aktiv am liewen - RBS
aktiv am liewen - RBS
aktiv am liewen - RBS
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Von Lesern für Leser

Diese Rubrik soll Ihnen die Möglichkeit geben, beim Gelingen von „Aktiv am Liewen“ mitzuwirken.

Gerne können Sie uns Ihre Texte auch per E-Mail zusenden an: kleren@rbs.lu. Die Redaktion ist

nicht für den Inhalt der Texte verantwortlich.

Den Hierscht

ass do!

Doheem

De Mueres-Kaffi ass dat Bescht

’t kënnt och drop un, wien e mécht.

Wiem säin Tour?

Wie mécht e muer?

Do op der Bänk

do souz ech d’lescht

genësslech an der Sonn,

hat all meng Glidder ausgestreckt

ech hunn et gutt verdron.

Ma haut ass dovun

guer keng Spuer

jo, d’Schudderen gi mir aus,

a Krämpes hat ech esouguer

ze goen aus dem Haus.

De Wand dee jot

a rëselt mech

de Reen geet duerch d’Gezei,

an Hoergäns jäize schauerlech

am Dräieck zéien se verbäi.

Meng Bänk ass kal

a voller Nätzt

faul Blieder leien drop,

a kee méi, deen sech dohi sëtzt

bis d’Tulpen erëm ginn op!

Ze staark, ze dënn, ze waarm

et muss een alles richteg man.

Wien deckt den Dësch?

Wat kucks du mech?

Als éischt de Botter aus der Keelt

dass deen sech richteg gutt verdeelt.

Ass d’Brout entdeet?

Wou steet d’Gebeess?

Fir dech den Zoossiss-Wupp,

dann e Messer nach fir d’Coupe.

Hues du deng Pëlle scho gezielt?

An de richtege Kéis gewielt?

Wie geet d’Zeitung sichen?

Ech bleiwen hei a menger Kichen!

Lo sëtz dech un, looss dir et schmaachen

well duerno ass nach jett ze maachen.

» Simone Rosen-Bonenberger

» Mariette Bausch

14 Aktiv am Liewen N°48