12007 - Bissen
12007 - Bissen
12007 - Bissen
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
“Déi véier Elementer”

Fotoen:

Steve Ehmann

… ënnert dësem Motto stung dëst Joer de

Galaconcert vun der Biisser Fanfare, de 5. Mee

an der Sportshal. De Museksprogramm huet

dann och déi véier Elementer Loft, Waasser,

Äerd a Feier erëmgespigelt. Ënnert der

Leedung vum Dirigent Nico Koch goufe Stécker

presentéiert wéi „Fire Dance, Antarctica“ oder

„The Margam Stones“. Déi deels dramatesch

Kläng goufen duerch Computerbiller um grousse

Schierm an duerch richteg Feier-Explosiounen

ënnerstrach.

Wëll Sangen an Theater

Spaass maachen...

Déi kleng Fielsemaus Mats fënnt ee Wonnersteen.

E straalt net nëmme Liicht aus, mee och

Wäermt. De Mats weist de Steen senge Frënn

– an natierlech wëlle si alleguer esou ee Steen

hu fir an hir Höhl. Wëll do ass et am Wanter

nawell zimlech kal. Mee et kann een der Äerd

net einfach alles ewechhuelen, et muss een hier

och eppes zréckginn – dat léieren déi kleng Mais.

D’Geschicht vum Mats an de Wonnersteng hunn

d’Kanner aus dem 3. a 4. Schouljoer vum Biisser

Kannergesank am Mee op der Bühn an der Aler

Gemeng gespillt. Déi méi Kleng hunn se dobäi

am Chouer ënnerstëtzt.

D’Kanner aus dem 5. a 6. Schouljoer hunn

duerno eng verkierzte Versioun vum „High

Fotoen: Dan Roder

Dëst Joer huet och de Biisser Kannergesank

matgemaach, an huet zum Schluss „We are the

World“ gesongen, wat ganz vill Begeeschterung

beim Publikum ervirgeruff huet. Duerch de

Programm huet de Jos Ludovicy gefouert. An

der Paus konnt de President vun der Biisser

Fanfare Jeannot Ley de Colmarer Député-Maire

Bim Diederich op d’Bühn bieden, deen der

Musik eng Bass-Zugposaun geschenkt huet.

Dëst Museksinstrument gëtt elo vum Jacques

Jacobs gespillt.

School Musical“ presentéiert, iwwert déi jonk Léift

zwëscht dem Baskettspiller Troy Bolton an dem

Mathe-Genie Gabriella Montez, déi allen zwee och

nach gär sangen, dat awer net sou gär zouginn.

Déi jonk Sängerinnen a Sänger vum Biisser

Kannergesank hate sech an den zwéi Méint

virun hirem Optrëtt a ville Prouwen intensiv

virbereed, fir op der Bühn mat vollem Asaz an

deels vill Geschéck an och Talent hir Rollen ze

presentéieren. Bei engem zweemol voll besate

Sall an engem begeeschterte Public kruten si

dann och vill geklappt.

Déi zwee Musicale goufen ënnert der Leedung

vum Jean-Marie Bock an Huguette Muller-Kirsch

ageübt. Fir déi gutt geroden Décoratioun hate

sech ee puer Elteren engagéiert. An natierlech

hunn d’Accessoire gutt gefall, déi fir d’Maisercher

vun den Dammen Geisen a Manternach gemaach

ware ginn.

Klautjen 5| 2007 − 2