aktiv am liewen - Luxsenior.lu

aktiv am liewen - Luxsenior.lu aktiv am liewen - Luxsenior.lu

28.10.2013 Aufrufe

40 Rätsel ... was verbirgt sich hinter diesem Rätsel? › Die Auflösung finden Sie auf Seite 78

Wéi gutt kënnt Dir LËTZEBUERGESCH schreiwen? Vill Leit schreiwen net gär Lëtzebuergesch, well si fäerten, se géifen ze vill Feeler maachen. Wann ee sech awer un e puer Regelen hält, ass eis Sprooch guer net esou schwéier. Mir präsentéieren Iech vun elo un an all Ausgab e kuerzen Text op Lëtzebuergesch, an dee sech e puer Feeler ageschlach hunn. › Liest dës flott Kuerzgeschicht vum Emil Angel. › Kuckt Iech déi ënnerstrache Wierder genee un: an deenen 10 Wierder si 4 Feeler! › Erkennt Dir dës Feeler a wësst Dir wéi d’Wierder richteg geschriwwe ginn? › D’Opléisung fannt Dir op der Säit: 78 Vill Spaass! Sudoku Meng Cousine Jackel Hatt hat knapps Zäit, fir mer op der vischter Dier Moien ze soen. „Komm mat an d’Kichen! Ech muss der eppes weisen.“ An direkt op d’Fënster lass! „Kuck emol!“ An du fänkt et un ze laachen, datt et sech huet missen d’Säiten halen. „Wat ass dann nëmme lass?“ Ech hu mam beschte Wëlle vun der Welt net verstanen, wat do sollt esou lëschteg sinn. „Ma da kuck, am Park dohannen!“ Virun der Fënster louch säi klenge Gaart, hanne widdert dem Droot stoung en décken Nëssert, an direkt duerno koum de Park, wou d’Leit spadséiere gaange sinn. Um Wee ënnert dem Nëssert stoung e Mann. En huet sech gebéckt, eppes aus dem Gras opgehuewen, et bekuckt, sech erëm gebéckt, mam Fouss geschäert, erëm eppes opgeraft … „Déi Nëss kënnen dach nach net richteg zeideg sinn“, hunn ech mech gewonnert. Mer waren eréischt am August. „Dach, déi do sinn zeideg!“ D’Jackel huet sech gediebelt vu Laachen. De Mann stoung elo riicht do an huet zimlech topeg an de Bam eropgekuckt. Du rëselt en de Kapp a geet senger Wee. „Dat do ass schonn deen drëtte fir de Mueren!“, huet d’Cousine Kreesch gedoen. „Ech kommen nach ëmmer net no!“ Ech muss grad esou toopeg dragekuckt hunn ewéi de Mann am Park dobaussen. „Ech hunn e puer Gräpp Afennëss ënnert de Bam gehäit“, sot d’Jackel. „Ech kënnt mech kapott laachen, wa se stoe bleiwen an op eemol d’Welt net méi verstinn.“ „O Jackel, wéini gëss du verstänneg?“ „Muss ech dat?“ Hatt huet der elo siwwenzeg. (aus: Vun Hippches op Haapches, Emil Angel, Verlag S.M.O., 2010) Rätsel 41

40<br />

Rätsel<br />

... was verbirgt sich hinter diesem Rätsel?<br />

› Die Auflösung finden Sie auf Seite 78

Hurra! Ihre Datei wurde hochgeladen und ist bereit für die Veröffentlichung.

Erfolgreich gespeichert!

Leider ist etwas schief gelaufen!