aktiv am liewen - RBS
aktiv am liewen - RBS
aktiv am liewen - RBS
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Durch das Land

Klein, aber fein. Luxemburg hat viel zu bieten. Sitten, Gebräuche, Aktuelles; in dieser Rubrik

präsentieren wir Ihnen interessante Artikel mit thematischem Bezug zum Land Luxemburg.

„Tapis du Milieu Rural Luxembourgeois“:

E Projet an deem vill geschitt ass

Fréier hu Fraen, virun allem a Bauerefamilljen, mat faarweger

Woll an einfacher Technik op al Reschter vu Stoff

variéiert Motiver iwwert eng Schabloun gebutt. Mat

wéineg Material ass eppes Nëtzleches gebutt ginn, de

Lëtzbuerger Aarmeleitsteppech.

An den 90er Joren huet d’Florence Thilgen nom Ursprung

vum Patchwork hei zu Lëtzebuerg gesicht an huet dës

Aarmeleitsteppecher fonnt. 1995 war bei Tapis Hertz am

éischte Lëtzebuerger Kulturjoer déi éischt Ausstellung

vun dëse bal vergiessenen Teppecher.

Am Juni 2010 huet si hir ganz Recherchen dem Handaarbechtstreff

vum Club Senior Kielen vermëttelt. 2010 an

2011 hunn Damme mat dëser aler Technik, zäitgenëssesch

Wierker realiséiert. 2011 huet den Hesper Patchworkgrupp

eng bemierkenswäert Gemeinschaftsaarbecht

gebutt.

Den 2. Mäerz 2012, zu Kielen an der Galerie bei der

Kierch, war et eng Première, dës al Teppecher zesumme

mat den zäitgenëssesche Wierker aus dem ganze Land

ze presentéieren. Verbonne mat der Ausstellung war

d’Virstellung vum Buch Tapis du milieu rural luxembourgeois

– Aarmeleitsteppecher, dat vum RBS erausginn ass.

Am Laf vun der Ausstellung hu Visiteuren eis nach onbekannten

Teppecher matbruecht. Mir kruten se geléint fir

weider ze dokumentéieren an auszestellen.

An deenen 3 Deeg vun der Ausstellung sinn +/- 500 Persounen

dës eemoleg Manifestatioun besiche komm. Den

Echo war iwwerwältegend, a verstoppte Schätz sinn ausgegruewe

ginn. Al Fotoe sinn opgetaucht a verschidden

aner Club Senioren, Responsabler vun de „Commissions

du Troisième Âge“ aus dem Land, esou wéi jonk Persounen

hunn hiren Interessi gewisen. Am Club Senior zu Kielen,

am Handaarbechtstreff, ass dës Technik nei geléiert

6 Aktiv am Liewen N°46