Exposé Secrétaire général SPAL - spal.lu

Exposé Secrétaire général SPAL - spal.lu Exposé Secrétaire général SPAL - spal.lu

18.11.2014 Aufrufe

Syndicat Professionnel de l’Armée Luxembourgeoise Affilié : au Syndicat Professionnel de la Force Publique (S.P.F.P.) à la Confédération Générale de la Fonction Publique (C.G.F.P.) Correspondance à adresser à : SPAL BP 166 L – 9202 DIEKIRCH Tel : 26809 – 1 E-Mail : info@spal.lu Website: www.spal.lu Exposé vum Generalsekretär vum SPAL op der « Assemblée générale ordinaire » den 28. Februar 2013 zu Dikrech an der « Aler Seeërei » Dir Dammen an Hären Députeiert, Här Vize-President vun der CGFP Här Generalsekretär vun der CGFP Léif Kollegen vum SNPGL, Dir Dammen an dir Hären vun der Presse Léif Memberen Kolleginnen a Kollegen Ech soen eisem Vize-President Merci a schléisse mech sengem häerzleche Wëllkomm un. Lescht Joer, déi 1. Kéier wou mir eis AGO ausserhalb vun der Kasär gemeet hunn, war an deem Sënn fir eis en Erfolleg. Dass mir eis Chambre Kommissioun, d’Press matt invitéiert haten, huet sou munches méi schnell ulafe gelooss. Vill Punkten déi mir deemools ugeschwat hunn goufen och direkt an Ugrëff geholl vun eisen zoustännegen Autoritéiten.

Syndicat

Professionnel

de l’Armée

Luxembourgeoise

Affilié :

au Syndicat Professionnel de la Force Publique (S.P.F.P.)

à la Confédération Générale de la Fonction Publique (C.G.F.P.)

Correspondance à adresser à :

SPAL

BP 166

L – 9202 DIEKIRCH

Tel : 26809 – 1

E-Mail : info@spal.lu

Website: www.spal.lu

Exposé vum Generalsekretär vum SPAL

op der

« Assemblée générale ordinaire »

den 28. Februar 2013

zu Dikrech an der « Aler Seeërei »

Dir Dammen an Hären Députeiert,

Här Vize-President vun der CGFP

Här Generalsekretär vun der CGFP

Léif Kollegen vum SNPGL,

Dir Dammen an dir Hären vun der Presse

Léif Memberen

Kolleginnen a Kollegen

Ech soen eisem Vize-President Merci a schléisse mech sengem häerzleche

Wëllkomm un.

Lescht Joer, déi 1. Kéier wou mir eis AGO ausserhalb vun der Kasär gemeet hunn,

war an deem Sënn fir eis en Erfolleg. Dass mir eis Chambre Kommissioun, d’Press

matt invitéiert haten, huet sou munches méi schnell ulafe gelooss.

Vill Punkten déi mir deemools ugeschwat hunn goufen och direkt an Ugrëff geholl

vun eisen zoustännegen Autoritéiten.

2

Et war keen einfacht Joer…..Eng ganz Rei vun eisen militäreschen Autoritéiten

hunn sech natierlech ugegraff gefillt nodeems mir sou an d’Ëffentlechkeet gaange

sinn. Eng Partie vun eise Comité’s Memberen kruten Liewen och richteg schwéier

gemeet, an dat bei hirer alldeeglecher Aarbecht.

Sief dat matt Versetzungen, E Posten net däerfen besetzen, Affaire Disciplinairen

etc. Mee wei der mierkt stinn mir nach all hei a setzen eis na ëmmer am Interêt vun

eisen Corps’en déi mir vertrieden an.

Ech kommen lo ob eisen Rapport d’Activités ze schwätzen wou mir wie all Joer Zuel

vun eise Memberen presentéieren an eis Aktivitéiten zënter der leschter AGO.

Globalen Bilan vun den Activitéiten vum 08 Maerz 12 bis den 27 Februar 2013

2012: 72 Prestatiounen

2013: 18 Prestatiounen

Total: 100 Prestatiounen

Courrier SPAL

An der Période vun der leschter AGO bis haut huet de Comité vum SPAL 307

Dokumenter traiteiert, dei an der Relatioun matt der Représentatioun vum Personnal

sin (SPAL/SPFP/CGFP)

Ech beliichten lo na e puer Dossier’en déi mir na an Ugrëff mussen huelen. Déi eng

oder aner Konklusioun aus dem Rapport FISCHBACH fannt der hei och erëm, éier

eisen President ob de Rescht Punkten ageet.

