aktiv am liewen - RBS
aktiv am liewen - RBS
aktiv am liewen - RBS
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Bücherecke

In dieser Rubrik präsentieren wir Ihnen u.a. Interessantes vom Büchermarkt und

exklusive Ausschnitte aus geplanten Neuerscheinungen des RBS – Center fir Altersfroen.

Lesetipp

„DeMonniausAmerika“

vum Pol Greisch

Am Fong – seet de Val – sinn ech ee wéi de Monni aus Amerika: e gudden Dommen. Méi domm wéi gutt. Monni

mat Money. Keng Kéip, ma genuch, soulaang ech net ofgebrach kréien an der Pensioun. Soulaang et d’Pensioun

iwwerthaapt nach gëtt. Well ech ëmmer d’selwecht Box hunn am Hënner, d’selwecht Kap um Kapp an iesse wéi e

Villchen, bleift mir e klenge Bootz de Leschte vum Mount. Mat de Meedercher sinn ech navel mëtschgieweg.

‘t schéngt, dat läit a menger Natur. Si richen dat, sinn op der Mol, wann et gëlt. Ech hu kee Kann a kee Kënn an ech

kréien näischt mat, wann ech ginn. An ech gi geschwënn, well am Eescht: esou lackeleg ass et och net méi heinidden,

mol net méi um Bierg.

Méi wéi 60 Joer huet de Pol Greisch (Jorgank 1930) a lëtzebuergeschen, franséischen an däitschen

Theaterstécker gespillt, Gedichter a Prosa geschriwwen, Radiospiller a Szenarien, haaptsächlech ower eng

sëlleche lëtzebuergesch Stécker, fir d’lescht „Dame blanche“.

Verlag: ultimomondo ISBN: 978-2-919933-82-2

Miriessegärgutt–

mangeravecplaisir

Geschwënn ass et esou wäit an d’Kachbuch vum Club Haus beim Kiosk

kënnt an de Verkaf. Ënnert dem Titel „MIGG – mir iesse gär gutt, Manger

avec plaisir“ fannt Dir op iwwert 300 Säiten 114 Rezepter. Virun allem al

traditionell lëtzebuerger Rezepter fir datt si net an de Vergiess geroden.

Mee och gutt Platen aus villen anere Länner sinn dran.

Dat Besonnescht un dësem Kachbuch ass, datt nieft de Clienten aus eisem Club och vill Kanner a Jugendlecher

zesumme mat eise manner jonke Leit de Bräiläffel geréiert hunn. Och Pensionären aus Alters- a Fleegeheimer, grad

esou wei Léit, déi am Foyer Espérance betreit ginn, hu matgemaach. All Rezept ass op lëtzebuergesch a franséisch

verfaasst. D’Buch ass illustréiert mat ville faarwege Fotoen an Aquarellen. Ernährungsrotschléi, Recommandatioune

wat fir e Wéngchen am Beschte bei d’Rezept passt, completéieren et.

E flotte Chrëschtkaddo oder fir Iech selwer ze verwinnen.

Die kënnt d’Buch beim „Club Haus beim Kiosk“ virbestellen andeems Dir 29 € (dovu gëtt 1 € un de „Cent Buttek“

gespent) op hire Kont BIL IBAN LU78 0021 1671 8946 5500 mam Vermierk „MIGG“ iwwerweist.

16 Aktiv am Liewen N°48