13.07.2015 Aufrufe

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

Réception de Nouvel An au Palais grand-ducal - Chambre des ...

MEHR ANZEIGEN
WENIGER ANZEIGEN

Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.

YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.

MERCREDI, 21 DÉCEMBRE 2005 19 E SÉANCE www.chd.luemol eppes Positives –, datt, nodeenen Diskussioune ronderëm deBudget an och ronderëm dëse Projet,hei an dëser Chamber ee Konsensze si schéngt – zumindest beigroussen Deeler – an datt et eMëssverhältnis gëtt bei der Besteierungtëschent Aarbecht a Kapital.An ech ka jo dann dovunnerausgoen, datt mer, wann déi Feststellunghei esou breet gedeeltgëtt, do nach spannend Diskussiounenan deenen nächste Jorewäerte kréien.Här President, ech mengen, dasset wichteg ass ze rappeléieren,datt et dat Mëssverhältnis do gëtt,well mir als gréng Fraktioun si scholaang der Meenung, datt et do eentgëtt. Ech hunn och beim Budgetgesot: Mir musse sécher iwwertd’Dépensë vum Stat schwätzen,mä mir mussen och iwwert d’Recettëvum Stat schwätzen an iwwertd’Problemer, déi mer bei deRecetten hunn.Ech hu virun enger Woch hei gesot,datt mer eigentlech an engerPhas vun Héichkonjunktur wären –4 bis 5% Wuesstum vum PIB – anawer feststellen, datt d’Recettëganz wéineg eropgi bei verschiddenena mer a verschiddene wesentlecheRecettë-Beräicher stagnéieren.A wa mer donc hei en Discoursféieren, datt d’LëtzebuergerVollek de Rimm misst méi enkschnallen a mer misste méi luestrëppelen op verschidden Niveauen,et dann natierlech relativschlecht ausgesäit wa mer op deWee ginn, fir e Projet eranzeginn,wéi deen heiten, wou dann elo umEnn vun der Diskussioun – dat waram Ufank net de Fall – op eemold’Steiergerechtegkeet an de Vierdergrondgestallt gëtt an awer umUrsprong heivunner éischter ganzaner Iwwerleeungen am Vierdergrondstoungen.An ech muss och soen, wann eendee Projet hei wëllt verkafen als eegerechten oder een Astieg – loossemer soen – a méi Steiergerechtegkeetbei der Besteierung tëschentAarbecht a Kapital, oder fir danniwwerhaapt alles dat emol méi zeerfaassen, wat virdrun net erfaasstginn ass, dann ass et awer e bësselchenerstaunlech, wann eenesou ufänkt wéi dës Regierung matdeem Projet do de Problem ufänkt,datt si nämlech ufänkt net sech eloemol Suergen ze maache fir déiBeräicher oder fir déi Kategorië vuLeit, wou wierklech dat grousstGeld verdéngt gëtt, mä éischtersech ufänkt Gedanken ze maachebei Kleng- oder Mëttelspuerer a beide klassesche Spueranlagen.Dat heescht, eigentlech ënnenufänkt den Hiewel unzesetzen, amplaz,wéi ech oder meng Fraktiounawer mengen, et méi Sënn géingmaachen, datt ee géing wierklechuewen ufänken, nämlech bei deenenufänken, déi wierklech massivFraude gemaach hunn oder sechlaanscht d’Steiere gedréckt hu mathéije Revenuen.A wann ech do nëmme kucken,wat an dësem Projet steet, wéid’Base imposable ass, datt mer –an do wëll ech Iech soen Här Fayot– emol net de Courage haten datunzewenden, wat an der europäescherDirektiv bei der Richtlinn fird’Zënsbesteierung fir Non-résidentendrasteet – iwwregens huet deRapporteur et och a sengem Rapporterwähnt –, wou zumindest enDeel vu SICAVen zum Beispill erfaasstginn a mat erageholl gi sinn,da kann een awer elo net hei kommenan dat heite verkafen, wéiwann dat heite Gesetz eigentlechals Haaptsënn