EFFEKTIVER

Fir déi Leit déi um Terrain schaffen ass et net schwéier ze erkennen dass mir en

réelen Problem bei eisen Effektiver hunn an dat an all de Carrièren. 2007/08 gouf eng

Reform gemeet vun der Arméi, domatt ass d’Regierung en Engagement agaang zu

deem se och na Haut sollen a mussen stoen.

Folgend Effektiver goufen am Gesetz iwert d’Reforme am Dezember

2007festgehaalen (Cadre + Hors cadres):

95 Offizéier

220 Ënneroffizéier

75 Enneroffizéier vun der Militärmusek

6 Diploméiert Infirmier'en

102 Kapereel

500 Sdt Vol am Kontingent

Ech rappeléieren « Kontingent », fir ze weisen dass d’Reconversioun an déi

detachéiert SdtVol net dozou gehéieren.

Wou mir haut stinn ass weit dovun ewech, an % ausgedréckt gëtt et dat heiten.

3

Offizéier : 58,95%

Enneroffizéier: 71,82 %

Kapereel : 40,20 %

Diploméiert Infirmier'en: 50,00 %

SdtVol : 58,40 %

Hellt een do awer o na 53 Sdt IB eweg, da komme mer op :47,80% (daat heescht

manner wie d’Halschend)

Bei den Ënneroffizéier, wäerten mir an Zukunft just na Remplacementer kennen

maachen an keen Renforcement. Doduerch dass iwwert Joerzengten net konstant an

regelmässeg rekrutéiert gouf, ass en Desequiliber entstan deen mir nach laang Joeren

wäerten matschleefen.

Bei de Kapereel, wann een do net oppasst kann déi Carrière net wuessen, zemools

well sie och de Changement de Carrière kennen maachen. Och bei hinnen goufen et

Joeren wou 10 Leit ugestallt goufen. Haut sin et der +/-2 pro Joer.

Wann een well dass eis Arméi matt all deenen Engagementer déi se agaang ass, sief

dat duerch d’ Acquisitioun vun neiem Material, der Cie HRF an déi lafend

Missiounen (Kosovo, Afganistan, Kongo, Bosnien, Libanon an lo na de

MALI),mussen mir en enormen Effort maachen sief dat matt enger besserer

Campagne Publicitaire an och d’Musterung vläit an senger ganzer Form mol

iwwerdenken.

Rekrutement :

Zum Thema Rekrutement hunn mir dem Här Minister en Dokument zougestallt matt

Analysen, Iwwerleeungen an Suggestiounen fir den Problem vum Rekrutement an

den Grëff ze kréien.

Beispill vun der 14ter Sessioun vun den Zaldoten déi den September 2012 agezunn

ginn sinn:

73 waren der op der Lëscht waren fir agezunn ze ginn, also d’Musterung gepackt

hunn

67 sinn op der Gare ugetrueden

6 sinn nëtt op der Gare ugetrueden

2 hunn dierfen d’Grondausbildung nach eng Kéier maachen (redoublants 14e

Sessioun)

69 also déi an der 14e Sessioun Grondausbildung ugefangen hunn

10 hunn eng DL (demande de libération) gemaach

6 hunn eng DLM (demande de libération pour raisons médicales) gemaach kritt

53 hunn d’Grondausbildung fäerdeg gemaach

7 hunn d’Grondausbildung net gepackt

6 hunn hiren Stage annuléiert kritt

1 huet dierfen d’Grondausbildung nach eng Kéier maachen (redoublant 15e

Sessioun)

46 sinn der vereedegt ginn (dovun 1 CSOMusMil, 4 SE)

• CSOMusMil = Candidat Sous-officier Musique militaire

• SE = Sportif d’élite

Taux de réussite: 63,01 %

Taux de perte(s): 36,99 %

4

Dat war eng vun den wéinegen gudden Sessiounen vun den leschten Joeren wat

d’Effectifer ugeet. Mir haten déi leischt Joeren alt bis zu 50% „Perte“.

Dann widderhuelen mir nach eng Keier, dass ëtt nëtt normal ass, dass den Här

Minister, zoustänneg fir den Ressort „ Aarbecht“, deen also och d’ADEM ënnert

sech huet, an och déi zoustänneg Ministeren vun der Fonction Publique, der

Education Nationale, der Force Publique, net op eis Propositiounen reagéieren,

déi mir säit dem 04. August 2011 gemaach hunn.

