N°95 2/2011 - Musée national d'histoire naturelle
N°95 2/2011 - Musée national d'histoire naturelle
N°95 2/2011 - Musée national d'histoire naturelle
Erfolgreiche ePaper selbst erstellen
Machen Sie aus Ihren PDF Publikationen ein blätterbares Flipbook mit unserer einzigartigen Google optimierten e-Paper Software.
D’Irene wollt beweisen, datt och

Papageie ganz intelligent Déiere

sinn. Mä am Ufank ass d’Irene ganz

dacks ausgelaacht ginn, well déi

aner Fuerscher gemengt hu just Afen

an Delfine wiere gescheit a Vulle

wieren domm wéi Stréi. Si hu behaapt:

“Papageie schwätze just dat no, wat si

dacks genuch héieren”. D’Irene huet

sech awer net decouragéiere gelooss

an hatt huet ugefaang mam Alex ze

léieren. Den Alex war ganz intelligent

an hien huet säi ganzt Liewe laang nei

Saache geléiert.

Foto: L. Miguel

Bugallo Sànchez

Mä den Alex huet awer just

matgeschafft, wann hie Loscht hat.

Wann d’Irene zum Beispill an de Labo

komm ass an hatt huet dem Alex net

direkt Moie gesot, dann huet hien de

ganzen Dag gemotzt.

Oder wann hien eppes wollt an huet et

net kritt, da war och guer näischt mat

him unzefänken.

Fir déi, déi wëlle

méi iwwert den Alex

gewuer ginn:

20

Text: Claude Heidt

Alex Superpapagei

Iwwersat:

Ech wëll eng Noss!

Ech wëll eng Noss!

Nnn - oo - ssss

Am Joer 1977 huet déi amerikanesch Wëssenschaftlerin Irene Pepperberg e

jonke Gro-Papagei kaaft, den Alex.

Gro-Papageie liewen normalerweis an den tropesche Reebëscher an

Zentralafrika a si iesse Friichten, Nëss, Bléien a Knospen. Mä an Amerika an

och an Europa gi Gro-Papageie geziicht, well si ganz gutt schwätze kënnen.

Hie konnt

7 Fa a r w e n (gréng, blo, giel, orange, …) ënnerscheed en,

5 0 S a a c h e n erkennen (Pabeier, Holz, Schlëssel, Noss, …),

7 Fo r m e n erkennen (dräieckeg, ronn, …),

heen huet 1 50 W i e d e r kannt

a konnt och bis 8 re c h n e n .

Dat ass ganz

erstaunlech, well dem

Alex säi Gehir ass just

esou grouss wéi eng

Déck Noss.

Esou net!

Muss ech der

et lo och nach

bustawéieren?

Want a nut!

Want a nut!

Nnn - uh - tuh!

Et deet mer leed!

E gudde Beweis fir dem Alex seng

Intelligenz ass dës Geschicht: D’Irene

hat eng Kéier e wichtegen Artikel am

Labo beim Alex leie gelooss. Den Alex

huet dat ganz interessant fonnt an hien

huet Stécker Pabeier vun de Blieder

erofgerappt fir se ze knätschen. Wéi

d’Irene zréck an de Labo komm ass,

huet hatt sech opgereegt, mä den Alex

huet just gemengt: «Et deet mir Leed».

Dobäi hat d’Irene him déi Wierder ni

bäibruecht. Den Alex muss dat e puer

Mol héieren hunn, wou Leit sech fir e

Feeler entschëllegt hunn a gemierkt

hunn, datt een no dëse Wierder net méi

vernannt gëtt.

Den Alex ass mat 31 Joer gestuerwen.

Seng lescht Wierder un d’Irene waren:

«Du bass gutt.

Ech si frou mat

Dir».

Foto: Michael

Gwyther-Jones

Duerch dem Irene seng Aarbechte mam

Alex zweifelt haut kee méi drun, datt och

Vullen (wéi Papageien, Kueben) ganz

intelligent sinn.

De Panewippchen 2/2011