an net nëmmen d’Diffe-
MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E SÉANCE www.chd.lurenz vun 250 op 260, mä déi 260ginn da ganz besteiert, an da musseen op sengen Zënserträg vun 260Euro 26 Euro Quellesteier bezuelen,och déi kleng Leit, also 26 EuroQuellesteier, 13 fir den Här Junckeran 13 fir den Här Frieden.(Hilarité)Här President, Dir Dammen an DirHären, d’Inflatioun hei am Land assam Abléck 3%. D’Leit kréien 2%Zënsen. Dat heescht, d’Leit verléierenam Abléck schonn. Déi Leit,déi hiert Geld normal op e Spuerbuchsetzen,…■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Dat ass ganz richteg.■ M. Gast Gibéryen (ADR).-…déi kréien am Abléck schonn iwwertd’Zënsen dat net eran, wat seduerch d’Inflatioun verléieren. Datheescht, déi Leit ginn elo schonn,wa se hiert Geld placéiere vu Joerzu Joer, méi aarm, well d’Zënsennet esou héich si wéi d’Inflatioun.D’Zënsen, déi kënnen net nationalfestgeluecht ginn, mä d’Inflatioungëtt awer national gemaach, a Lëtzebuerghuet momentan de Rekordan der Inflatioun. Dat ass jonet d’Schold elo vum Ausland, mäet ass d’Schold vun eiser Regierung,déi bis elo net am Stand war,hei eng Wirtschaftspolitik ze maachen,fir eben eng Inflatiounsbekämpfungze maachen, mä aucontraire beim Budget hei engganz Rei vu Moossname proposéiert,déi an Zukunft, wa se déisollt duerchsetzen, Här President,och nach d’Inflatioun géife weideran d’Luucht dreiwen.Och d’Bauspuere fält hei drënner.Am Projet waren am Ufank d’Bauspuerverträgnet dran, mä well merwëssen, datt den Här Statsministerjo net dacks mea culpa mécht, mähei beim Budget kloer gesot huet,datt dat dee gréisste politeschenÉchec wier, deen hien erlieft hätt,datt mer hei zu Lëtzebuerg esou enNoutstand am Wunnengsbauhunn, géif een dach mengen, damisst d’Regierung elo higoen andéi Leit encouragéieren, déispuere fir kënnen ze bauen. Neen,am Projet am Ufank waren d’Bauspuerverträgausgeschloss, si sinnawer elo im Nachhinein erëm eragehollginn.Här President, d’Statsbeamtegewerkschafthuet zwee…(Interruption)…Amendementer zu deem Text heiproposéiert. Mir hunn eis erlaabt,déi zwee Amendementer hei zedeponéieren, fir datt mer kënnendoriwwer ofstëmmen, fir dattd’Bauspuerverträg erëm aus deenenheite Sätz erausgeholl ginn.Amendement 1L’article 4, paragraphe 2, lettre b),du projet de loi est complétécomme suit:„Les intérêts attribués sur un dépôtd’épargne auprès d’une caissed’épargne-logement; à partir du 1 erjanvier 2006 ces intérêts ne sontplus considérés comme des revenusau sens de l’article 97, paragraphe(1) de la loi modifiée du 4décembre 1967 concernant l’impôtsur le revenu.“(s.) Gast Gibéryen, Jacques-YvesHenckes, Aly Jaerling, Jean-PierreKoepp, Robert Mehlen.Amendement 2L’article 10 du projet de loi estcomplété comme suit:„3 e – À l’article 97, le paragraphe(3) est complété par un point f)ayant la teneur suivante:‘f) les intérêts attribués sur un dépôtd’épargne auprès d’une caissed’épargne-logement.’“(s.) Gast Gibéryen, Jacques-YvesHenckes, Aly Jaerling, Jean-PierreKoepp, Robert Mehlen.Här President, dann ass et awerganz wichteg: Den Här Rapporteurhuet gesot déi lescht Deeg, et wierelo emol endlech de Klengspuererdefinéiert ginn. De Klengspuerer,dat ass also elo deen, deen hei lautdësem Gesetz ënnert 250 EuroZënsen am Joer kritt.Här President, d’Regierung selwerhuet awer, géif ech soen, de Klengspuererelo schonn definéiert, wellan eiser ablécklecher Situatioun humer 1.500 Euro Zënse steierfräi! Anoch am Projet, deen d’Regierungdeponéiert huet, waren 1.500 Eurosteierfräi! An dunn op eemol si seintegral