Mir begréissen zwar, dass anscheinend elo méi Bewegung soll kommen an den

Dossier „Chômage“.

Mais an verschiddenen Beräicher kinnt schonns längstens eppes ënnerholl sinn.

Et kann net sinn, dass den Jugendchômage permanent an d’Luucht geet,

Verwaltungen wéi d’Arméi, Polizei oder och anerer Leit brauchen, massiv Echec’en

an den Examens-concours sinn, bestätegt duerch Zuelen am Kader vun enger

„Question parlementaire“. Moyenne vun den Echecs an den Staatsexamen: 69%. Dat

seet villes.

An mir bréngen net fäerdeg, do gezielt drun ze goen. Et gëtt Ping-Pong gespillt

zwëschen den zoustännegen Ministeren op Käschten vun enger ganzer Generatioun.

Keen fillt sech richteg zoustänneg. An d’Suitten dervun droen mir alleguer. Dat ass

dach egal wat.

Fir dat alles besser ze verstoen, hei e puer Zuehlen aus dem Bulletin vun der ADEM

vum Dezember 2012

Männer am Alter zwëschent 18 an 25 Joer: 1287

Fraen am Alter zwëschent 18 an 25 Joer: 920

5

Total:

2197 Männer an Fraen

Dovunner hunn der alleng +/- 400 en „Niveau d’études moyen inférieur“ =

10e -11e EST oder 4e - 3e SEC

An der +/- 700 en „Niveau d’études moyen supérieur “=

12e – 14e EST oder 2e – 1ère SEC

Haut oder muer kënnen eis Kanner och do drënner sinn.

Mir mussen alleguer zesummen kucken fir deen Problem an den Grëff ze kréien. Eng

Partie vun den jonken Leit déi de Moment keng Beruffsperspektiven hunn, kinnten

iwwert den Wee vun der Arméi villäicht sech, wéi dausenden vun jonken Leit säit

1968, eng Zukunft opbauen iwwert den Wee vun der Arméi. Zumindest déi di dat

wëllen an kënnen maachen. E Versuch wär et ëmmerhinn wäert.

Aktuellen Stand vun dem Effectif vun den Zaldoten (25/02/13)

Gesetzlech Basis:

Aktuellen Effectif:

Frei Posten:

500 am Kontingent

292 am Kontingent

208 am Kontingent

Dozou muss een awer soen, dass dat net heescht, dass mir déi Posten de Moment

alleguer kënnen besetzen.

Zaldoten mussen och permanent ausgebilt, encadréiert an weider forméiert ginn.

Droit de Priorité fir eis Zaldoten :

Beim Droit de Priorité musse mir leider feststellen dass net all Gemeng daat esou

eescht hellt matt der Ëmsetzung. D’ Regierung ass och do matt der Reform 2007/08

en Engagement agaangen fir d’ Aarbecht vun eisen Zaldoten ze valoriséieren.

Eisen Minister deen och Minister vum Interieur ass misst grad do deenen

Buergermeeschteren ob d’Fanger klappen déi sech net drun halen.

6

Rezent haate mir d’ Geleeënheet matt deem een oder aneren Buergermeeschter

dat Thema ze beschwätzen. Nodeems mer hinnen déi néidegen Erklärungen dozou

ginn hunn, sinn mir awer gudder Deng dass sie sech lo wäerten drun halen.

Règlement de discipline vun der Arméi

Jo, dir héiert richteg. Et wärt wuel keen „Règlement de Discipline de la Force

Publique“ méi ginn. Dat heescht awer net dass et fir eis keng Force Publique méi gëtt.

Mais di zoustänneg Instanzen hunn decidéiert fir 2 verschidden Gesetzestexter ze

maachen,

• eent fir d’Arméi;

• dat anert fir d’Polizei an d’Inspection Générale de la Police.

Mir hunn eisen Avis dozou ofginn a waarden mol of waat dann do kennt. Mir hoffen

allerdings och dass bei der Arméi endlech mol driwer nogeduecht gëtt e geleierten

Jurist anzestellen.

Haaptsaach mir kommen an dësem Dossier no laangen Joeren (säit 2005 ënnerwee)

endlech un d’Enn.

