N°95 2/2011 - Musée national d'histoire naturelle
N°95 2/2011 - Musée national d'histoire naturelle
N°95 2/2011 - Musée national d'histoire naturelle
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
4

D’radioaktiv Stralung kann een net

gesinn, net richen an net schmaachen,

trotzdem hu mir all Dag mat hir ze dinn.

An der Loft, am Waasser, am Buedem,

iwwerall si radioaktiv Deelercher

enthalen, normalerweis awer nëmme

ganz wéineg. Och beim Fléien am Fliger

kritt een e bëssche radioaktiv Stralung of.

Och beim Fernseh. Sou kleng Quantitéite

kann eise Kierper awer gutt verkraften an

dat ass guer nët schlëmm. Vill dovunner

kann awer geféierlech ginn.

Text: Monique Kirsch

Stralung aus

Atomkraaftwierker.

Wann an Atomkraaftwierker

Stroum produzéiert gëtt,

entsteet radioaktiv Stralung.

Och dës ass am Normalfall

net geféierlëch, well

kaum eppes dovunner an

d’Ëmwelt kënnt. Wann en

Akzident an engem

Atomkraaftwierk

geschitt, kann

et sinn, datt zevill

Radioaktivitéit an

d’Ëmwelt kënnt.

Radioaktiv Stralen entstinn,

wann Atomkäeren zerfalen.

Alles, wat et op der Äerd gëtt,

besteet aus Atomen. En Atom ass esou

kleng, datt een e mol net ënnert dem Mikroskop

gesäit. An all Atom ass och en Atomkär dran.

R a dioa ktiviteit

Et ginn 3 Zorte vu radioaktiver Stralung,

déi ënnerschiddlech wierken:

Alpha-, Beta-, a Gammastralen

a lpha

D‘Alphastralen erreeche jhust déi

ierwescht Schicht vun der Haut.

beta

D’Betastralen drénge méi déif an

de Kierper, si kënne souguer d’Haut

verbrennen. De Mënsch ka sech iwwert

speziell Kleedung schützen, wann

d‘Betastralen awer iwwert d’Iessen direkt

an de Kierper kommen, si si geféierlech.

g a mma

D’Gammastrale sinn ëmmer

geféierlech, egal ob se vu baussen

oder duerch d’Iessen an de Kierper

kommen. Si kënnen de ganze Kierper

duerchdréngen a schwéier Krankheeten

ausléisen. (z.B. Kriibs) Géint dës Zort vu

Stralung kann ee sech net schützen.

De Panewippchen 2/2011