12007 - Bissen
12007 - Bissen
12007 - Bissen
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Klautjen 5| 2007 −

Hecken a Beem verschéineren

de „grousse Mies“

Eis Industriezon hëlt ëmmer méi konkret

Formen un. Déi éischt Betriber hunn hir

Aktivitéit opgeholl, an et ass nach just

eng Fro vun der Zäit, bis och déi lescht

fräi Plaze bebaut sinn. Gebaier stinn elo

do, wou soss Kéi op de Wise getrëppelt

sinn. Och d’Spazéiergäng duerch d’Wisen

an d’Felder vu ‘Klengbousbierg’,wéi mer

se kannt hunn, gehéieren der Vergaangenheet

un.

Fir een effektive Sichtschutz ze garantéieren,

mä och fir e Stéck Natur mat Spazéierweeër

zwëschent Industrie- a Wunnzon ze erhalen,

huet d’Ëmweltkommissioun an Zesummenaarbecht

mat dem Naturschutzsyndikat

SICONA e flotte Projet ausgeschafft, deen am

Fréijoer zum Deel schonn ëmgesat gouf.

Voller Freed a mat ganz vill Begeeschterung hunn

d’Kanner aus dem 3. a 4. Schouljoer sech mat

hire Jofferen a Schoulmeeschtere während zwéin

halwer Deeg un der Hecken- a Bamplanzaktioun

„Op dem grousse Mies“ bedeelegt. Ronn 1 300

Heckeplanzen a bal honnert Beem mat hire Péil

goufen an de Buedem gesat, a Mulch ronderëm

getässelt. D’Planzaktioun, déi ronn 15 000 Euro

kascht huet, gëtt zur Halschent vun der Gemeng a

vum Ëmweltministère bezuelt.

Nieft den Hecken a Beem entsteet ausserdem eng

arteräich Blummen- a Kraiderwis, an sou entwéckelt

sech hei lues a lues en neien, wäertvolle Liewensraum

fir d’Planzen- an Déierewelt. E Spazéierwee

féiert d’Foussgänger duerch dës Gringzon an erlaabt

et, d’Natur méi no z’erliewen oder einfach op enger

vun de Sëtzgeleeënheeten ze raschten.

R.S./M.M.