Changement de Carrière:

Zenter e puer Joeren hunn mir Kapereel déi e Changement de Carrière maachen an

Richtung vum Ënneroffizéier. An hirer neier Carrière fänken si am Grade vum

Sergeant-Chef un. Waat mir awer bedaueren ass, dass mir et net fäerdeg bréngen déi

Leit anstänneg ze forméieren. Sief et wéinst Budgetären oder dengschteschen Grënn.

Hinnen wär domadder an hirer neier Carrière en Déngscht geleescht. Sie hätten deen

nämmlechten Niveau wei déi den normalen Wee ageschloen hunn, an keen kéint méi

eppes soen.

Och bei de Missiounen wier et net schlecht wann se de Parcours eng Kéier vun

ënnen erop giffen maachen, wei z.B Chef de Section éier se Adjoint de Peloton giffen

ginn.

Dat giff och déi Spannungen aus eisem Corps eraus huelen, un sou Saachen sollen eis

Cheffen och mol denken.

Carrière vun de Kappereel:

Am leschte Joer war et och ënner hinen net ëmmer lëschteg no all deenen

Restrukturatiounen, speziell an der Cie HRF.

7

Ech mengen och do muss en heians do e bessi Waaser an de Wäin schëdden. Sou

dass déi jonk Kapereel 1 bis 2 Joer d’ Fonctioun als Tireur z.B anhuelen. Muss en jo

och wëssen dass sie weider keng Erfahrung mam DINGO hunn wann se vun der

Schoul kommen wei dat beim Ënneroffizéier de Fall ass.

Mir sin awer der Meenung dass no der Zäit just eng Funktioun a Fro kennt, an zwar

déi vum Chef d’Equipe.

Wann se spéider an eng Funktioun kommen wou se engem Spezialist säin Adjoint

ginn sollen déi Leit forméiert ginn an net nëmmen als Chauffeur oder Handlaanger

kennen agesat ginn.

Mir waarden allerdings na ëmmer ob en anstännegen Profil de Carrière vun dëser

Carrière. Desweideren waren mir awer frou dass mir lescht Joer en 3. Mann matt ob

d’Schoul konnte schécken, nodeems de SPAL sech ageschalt haat an dat deemolegt

Gesetz vun der Superprioritéit juristesch ugefecht hat.

Entrevue’en matt der Hierarchie:

Wei dir virdrun festgestallt hutt hate mir vun Säiten vun der Administratioun net ganz

vill Entrevue’en. Ob Distanz goufen mer gehalen souwuel vum EMA wei och vun

CM.

Just fir ze soen mir haten eng Demande d’Entrevue gefrot mam deemolegen CEMA

(Chef d’Etat-Major de l’Armée) am November 2011….

Reaktioun « guer keng »… bis mir no villem nofroen dann endlech am Juni eng

kruuten. Waat ansech zum deemolegen Zäitpunkt net grad bewisen huet dass hien

bereet wär fir d’Problemer zesummen unzegoen.

Laut Règlement Grand-Ducal vum 5 Mäerz 2004 misst de Chef

d’Administratioun minimum 2 Rendezvous’en festleen, an dat pro Joer.

De Kommandant vum Härebierg wollt eis als Personaldelegatioun am August ruffen,

nodeems mir awer eng Mail eran ginn hunn, dass mir leider keen vum Comité

disponibel hätten wéinst der Vakanzenpériod ass déi Entrevue net zustanen komm.

Zu engem spéideren Zäitpunkt ass dunn awer och näicht méi zustanen komm.

Wat matt sech bruet huet dass den CM Personalpolitik duerch gezunn huet ouni eis

en Avis ze froen. Jiddefalls net alles hätten mir akzeptéiert wat do dobäi erauskomm

ass.

Och dat ass en Verstouss géint de Règlement Grand-Ducal iwwert Representatioun

vum Personal.

Mir mussen vun Ufank un agebonnen sin wann et em d’Organisatioun an

d’Restrukturatioun vun de Sv kennt wou eis Leit betraff sinn.

8

Bleift just na ze soen dass zu engem spéideren Zäitpunkt am Joer de Kommandant

vum Centre Militaire keng Entrevue méi wollt matt eis maachen bis den Chef d’Etat-

Major eis nom Rapport Fischbach geruff haet.

Et stoungen net fir naicht 2 esou wichteg Punkten wei Kommunikatioun an

Leadership am Rapport Fischbach.

