aktiv am liewen - Luxsenior.lu
aktiv am liewen - Luxsenior.lu
aktiv am liewen - Luxsenior.lu
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
Wéi gutt kënnt Dir LËTZEBUERGESCH schreiwen?

Vill Leit schreiwen net gär Lëtzebuergesch, well si

fäerten, se géifen ze vill Feeler maachen. Wann ee

sech awer un e puer Regelen hält, ass eis Sprooch

guer net esou schwéier.

Mir präsentéieren Iech vun elo un an all Ausgab e

kuerzen Text op Lëtzebuergesch, an dee sech e puer

Feeler ageschlach hunn.

› Liest dës flott Kuerzgeschicht vum Emil Angel.

› Kuckt Iech déi ënnerstrache Wierder genee un:

an deenen 10 Wierder si 4 Feeler!

› Erkennt Dir dës Feeler a wësst Dir wéi d’Wierder

richteg geschriwwe ginn?

› D’Opléisung fannt Dir op der Säit: 78

Vill Spaass!

Sudoku

Meng Cousine Jackel

Hatt hat knapps Zäit, fir mer op der vischter Dier

Moien ze soen. „Komm mat an d’Kichen! Ech muss

der eppes weisen.“ An direkt op d’Fënster lass!

„Kuck emol!“ An du fänkt et un ze laachen, datt et

sech huet missen d’Säiten halen.

„Wat ass dann nëmme lass?“ Ech hu mam beschte

Wëlle vun der Welt net verstanen, wat do sollt esou

lëschteg sinn.

„Ma da kuck, am Park dohannen!“ Virun der Fënster

louch säi klenge Gaart, hanne widdert dem Droot

stoung en décken Nëssert, an direkt duerno koum

de Park, wou d’Leit spadséiere gaange sinn.

Um Wee ënnert dem Nëssert stoung e Mann. En

huet sech gebéckt, eppes aus dem Gras opgehuewen,

et bekuckt, sech erëm gebéckt, mam Fouss geschäert,

erëm eppes opgeraft …

„Déi Nëss kënnen dach nach net richteg zeideg

sinn“, hunn ech mech gewonnert. Mer waren eréischt

am August.

„Dach, déi do sinn zeideg!“ D’Jackel huet sech gediebelt

vu Laachen.

De Mann stoung elo riicht do an huet zimlech topeg

an de Bam eropgekuckt. Du rëselt en de Kapp a

geet senger Wee.

„Dat do ass schonn deen drëtte fir de Mueren!“,

huet d’Cousine Kreesch gedoen.

„Ech kommen nach ëmmer net no!“ Ech muss grad

esou toopeg dragekuckt hunn ewéi de Mann am

Park dobaussen.

„Ech hunn e puer Gräpp Afennëss ënnert de Bam

gehäit“, sot d’Jackel. „Ech kënnt mech kapott

laachen, wa se stoe bleiwen an op eemol d’Welt net

méi verstinn.“

„O Jackel, wéini gëss du verstänneg?“

„Muss ech dat?“

Hatt huet der elo siwwenzeg.

(aus: Vun Hippches op Haapches, Emil Angel, Verlag S.M.O., 2010)

Rätsel 41