ofgeschaaft ginn, du vunzwee op zéng an dunn op 250eropgesat ginn.Här President, den Här Junckerass de Moien e puermol hei zitéiertginn, och vum Rapporteur, aussenger Deklaratioun, déi hien amMee 2003 gemaach huet iwwertd’Lag vun der Natioun, wou denHär Juncker dat heite Gesetzugekënnegt huet. Mä alleguer déi,déi en zitéiert hunn, hunn iergendwéieng Kéier opgehale matzitéieren, well den Här Junckerhuet och deemools de klengeSpuerer definéiert.Hien huet gesot: „Mir wëlle fréistensam Joer 2005, spéitstens amJoer duerno mat 10% un der Quellbesteieren. Dat bedeit fir de Spuerereng wesentlech Steiererliichterung.Mir verduebelen“ – lauschtertgutt! – „mir verduebelen ochd’Steierabattementer. De Steierabattementgeet beim Eenzelne vun1.500 op 3.000 Euro erop a fir déibestuete Koppel geet e vun 3.000op 6.000 Euro an d’Luucht. KeeSpuerer bezilt méi, mä all Spuererbezilt manner.“Dee Saz hunn alleguer déi, déi denHär Juncker vum Mee 2003 deMoien hei zitéiert hunn, vergiessfäerdeg ze liesen. Dat heescht, etwar also eng Verduebelung vumAbattement ugekënnegt vun 1.500Euro op 3.000 Euro, a fir d’Koppelvun 3.000 Euro op 6.000 Euro.Här President, vun deene vum HärJuncker versprachenen 3.000 Eurosinn der 250 Euro bliwwen. A vundeene vum Här Juncker versprachene6.000 Euro sinn der 500Euro bliwwen. Ech wollt dat just heiemol mat erabréngen, fir deeneLeit hir Mémoire e bëssen ze erfrëschen.Elo kann een natierlech, wéiden Här Fayot dat éischter gemaachhuet, soen: Mir si vun derOppositioun an d’Majoritéit gewiesselt;mä den Här Juncker war deemoolsschonn an der Majoritéit, wéien dat heiten ugekënnegt huet.Zu der Quellesteier nach zweePunkten, wou ech nawell gärenhätt, wann den Här Budgetsministereis herno och nach géif dorannerméi Prezisioune ginn. Dat eentass, wou een an der Kommissiounoch net esou richteg eens ginnass: Wann een am Laf vum Joerophieft, wéi dann d’Zënsbesteierungass.An dat Zweet ass, wéi et sech matder Retroaktivitéit bei dëser Besteierungop den 1. Juli 2005 huet.Wéini datt réckwierkend, also ochan den Exercice 2005, mat besteiertgëtt, a wéini net. Ech muss Iechsoen, datt mer do eng Rei vun Diskussiounenhaten, déi mer netganz kloer geschéngt hunn. Duerfirwier ech frou, wann den HärBudgetsminister dat géing maachen.Här President, wa mer dann alsohei gesinn, datt déi kleng Leit elomusse méi Steiere bezuelen, dagëtt et am Fong pervers, wann eendat gläichzäiteg mat der Ofschafungvun der Verméigenssteierkombinéiert. Mir hunn alleguervirun e puer Wochen hei déi miserabelFinanzsituatioun vum Stat beide Budgetsdebatte kënne feststellen,an datt et d’nächst Joer an datJoer drop nach méi schlëmm gëtt.Mir konnte feststellen, datt d’Regierung22 Propositioune gemaachhuet, bis elo, déi praktesch allegueree gemeinsaamt Zil haten: sozialenOfbau.Da steet hei am Rapport, datt d’Ofschafevun der Verméigenssteier firde Budget plutôt modest wier. Etass modest. Et si jo nëmmen 22Milliounen Euro d’Joer, déi hei demStat verluer ginn. Dat ass einfachmodest. Am Géigesaz – dat assoch modest – mussen dannd’Klengspuerer 40 Milliounen iwwertde Wee vun der Quellesteierop den Zënserträg erabréngen.Här President, eppes muss eendem Rapporteur zegutt halen, datass déi Grondéierlechkeet, déi anem läit,...