Mir hoffen jiddefalls dass matt eisem neien CEMA dem Generol DAUBENFELD

sou munches besser gëtt.

An mir rappeléieren na eng Kéier dass de SPAL dee Rôle an der Administratioun

muss kennen spillen wei et de Gesetzgeber viergeseit.

Service de garde um Waldhaff:

Fir dass dir et Alleguerten wësst mir haten Gespréicher matt deenen Leit vum

SEDAL an matt eisem neien AdjCps vum Centre Militaire.

Mir sin eis bewosst dass munch Ännerung muss virgeholl ginn. Ob dat ass fir eis

Demineuren ze entlaaschten oder einfach fir d’Garde méi Efficace ze maachen.

Den Demineuren hiren Pensum am Alldag ass an deenen leschte Joeren enorm an

d’Luucht gaangen « Missiounen National an International », wat net jiddereen vun

deenen um Bierg ëmmer esou matkréien.

Mir halen awer drop dass „Durée de Travail“ sou wei se bei den Reglementer

virgesin sinn awer respektéiert ginn.

Och an deem Sujet waarden mir mol of wéini eis Cheffen matt eis doriwwer wëllen

schwätzen.

Grondausbildung:

Struktur wei se lo ass ass net ideal wat d’Encadrement vun den Zaldoten betrëfft.

Kommen 2 Peloton’en zustann muss och deen néidegen Kader zu Verfügung gestalt

ginn.

Wann mir an Zukunft mol rëm méi grouss Partie’en kréien kommen mir souwisou net

do laanscht.

Et soll e Stamm Kader do setzen deen iwwer e puer Sessiounen dobäi ass. Wann

dann Leit ersaat gin muss och gudd iwerluet gin duerch ween se ersaat gin. Virun net

all ze laanger Zäit gouf dat och esou festgehal matt eisem EMA. Leider stellen mir

fest dass net alles sou ëmgesat gëtt.

Service de Santé :

9

Den 20 Dezember 2012 ass eng Testphase ugaang no der Reorganisatioun tëscht der

Cie CI an dem SV SAN, mir sinn mol gespaant ob den medezineschen Deel lo net ze

kuerz kennt. Den Effektiv vun eisem Infirmier’en ass schonn nëmmen ob 50 %,

dobäi kennt na dat Engagement am Battlegroup wou 4 Leit wäerten engagéiert ginn 1

Diploméierten Infirmier, 1 Kaperol an 2 Zaldoten.

Woulwessend dass se och den Dokter ewech geholl hunn an ob den EMA versat hunn

bis ob weideres.

D’Kommunikatioun tëscht Médecin de l’Armée an Personal muss besser ginn, an

dierf net wei ech dat héieren hunn inexistent sin. Daat gif sou muches besser maan.

60 Joer APSOL / SPAL

Den 02. März 1953 sinn Statuten iwerschafft ginn. Et sinn elo also schons méi wéi 60

Joer wou eisen Syndicat iwwerlieft huet ouni vill Schossverletzungen.

Déi fréier APSOL, déi säit dem Joer 2011 SPAL heescht, nodeems mir eng Refonte

vun eisen Statuten duerchgefouert haaten.

Mir hunn awer allerdings och na wëlles de Centenaire ze feieren.

E grousse Merci un all déi Akteuren déi iwwer all déi Joeren matgewierkt hunn, sief

dat als Member oder am Comité vertrueden waren oder nach sinn.

Patrick FRANTZ 10 Joer President:

Ech well awer na am Numm vum Comité an vun iech alleguerten eisem President

dem Patrick FRANTZ gratuléieren fir säi Jubiläum. Hien ass mëttlerweil zënter 10

Joer President vun eisem Syndikat. Am ganzen ass de Patrick schonn 28 Joer, seit

dem März 1985, am Comité vertrueden.

Et sinn sécherlech net ëmmer einfach Zäiten gewiescht zemools dat leschten Joer

wou’s du leider sou munch batter Pëll hues misse schlécken. Sage und schreib 8

Ministeren hues du an deen Joeren awer iwerliewt

Ech soen der Merci fir déi enormt Engagement waats du iwwert déi leschte Joer fir

eis un den Daach geluet hues.

An natierlech hoffen mir dass du na dat eent oder anert Joer wiers drun hänken.

Ech soen Iech Merci.

Christian SCHLECK

(Secrétaire général)

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!