Tél. 26 33 64-1 - Luxsenior.lu
Tél. 26 33 64-1 - Luxsenior.lu
Tél. 26 33 64-1 - Luxsenior.lu
Sie wollen auch ein ePaper? Erhöhen Sie die Reichweite Ihrer Titel.
YUMPU macht aus Druck-PDFs automatisch weboptimierte ePaper, die Google liebt.
Léif Memberen vun der ASBL Uelzechtdall

Zu Biissen wunnen 2878 Leit, dovun hunn 1/4 iwwer 50 Joer. Hir Interêten

sinn e bëssen anescht, wéi déi vun deene méi Jonken. Duerfir sinn ech als

Buergermeeschter frou, dass net nëmmen d’Gemeng dorop uecht deet hire

Besoine gerecht ze ginn. Sou hu mir zu Biissen déi äifreg Equipe vun der

A.G.E.P, déi d’Relève vun der Amiperas iwwerholl huet. Si bitt den eelere

Biisser Leit eng Réi Aktivitéiten un an erlaabt et hinnen, bei Kaffi a Kuch

regelméisseg zesummen ze kommen. Och d’Kommissioun vum 3ten Alter

ass ganz engagéiert, an organiséiert iwwert d’Joer verschidden Ausflich

an aner Aktivitéiten. Si ass och d’Initiatorin vun eiser Iess-Stuff, an där

déi eeler Leit all zweeten Donneschdeg (ausser an de Vakanzen) zesummen

iesse kennen.

Wa Biissen elo dem Club Uelzechtdall bäitrëtt, da well an der Vergaangenheet

schon eng Rei Leit vu Biissen déi breet Offer vun der Associatioun

genotzt hunn. Selbstverständlech mecht dëse Bäitrëtt och fir all déi

aner Leit d’Offer méi grouss, zemools, wa si bis ewell nach net driwwer

informéiert waren.

Als Buergermeeschter vu Biissen hoffen ech natierlech, dass an der

d’Zukunft déi eng oder aner Aktivitéit vum Club Uelzechtdall bei eiser

Gemeng proposéiert gëtt. Ma ech sinn iwwerzeegt, dass dee ganze Programm

positiv vun de Biisser Leit opgeholl, a mat Freed ugeholl gëtt.

Ech wënschen de Responsabelen an alle Bedeelegte vum Club Uelzechtdall

weider vill Erfolleg, dëst am Interêt vun all den eelere Leit, déi an

de Gemenge wunnen, déi dës Initiativ ënnerstëtzen.

Aly Bauer

Buergermeeschter vun der Gemeng Biissen

5