(Hilarité)...well hien ass net midd ginn, souwuela sengem Rapport, wéi ochhaut am „Lëtzebuerger Wort“ an asengem mëndleche Rapport, ëmmererëm ze ënnersträichen, datteen déi zwou Saachen, d’Aféierungvun der Quellesteier op denZënserträg an d’Ofschafe vun derVerméigenssteier, muss zesummegesinn,well se zesummegehéieren,well déi eng nämlech do sinn,fir dat auszegläichen, wat duerchdéi aner ofgeschaaft gëtt.An hien huet sech net ginn domat.Hien huet dat och geschriwwen:„D’autre part, les recettes provenantde la nouvelle retenue libératoirenationale sur les intérêts sontestimées à quelque 40 millionsd’euros par an. Ces recettes sontcensées compenser les moins-valuesde 37 millions d’euros résultantde l’abolition de l’impôt sur lafortune.“Hien huet et haut am „LëtzebuergerWort“ gesot, an en huet et ochhaut de Moien nach eng Kéier heia sengem mëndleche Rapport gesot.Also, muss een dat zesummegesinn.D’Quellesteier op denZënserträg gëtt agefouert, fir amStatsbudget en Ausgläich ze kréiefir d’Ofschafe vun der Verméigenssteier.An de Frënd Bausch huet et hei virdrugesot: Mir sinn amgaangeneng Politik ze maachen, wou d’Kapitalëmmer méi entlaascht gëtt, awou d’Aarbecht méi besteiert gëtt.Mat där heiter Politik ginn déi Räichëmmer méi räich, an déi Aarm ëmmerméi aarm. An dann ass et enggewëssen Hypokrisie, wann dannhaut de Moien och hei den HärFayot eng Motioun deponéiert, wouen dann am Fong seet, datt duerchdat Gesetz hei, wéinst der Fraudefiscale, géif Steiergerechtegkeetagefouert ginn.Ech wëll just drun erënneren, HärPresident, datt déiselwecht Leitvirun enger Woch heibanne géinteng Motioun vun eis gestëmmthunn, wou mer dra gefrot haten – asi hu schonn zweemol dergéintgestëmmt, och déi gréng Kolleegen–, fir datt d’Steierverwaltung anden Enregistrement géifen équipéiertgi mat enger Sektioun Antifraude,fir grad d’Steierongerechtegkeetze bekämpfen. Si hunn heizweemol do dergéint gestëmmt.An elo gëtt hei erëm eng gréisserSteierongerechtegkeet agefouert,fir dann de Culot ze hunn, heihinnerze kommen an ze behaapten,Här President, datt dat einfach géifeng Steiergerechtegkeet bréngen!Och de Statsminister huet an derRied zur Lag vun der Natioun gesot:„Dat bedeit fir d’Spuerer engwesentlech Steiererliichterung.“ DeKoalitiounsaccord huet dat och gesot.Här President, ech ginn e bëssevirun, fir datt ech a menger Zäitbleiwe kann.Well eben och hei, wéi gesot, déiVerméigenssteier mat dësem Gesetzofgeschaaft gëtt. Domaddersolle Leit, déi verméigend sinn,hiert Geld hei an d’Land bréngen.Här President, och do, mengenech, ass et awer erlaabt an ochnoutwendeg an ubruecht, datt eeneng Kéier an déi rezent Vergaangenheetzréckkucke geet, well ochdo, mengen ech, hunn eis sozialisteschKolleegen, wéi se nach ander Oppositioun waren, duerchd’Hand vun hirem Generalsekretärjo awer net onbedeitend Aussoenzu där Ofschafung vun der Verméigenssteiergemaach.176Am „Tageblatt“ vum 27. Mäerz2004, also ganz kuerz virun deChamberwahlen, huet den LSAP-Generalsekretär, den Här Lux, geschriwwen:„Die Monaco-DP, sorichtig konkret werden die programmatischenVorstellungen derDP allerdings immer dann, wenndie ureigene Klientel, die Reichenund Schönen, bedient werden sollen.Weil Monaco…“■ M. Henri Grethen (DP).- Seidankbar für das Schöne!(Hilarité)■ M. Gast Gibéryen (ADR).-Ech verstinn, Här Grethen, datt Derdat wëllt ervirsträichen. De Reschtwosste mer.(Hilarité)„Weil Monaco so schön, sauberund teuer ist und dort die Superreichennur Superreichen begegnen,tritt die DP allen Ernstes für die‚Monacoisierung‘ Luxemburgs ein.Damit dieses Unterfangen gelingenkann, plant die DP, die Vermögenssteuerabzuschaffen. Die DPzeigt wieder Flagge, die Flaggeder ultraliberalen Partei der Hochvermögenden.Wer mehr als 3 MillionenEuro, ein halbes DutzendBauplätze und monegassischeTischmanieren besitzt, ist demnachgut beraten am 13. Juni dieDP zu wählen.