aktiv am liewen - Luxsenior.lu
aktiv am liewen - Luxsenior.lu
aktiv am liewen - Luxsenior.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Mir spueren

Wat ass een op dëser Welt geplot,

ëmmer feelt et u Geld am Stot.

Wann ee mengt et hätt een d’Pensioun an der Täsch,

schwëmmt se fort ewéi e Fësch!

Huet een e puer Euro am Haus,

gëtt ee se den aneren Dag erëm aus.

D’Rechnunge leien op Kéip am Haus,

wéi hält een dat bis zum Eischten aus?

D’Kanner hunn och nach ëmmer e Wonsch bei Hand,

si brauche jo sou allerhand.

Wa mir gesond sinn, an hunn nach en Euro rescht,

eist lescht Hiem huet souwisou keng Täsch!

Mina Becker-Weiten

Roude Buedem! Du net vergiess

Roude Buedem! Du net vergiess!

Roude Buedem! Du weiderliefs!

Roude Buedem, un deem „mär“ hänken,

aus eisem Liewen! net ewech ze denken.

Dee Wee, deen eise Papp, an deem säi Papp, scho gaang

duerch däischter Nuecht, Kuuscht ënnert dem Aarm.

Kabidsluucht, hiert eenzegt Liicht,

duerch Gäng, laanscht Mauren a Buedem, ëmmer fiicht.

Häerzoder, kräischt, well keng Sonn!

Roude Buedem lieft, well net stomm!

Wou gehummert, geklappt bis spéit an d’Nuecht.

Roude Buedem, du Gold „Eis“ bruecht.

Roude Buedem, komm zur Rou.

Roude Buedem, deng Wonnen heelen zou.

Roude Buedem, erhuel dech, lo am déiwe Schlof.

Deng „Häerzoder“ rappt an honnert Joer, nach keen of!

J.G.

Von Lesern für Leser

13