an -zweck hätt, firméi an d’Richtung ze goe vuSteiergerechtegkeet.Wann ee kuckt, wat d’Base imposableréelle heivunner ass a wat fireng Leit herno hei wäerten drënnerfalen, da kann ee locker soen, dattde Gros vun de Leit mat wierklechhéije Fortunen a Revenuë sécherlechnet wäerten drënner falen. Dasoll een och elo net hei ziele kommen,dat dote wär en Astieg, wéigesot, a méi Steiergerechtegkeet.Guer net dovun ze schwätzen, dattmer dobäi nach eng Rei Mechanismenen plus hunn, déi souguermaachen – souguer wa mer eenzelProdukten hei mat abezunn hätten–, datt eigentlech do, wou datgrousst Geld verdéngt gëtt, déiawer net géingen drënner falen.Zum Beispill déi Regel, déi mer heizu Lëtzebuerg hunn, wann een Aktiekeeft oder sech a Fonge Partëkeeft an et hält ee se méi wéi sechsMéint, datt dann um Produit dovunner,deen een eventuell huet, wannee se erëm verkeeft no sechsMéint, guer keng Steieren erhueweginn. De Rapporteur beschreift dathei e bësselche salopp mat, datwär am Fong d’Belounung, déi eekrit, wéinst dem Risiko bei der Spekulatioun,deen ee géing droe beidär dote Regelung.Et muss ee sech awer bewosst siwat sechs Méint fir e kuerzen Délaiass. An et muss ee sech och bewosstsi wat fir eng Ekonomie, dattee fördert, wann ee vu vireran dropaus ass, datt Gelder, déi placéiertginn, esou kuerzfristeg erëm kënnenofgezu ginn. Ass een dann dorobberaus ass fir d’reell Ekonomieze ënnerstëtzen oder ass ee wierklechnëmmen dorobber aus, fir datteenzel Leit mat héijem Verméigerelativ séier iwwer Spekulatiounzum grousse Geld kommen?Dat heescht, wann ech d’Base imposablekucken, da stellen echfest, wéi gesot, datt de Gros vundeene Leit, déi eigentlech misstenerfaasst ginn iwwert déi 10% Quellesteierhei, net wäerten erfaasstginn an dass donc och dofir eenimmense Widdersproch ass, netnëmmen an der Argumentatioun,mä och am Projet selwer an och anden Explikatiounen, déi am Rapportvum Projet drastinn.Dobäi musse mer jo wëssen, dattmer souwisou scho fir Leit mathéije Revenuë bei der Steierreform2001 en zolitten Hoff gemaach haten,wéi mer de Spëtzesteiersaz opee Coup vu 46 op 38% reduzéierthunn. Also wa mer elo doriwwerschwätzen – an et ass jo hei vill doriwwerdiskutéiert ginn iwwert d’Impositioun,iwwert d’Assiette –, dawësse mer jo, datt mer do 2001schonn 8% op ee Coup de Spëtzesteiersazgesenkt hunn, datheescht en „Effort“ gemaach hunnhei als Stat, fir Leit mat héije Revenuenze belounen, dee wierklechenorm war an a kengem Verhältnisstoung – dat hunn ech schonn deemoolsgesot – zu deem, wat zumBeispill Leit mat klengen oder souguermëttlere Revenuen haten.Da kommen ech zu deem Punkt wagesot gëtt – et gëtt zwar elo hei méizweetrangeg an de Vierdergrondgestallt oder méi verstoppt gesot,an ech behaapten awer, datt, andat kann een och souguer noliesen,wéi déi Iddi hei lancéiert ginnass éischter dat den Haaptpunktwar, deen am Vierdergrond stoung–, mir maachen dat heiten e bësselchefir d’Finanzplaz, fir de Geschäftsberäich,de „private banking“erëm e bëssen opzepäppelen.Mir kucken hei eng nei Nischze schafe fir d’Finanzplaz a mir erwaardeneis einfach doduerjer, dattmer elo räich Leit aus dem Auslandkréien, déi zu Lëtzebuerg Résidentginn, an datt dat géing dozou féieren,datt dann natierlech d’Geschäftslaginsgesamt vun deBanke géing besser ginn, watdann natierlech eng indirekt Implikatiounhätt op d’Finanzplaz, opd’Aarbechtsplazen an esou weideram Finanzsecteur.