12007 - Bissen
12007 - Bissen
12007 - Bissen
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Den F.C. Atert an der

Éirepromotioun!

An 62 Joer Veräinsgeschicht war dat nach ni

do: De Biisser Footballveräin huet den Opstig

an d’Éirepromotioun gepackt! Déi lescht Saison

hat direkt gutt ugefaang, an duerno hunn

d’Jonge vum F.C. Atert Fouss bei Mol gehal,

a si bis zum Schluss un der Spëtzt bliwwen.

Nodeems si réischt d’lescht Joer aus der 2. an

déi éischt Divisioun eropgeklomm waren, ee

wonnerbare Succès!

Wou bis alles gelaf war, huet d’Veräinsentente

derzou opgeruff, de Veräin richteg ze éieren,

an et gung am Cortège vun der Märei bei d’Al

Am Schwamme kaum

ze schloen

Fotoen: Lissy Ehmann

Gemeng, wou d’Gemeng den Éierewäin zum

Beschte ginn huet, an de Buergermeeschter an

de President vun der Entente de Footballspiller

félicitéiert hunn, an hinne weiderhi vill Succès an

natierlech Duerchhaleverméigen an der Éierepromotioun

gewënscht hunn.

Dee 15 Joer ale Raphael

Stacchiotti vu Biissen

war och dëst Joer am

Schwammen net ze schloen.

Zu Monaco, bei de Spiller

vun de klenge Länner, huet

hie gläich véier Médaille (vun

20, déi u Lëtzebuerg gaange

sinn) kritt, dovunner eng

Gold, zwou Sëlwer an eng

Bronzen.

De Raphael Stacchiotti

gehéiert zum „Cadre

Jeunes“ vum COSL, an

zu enge vun de ganz

groussen Hoffnungen am

Schwammsport.

De Gemengerot huet him

natierlech fir seng fantastesch

Leeschtung félicitéiert, an him

dat Allerbescht fir d’Zukunft

gewënscht.

Fotoen: Georges Lucius

Klautjen 5| 2007 −