aktiv am liewen - RBS
aktiv am liewen - RBS
aktiv am liewen - RBS
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Von Lesern für Leser

Op den Hond komm

Wéi ech emol kleng nach wor

Du war all Hond fir mech nach eng Gefor.

„En Hond muss hier“, esou duecht mäi Papp,

Fir déi Flou ze kréien aus dem Kapp.

Et huet net laang gedauert, du war en do,

Schnéiwäiss, gemittlech, kaum eng Plo.

Youki war säin Numm, en Husky sollt et sinn,

Dat heescht, dee muss eraus, do gëtt et vill ze dinn.

Mat him rolzen, spillen, guer keng Affair,

Mä eraus mat him, dat hat ech net esou gär.

Fir mech z’ersetzen hat ech och schnell eng Léisung fonnt,

Ech froen de Bopa, deen huet bestëmmt näischt géint en Hond.

De Bopa sportlech och nach fit, deen hat du kee Problem,

An haut fillt de Youky sech mat him ewéi doheem.

Op warem, oder kal, naass oder dréchen, oder mol e bëssche frësch,

Zweemol d’Woch rennt hie mat him lo duerch de Bësch.

Et geet net lues, trotzdem gi si net midd,

An de Bopa bleift derbei ganz fit.

Dei ganz Saach ass net grad also vun ongeféier,

Well jiddfereen zitt doraus seng Léier.

D’Saskia fäert net méi, d’Mamm an de Papp déi mussen eraus,

A grad esou freet sech d’Boma, wann de Bopa fort ass aus dem Haus.

An esou si mir beschte Frënn a wëllen daat och laang nach bleiwen,

Dat géif d’Saskia, de Bopa an esouguer de Youky ënnerschreiwen.

SASKIA (12) a BOPA (72)

Sylvester 2012

» Guy Heinrich

16 Aktiv am Liewen N°46