Éischtens muss ee soen, datt eegréissten Zweiwele kann dorunnerhunn, well et muss een emol gesinn,op alle Fall mir hunn eisgréissten Zweiwelen dorunner, dattet wäert esou sinn, datt elo op eemolgroussfortunéiert Leit aus demAusland einfach esou hireWunnsëtz wäerte changéieren, firop Lëtzebuerg ze kommen, d’autantplus, wou se jo am MomentNische genuch hunn, wou se sechkënnen nidderloossen, wou se datdo kënne maachen, och innerhalbvun der Europäescher Unioun. Etwär eigentlech méi intelligent driwwerze diskutéieren, wéi mer eSchratt weiderkommen, fir do nachdéi Nischen ofzebauen.Ech mengen awer doriwwer eraus,datt mer éischter riskéieren duerchdeen Akt hei – wann dat dann awereng Kéier no bausse Gespréichgëtt, duerch vläicht deen een oderanere Fall, dee mer da wäerten heihinnerkréien – erëm eng Kéierd’Scheinwerfer onnëtzerweis opd’Finanzplaz Lëtzebuerg ze focaliséieren,nodeem mer jo elo endleche bësse Rou haten, no deemKompromëss, dee mer bei derZënsbesteierung fonnt hunn, firNon-résidenten op europäeschemNiveau, an datt doduerch sougueréischter Risike fir d’Finanzplaz Lëtzebuergze erwaarde sinn.Op alle Fall, datt déi Risiken, déi eesech do kann erwaarden, eiserMeenung no, a kengem Verhältnisstinn zu de Geschäfter, déi eventuellduerch déi doten Nisch kënnenze maache sinn. Mir hu gréisstZweiwelen, datt dat wäert fonctionnéieren.Wéi gesot, mir sinn éischterder Meenung, datt erëm éischterd’Scheinwerfer onnëtzerweisnei op d’Finanzplaz Lëtzebuerggeriicht gi vum Ausland hier.Da muss ee soen, wann een d’Ausgestaltungvun deem Projet kuckt,datt och do enorm handwierklechFeeler gemaach gi sinn, wann eendéi ganz Diskussioun ronderëm defräie Betrag kuckt. Et ass jo dannelo laut leschte Prezisiounen, déiech kritt hunn an der Finanzkommissioun,Gott sei Dank e fräie Betragan net eng fräi Grenz, déi merfestgeschriwwen hunn. Well wannet eng fräi Grenz gewiescht wär,wär et iwwerhaapt net unzewennegewiescht fir d’Banken. Et assemol wichteg, datt mer déi Prezisiounenelo emol endlech hunn,och fir de Finanzsecteur, datt deendéi huet.Mä et muss ee jo awer soen, dattdat Ganzt verbonnen ass mat netonwesentleche Verwaltungsfraisëfir d’Banke selwer, fir dat doten zesuivéieren, datt et awer relativ komplizéiertass oder wäert si fir d’Banken.An da muss ee soen, wat awernach vill méi grave ass, dat assduerch dee ganzen Duercherneen,duerch déi Diskussioun, déi mer dohaten, datt mer d’Klengspuererwierklech esou veronséchert hunn,datt dat nach kann zu relativ komplizéierteSituatioune féieren. Firwat?Majo, mir mierke jo de Moment,datt ganz vill Leit total veronséchertsinn an elo wahrscheinlech beid’Banken oder bei d’Finanzberoderwäerte rennen, fir ze kucken,wéi se hiert Geld kënnen aneschtersplacéieren, vu datt se de finanztechneschenKnow-how nethunn an och nach ëmmer net krutenno deenen Erklärungen, déi elohei gemaach gi sinn an deeneleschte Woche vun der politescherSäit hier.Esou datt de Risiko grouss ass,datt d’Leit elo onnëtzerweis hir Gelderëmschichte ginn an aner Produkter,nëmme well se mengen, dogéinge se da keen Cent Steiere bezuelen,a se sech dann eigentlechnet bewosst sinn, datt, wa se hiertGeld ëmschichte ginn, dat éischtensà la limite mat Fraisë verbonnenass, respektiv datt