“Här President, d’DP wéi och anerParteien hunn den 13. Juni net déiStëmme kritt, déi se sech erwaarthunn. D’Sozialisten…(Interruption)Bon, ech géif soen, Här Grethen,kommt mer loossen do dem Wielerawer de Choix. Et muss een ëmmerd’Resultat vum Wieler akzeptéieren.Op jidde Fall, d’Sozialisten…(Interruption)Jo, jo. Mir stinn, ech mengen, HärSpautz… All fënnef Joer ännertdat. Leet Äre Kapp a Rou. WannDer esou virufuert, da sinn ech iwwerzeegt,…■ Une voix.- Dann ass et eriwwer.■ M. Gast Gibéryen (ADR).-…datt et a fënnef Joer nach engKéier ännert, awer an déi anerRichtung.Här President, d’Sozialiste sinnawer an d’Regierung komm. A genaudat, wat se hei der DP virgeworfhunn, maache se haut. Etmuss een dann elo wëssen, wou„die Reichen und Schönen“ sëtzen.Dat heescht, iergendwéi ass doeng Wanderung amgaangen, a semusse bei de Sozialisten och hautukomm sinn. Dat heescht, vun därklenger, léiwer, gudder Aarbechterpartei,déi et eng Kéier war, mengenech, si mer elo bei, wéi se zuEsch soen, „d’Sozialiste mat deKrawatten“, oder, wéi se hei an derStad soen, „d’Kaviarsozialisten“komm, déi elo einfach kënne matIwwerzeegung, an den Här Fayothuet dat jo de Moien och hei versichtze maachen, hei fir d’Ofschafungvun der Verméigenssteier lafen.Här President, et war awer netnëmmen den Här Lux, mä och eisegudde Frënd, den Här Castegnaro.Hien huet de 26. November umOGB-L sengem Kongress gesot– do huet hien opgehalen als -OGB-L-President, fir deen ech enhéich schätzen –, an e war awerschonn Deputéierte vun der LSAPzu deem Zäitpunkt, dat ass net onwesentlech– mir hunn dat heitenum OGB-L sengem Site erausgezunn-:„…die Abschaffung der Vermögenssteuerandererseits, umLuxemburg zu einer Nische, einemMonte Carlo für Reiche zu machen,respektive der Weg in die Zweiklassengesellschaft,wo nicht nationaleSolidarität, sondern privateZusatzversicherungen soziale Absicherungin allen Lebenslagen garantierensollen, entsprechen wederden Zielen noch den Visionenjener gerechten Gesellschaft, dieunsere Vorgänger und die wir anstreben,die wir als Modell für unsund alle Menschen auf dieser Erdeals notwendiges Ziel sehen.“(Interruption)„Die Herausforderungen sindenorm, unsere Verantwortung istgroß und unsere Kampfbereitschaftnotwendig: Nicht allein in Resolutionen,oder aus dem Sessel heraus,rhetorisch oder in Zeitungsartikeln.Nein, sondern wie bisher,überall dort, wo wir gefordert sindund die Herausforderung erfolgreichannahmen.“Här President, wéi gesot, dunn hatend’Sozialiste schonn de Koalitiounsaccordgestëmmt, wou d’Ofschafevun der Verméigenssteierdra war, an den Här Castegnarowar schonn Deputéierte vun derLSAP, wéi hien dat doten um Kongressgesot huet. Do huet hien datbei de Komerodinnen a Komeroden,déi Quellesteier bezuelen, gesot.An elo haut stëmmt hien heimat de Kaviarsozialiste géint datdoten, wat hien do esou haart andäitlech fir all Mënsch vun der ganzerWelt gewënscht huet.Här President, ech mengen, et assawer wichteg, datt een heiansdoemol esou kleng Detailer hei nacheng Kéier opfrëscht.Dann nach zum Schluss, Här President– et bleiwe mer nach dräi Minutten–, zu der Amnistie fiscale.Iwwert d’Amnistie fiscale, Här President,stinn hei am Rapporteursengem Rapport ganzer fënnefReien. Dat gëtt engem esou ënnergejubelt,an et gëtt wa méiglechnet driwwer geschwat.Haut de Moien huet den Här Mosarnach hei versicht dat esou duerzestellen,wéi wann dat am Fongkeng Amnistie wier, mä et ass engAmnistie. Dat heescht, d’Steierverwaltung– dat seet den Artikel 9ganz kloer – kann Informatiounen,déi se iwwert de Wee vum Erhiewevun der Quellesteier elo kritt, netdozou benotzen, fir réckwierkendSteieren ze erhiewen.Och haten d’Sozialisten dat virunde Wahle jo ganz kloer hei geschriwwen.Den Här Fayot huethaut de Moien zwar kloer hei gesot,d’Sozialiste wéilte kee LëtzebuergerMonaco, mä et ass genau dat,wat awer den Här Lux virun deWahlen hei gesot huet, et géif e lëtzebuergeschtMonaco ginn, an déi„Reichen und Schönen“, déi géifesech hei an der Péitrus an der Stadusiedelen, fir awer bei Waasser zesinn.Här President, Dir Dammen an DirHären,...