aktiv am liewen - Luxsenior.lu
aktiv am liewen - Luxsenior.lu
aktiv am liewen - Luxsenior.lu
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
78

Rätsel

Opléisung vum LËTZEBUERGESCH Quiz

D’Regele vun der Vokallängt bei „I, U, O, A“

› 1 Vokal virun 1 Konsonant ass laang ausgeschwat: molen, kafen, eng Kaz, eng Tut

› 1 Vokal virun 2 oder méi Konsonanten ass kuerz ausgeschwat: e Spill, e Kapp, e Patt

› 2 Vokale virun 2 oder méi Konsonante gi laang ausgeschwat: eng Sprooch, eng Kuuscht, eng Baach

Duerfir danze mir op engem Bal, mir spille mat engem Ball a mir setzen eis eng Kap op de Kapp.

› Gëtt de Vokal laang ausgeschwat an hannendru sinn 2 oder méi Konsonanten,

da muss de Vokal verduebelt ginn

Also: mir molen, mä: hie moolt, ech hu gemoolt

mir rafen op, mä: dir raaft op, hien huet opgeraaft

Ausnahmen:

› „Kuerz“ Wierder wéi

Artikelen: den, dem, der, des

Pronomen: him, et, es,

Präpositiounen: am, an, bis, dran, drop, hin, mat,

mam, op, vun, vum, …

› Bei zesummegesate Wierder oder Wierder mat

engem Iwwerganks „-s“ behalen déi

zwee Elementer hir Schreifweis:

Alstad, Sakgaass, Schofspelz, dagsiwwer

› De Konsonant gëtt net verduebelt bei:

g: Spigel, Kugel

s: Dosen, Musel

x: Box

j: grujeleg

Mat dëse Regelen erkënnt Dir dann och d’Feeler

vun der Säit 41.

net: vischter mä: viischter

net: Droot mä: Drot

net: opgeraft mä: opgeraaft

net: toopeg mä: topeg

Dës Wierder aus dem Text ware richteg geschriwwen:

d’Fënster, halen, net, gebéckt, Laachen, siwwenzeg.

Dat hei ass nëmmen e Resumé vun eise Sproochregelen.

Et gi Bicher, déi Iech zu eiser Schreifweis

vill méi Detailer, Beispiller an Exercicë bidden. Méi

Informatiounen dozou kritt Dir an ärem Bicherbuttek.

FRÜHLING

Sudoku