déi Gelder,déi se da placéiere ginn, Geldersinn, wa se se dann zum Beispill aFonge ginn, iwwert déi se net méiesou einfach verfüge kënnen andatt dat mat Risike verbonnen ass.Et kann ee sech d’Fro stellen, obam Bankesecteur zu Lëtzebuergdann elo d’Berodung esou guttwäert sinn an deenen nächste Joren,haaptsächlech fir Klengspuerer,wann ee jo weess, wat d’Bankenheirunner schlussendlech verdéngen.Ob mer net souguer Leit aSituatioune gedriwwen hunn, dattse hiert Geld onnëtzerweis ëm-174schichte ginn, an domadder hernowäerten eng Kéier mat bloen Aendo stoen, wa se da mierken, datt sehiert Geld a Produitë gesat hunn,an dat net esou einfach méi fräi zekréien ass. Oder respektiv, wa se etda wëlle fräi kréien, dat mat Verloschteroder mat grousse Fraisëverbonnen ass.Dat heescht, mir hunn hei eigentlechonnëtzerweis duerch déischlecht handwierklech Aarbecht,déi geleescht ginn ass, well datGesetz bâcléiert ginn ass, ochnach eng immens Veronsécherungan dee ganze Beräich vun deKlengspuerer bruecht, mat alleKonsequenzen, déi dat wahrscheinlechoch wäert hu fir d’Aarbecht,déi d’Banke méi hunn andëse Wochen. Ech si bal iwwerzeegt,datt d’Tëlefonen do waarmgelaf sinn an deene leschte Wochen,an och nach an deenennächste Woche waarm lafe wäerten,wéinst all méigleche Klengspuerer,déi wësse wëllen, wat sedann elo solle mat hirem Geldmaachen; wat dann natierlech ocherëm mat engem Käschtepunktverbonnen ass.Et muss ee jo och soen, dass wanneen déi Motioun genee liest, déid’Majoritéit elo hei eraginn huet –ech schwätzen elo emol net vundeenen Tireten uewen, op déi echnach ze schwätze kommen, wouse déi Feststellung do maachen,mä haaptsächlech, wat elo vun derRegierung verlaangt gëtt an derMotioun –, da stellt ee fest, datt datsech quasiment liest wéi e Bilanvun engem Constat, dee vun derMajoritéit selwer gemaach gëtt,datt dat Gesetz hei eigentlech immensschlecht ass, an datt ee besserhätt, et géing een et einfachzréckzéien.Wann ech hei déi dräi Tirete liesen,datt éischtens scho soll 2006 engEvaluatioun gemaach ginn iwwertd’Envergure, wat de Projet heibruecht huet. Mir wësse jo, wa meram Finanzsecteur eppes maachen,dat ass e ganz sensibele Secteur.Da ginn ech emol dovunner aus,datt eng Regierung eigentlech amVirfeld misst genau evaluéierthunn, wat d’Konsequenze si vunengem Projet, dee se an Optraggëtt. Datt et dann eigentlech relativcocasse ass, wa mer hei eng Motiounvirgeluecht kréien, wou steet,datt schonn Enn 2006 soll e Bilandriwwer gezu ginn. An dann: „àprésenter, le cas échéant, desamendements au vu des conclusionsde cet examen“.Dat heescht, et kann ee jo awer heidovun ausgoen, wann een datliest, datt d’Majoritéit selwer derMeenung ass, datt se mat grousserWahrscheinlechkeet Enn nächstJoer dee Projet hei wäert missenamendéieren. Esou datt eigentlechoch op deem Gebitt eng ganzschlecht Aarbecht geleescht ginnass.Ech hunn och éischter d’Impressioun,Här President, Dir Dammenan Dir Hären, datt déi Motioun heierakomm ass, fir ze berouegen.Ech wëll elo net behaapten, wellech meng gëschter hei eraginnhunn; esou vermesse wär ech jonet, fir dat ze behaapten.