(Hilarité)Här President, Dir Dammen an DirHären, hei stellt d’Fro sech ganzkloer: Mussen dann d’Résidentenhei wunnen, oder ass dat fiktiv? EiserMeenung no mussen se heiwunnen! An all Gemeng ass amFong gehalen, fir keng Résidentsfictifs bei sech zouzeloossen.Wann eng Gemeng eppes vun engemfiktive Résident weess, damuss se deen an der Populatiounslëschtsträichen. Also, et kënnennëmme wierklech Résidentenhei sinn. An dann, wann dann déiInvasioun vun deene Räiche géifop Lëtzebuerg kommen, da kënntdat, datt mer dann op dee Wunnengsmaart,op deem schonn denNoutstand ass, nach méi Drockkréien.Da soll een dat de Leit och heisoen, well, wa mer wëssen, datt,wéi d’Belsch dat agefouert huet,8.000 Hollänner a 60.000 Fransousenan d’Belsch residéiere gaangesinn, da stellt Iech emol vir, déi68.000 bis 70.000 géife muer heiop Lëtzebuerg wunne kommen,well mir esou e Gesetz hei maachen,a mir géife soen, si mussenoch nach heihinner wunne kommen– wat dat fir Konsequenzen opde Wunnengsmaart hei hätt!Här President, Dir Dammen an DirHären, duerfir ass et onseriö, dattmer hei vu Steiergerechtegkeetschwätzen, datt mer d’Klengspue-
- Seite 3 und 4: Présidence: M. Lucien Weiler, Pré
- Seite 5 und 6: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 8 und 9: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 10 und 11: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 12 und 13: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 14 und 15: MARDI, 20 DÉCEMBRE 2005 18 E SÉAN
- Seite 16 und 17: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 18 und 19: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 20 und 21: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 24 und 25: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E S
- Seite 26 und 27: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 28 und 29: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 30 und 31: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 32 und 33: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 34 und 35: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 36 und 37: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 38 und 39: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 40 und 41: MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 20 E S
- Seite 42 und 43: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 44 und 45: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 46 und 47: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 48 und 49: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 50 und 51: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 52 und 53: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 54 und 55: JEUDI, 22 DÉCEMBRE 2005 21 E SÉAN
- Seite 56 und 57: QUESTIONS AU GOUVERNEMENTCOMPTE REN
- Seite 58 und 59: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 60 und 61: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 62 und 63: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE
- Seite 64: QUESTIONS AU GOUVERNEMENT COMPTE RE