(Hilarité)Mä ech mengen awer éischter, dattse domat ze dinn huet, datt denHär Fayot a seng Fraktioun gefaarthunn. Ech géing emol zréckkuckegoen an d’Debatten hei vum Parlamentronderëm de Budget vumleschte Joer, wou ech jo och engMotioun gemaach hat, Här Fayot, awou deemools an där Motioun heie bësselchen awer schonn ähnlechSaachen drastoungen, wéi déi, déiDir elo an Är Motioun geschriwwenhutt, mä déi awer natierlech méiwäit gaange sinn. Deemools huttDir hei am Parlament gesot, Dir hätteigentlech guer kee Problem, firdéi Motioun hei mat ze droen, esouwéi mir se deemools erabruechthaten.A wéi ech dunn insistéiert hunn, wakee Problem géing bestoen, fir déiMotioun mat ze droen, do hutt Dirgesot, neen, dat géing jo kee Sënnmaachen, datt mer iwwer eng Evidenzhei géingen ofstëmmen, dattmer iwwer eppes géingen ofstëmmen,wat d’Majoritéit souwisou netwéilt maachen. Do hutt Dir se einfachofgesäbelt, mä wann echawer kucken, wat Dir deemoolsalles hei gezielt hutt. Ech hätt mechelo hei kënnen ameséieren, Iechhei eng hallef Stonn Zitater virzebréngevun deene Wuertwiessel,déi deemools hei gelaf sinn. Datass ee Joer hier. Do wäert Der relativschlecht op Ärem Stull hei drugewiescht, wann ech Iech dat alleszerwéiert hätt.(Coups de cloche de la Présidence)■ M. le Président.- HärBausch, Dir musst Iech und’Chamber adresséieren.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Här President, echadresséiere mech hei un d’Chamber,well eigentlech huelen ech jonëmme Saachen erëm, déi an derChamber virun engem Joer hei…■ M. Ben Fayot (LSAP).- HärBausch, datselwecht wäert Iechoch an der Stad Lëtzebuerg epuermol geschéien.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Ma, Här Fayot, firwatdann net?(Interruptions)Här Fayot, firwat dann net?■ M. Henri Grethen (DP).- DenHär Fayot ass „en aveu“.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Firwat dann net? Ech hukee Problem domadder, wann eemer meng Feeler, wann ech der dasoll gemaach hunn, virleet. Wannech der da soll gemaach hunn,selbstverständlech!■ Plusieurs voix.- Ooohhh!■ Une voix.- Hal op elo!■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Wéi dann?Här President, éischtens emol simer jo hei net am stater Gemengerot.Mir si jo hei an der Chamber.Mir schwätze jo awer hei iwwer eGesetz, wat e bësse méi enggrouss Envergure huet, wat iwwertd’Grenze vun der Stad Lëtzebuergeraus eng Envergure huet.Zweetens, Här Fayot, Dir kënnt heielo säuselen esou vill, wéi Dir wëllt,an Är Fraktioun och. Mir fält keenZack aus der Kroun eraus, wannech effektiv e Feeler gemaachhunn an ech kréien dee bewise virgeluecht.Da fält mir keen Zack doaus der Kroun. Ech mengen iwwregens,kengem Politiker fält do enZack aus der Kroun. An ech gesiguer net an, firwat dat esou dramateschsoll sinn. Duerfir reegt Iechoch net esou vill op driwwer, dattech Iech…(Interruption)Dir hutt direkt ofgelenkt. Dir siddmam Gemengerot vun der StadLëtzebuerg komm. Dat ass awer eklassesche Mechanismus vun…■ M. Ben Fayot (LSAP).- Neen,Här Bausch.■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- …Oflenkung, a vun netwëllen iwwert dat schwätzen, watDer d’leschte Kéier hei gesot hutt.■ M. Ben Fayot (LSAP).- HärBausch, ech wollt just dee Procédéuschwätzen, deen Der wëllt gebrauchen,nämlech engem Saachendohinner ze tesselen, déi eenan der Vergaangenheet gesot huet,déi ganz oft aus engem Kontexterausgerappt sinn, an déi ebenelo…■ M. François Bausch (DÉIGRÉNG).- Also,…■ M. Ben Fayot (LSAP).- Jo,ech mengen,…

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!